Chou-fleurs an enger wäisser Zooss, klassisch an bei villen Sonndesässen ëmmer jiären zerwéiert. Et ass näist spektakuläres an äwer, drigt et ganz vill Geschicht an sech. Hanwiärik, Erënnerungen an eng ruhig Zefriddenheet, déi nëmmen die einfasch Saaschen an sech droen, wann se goud gemaat sen.
Datt Ganzt fänkt net rischt beim Kooschendëppen aan, et fänkt well aan, wanns du de Chou-fleurs keefs. Deen Moment wann een deen festen, schwéiren Kapp an den Hänn hällt. D’Ruusen fest zou, datt Gréint na frësch an knackig. Do weess een well. Datt jiët jiät Goudes.

De Bleck zereck
Chou-fleurs wie mir en hokt kennen, hat eng lang Réis hanner aan sech. Ursprünglich kënnt de Chou-fleurs aus dem Mëttelmiärraum, et jiët aangeholt aus den Regiounen ronn ëm Zypern an Italien. Well am 16ten Joerhonnert ass en an Europa kultivéiert jiän, firtischt äwer fir die „besser“ Gesellschaft. Fein, zaart, onkomplizéiert aanzebauen an keent robust Baurenässen wie Kappes oder Navet’en.
Paralell dozou hat sech an Frankräich eng Këchen entweckelt, déi bis hokt eist Verständnis van „klassischen Zoossen“ prägt. D’Béchamelzooss, dës einfasch Mëschung aus Botter, Miähl an Mëlich hat sech am 17ten Joerhonnert entweckelt an ass ëmmer wegder verfeinert jiän. Sie ass eng van den Grondzoossen an bal wie Grammatik an der fransiischer Këchen. Ween sie beherrscht, kann onendlich variéiren.
Genau hei träffen sech dës 2 Welten, datt fein an zaart Geméiss an eng strukturéiert, hanwiärklich Zoossenkultur.

An menger Këchen
Vill Virbereedung jiët et net. Vam Chou-fleurs schnegden ech die gréin Bläder raaf, du kanns de Kapp an Ruusen zerdeelen oder en ganz loossen.
Ech bereeden mir ëmmer firtischt de Roux vir, dofir erhëtzen ech, op mëttel Hëtzt, Botter an engem waarmen Dëppen, subal deen aafänkt liit ze spruddelen mëschen ech d’Miähl drënner, datt vermëschen ech goud an loossen et su lang, an ënner stänigem réiren, brooden bis deen miähligen Geroosch verschwonnen ass (2 bis 3 Min.). Oppassen, de Roux soll keng Faaref aanhualen. Deen setzen ech dann op Segt fir datt en aafkéilen kann.
Am kooschenden Salzwaasser kooschen ech den Chou-fleurs bis en baal mëll ass, en soll na bëssen Biss behalen ongeféier 7 bis 10 Min.
Zur gläicher Zekt erhëtzen ech an enger Casserole op nidriger bis mëttel Hëtzt Mëlich. Hei ass natiirlich opzpassen datt Mëlich net verbrennt.
Ass de Chou-fleurs mëll hualen ech mat engem Schaumläffel aus dem Waasser, leen en op eng Sei an loossen en aafdrëpsen.
Dëppen mam aafgekéilten Roux setzen ech zereck op Plaque an schëdden d’Mëlich an van deem waarmen Chou-fleurs-Waasser drop. Ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen.
Ech wees hei jiän et verschidden Methouden Zooss zouzebreeden, ech han geliiert, datt op kaalen Roux die waarem Flëssigkeet geschott jiët oder ëmgedrigt, waarmen Roux an kaal Flëssigkeet. Ausserdeem han ech geliiert, datt d’Flëssigkeet direkt all drop geschott jiët an net an Etappen. Bei mir hat datt su ëmmer fonktionéiert.
D’Hëtzt driien ech dann raaf, an loossen Zooss eng halef Stonn auskooschen. Ëmmer mol rem dran réiren an mat Salz, Cayennepäffer an bëssen Muskot op den Punkt würzen.
D’Zooss soll 20 bis 30 Min. op niddriger Hëtzt zéihen, dobäi heinsdo mol dran réiren. Firwatt lungt des Zekt sech? D’Miähl verléiert komplett sein „riihen“ Goût. D’Bindung jiët mi stabil an mi fein. Sämtlich Aromen verbannen sech mateneen. D’Zooss krëtt een däitlichen ronnen Goût. Jiët Zooss während dem auskooschen ze deck, einfasch mat bëssen Chou-fleurs-Waasser oder Mëlich längen. Sie soll zum Schluss crèmig fléissend sen.
De Chou-fleurs leen ech zereck an d’Zooss, erhëtzen en an zervéiren en dann bei mengem Menü. En kann o na mat enger Sprutz Zitrounensaaft aafgeschmaascht jiän. Fir Garnitur streien ech na bëssen Péiterslich drënner.
Een deen wëll kann de Chou-fleurs kuurz am Botter schwenken, dann op Telleren verdeelen an Zooss driwer schëdden. Datt jiän fein nossig Nuancen an een schingen Kontrast zur crèmiger Zooss.
D’Mëschung aus Mëlich an Chou-fleurs-Waasser mëcht Zooss mi liit an mi aromatisch. Ech notzen datt watt während dem Kooschen entsteht, een einfaschen Handgrëff, deen vill bewirkt. Et ass eent Ässen datt net van Raffinesse liäft, mee van Opmiäriksamkeet

Fazit
Chou-fleurs an enger wäisser Zooss ass eent Goud Beispill, datt Genoss ganz einfasch kann sen. Datt näist van exotischen Zutaten oder komplizéiert Techniken aafhänkt. Stehs du bei dengem Dëppen an réihers, du probéiers ass datt wahrschienlich genau datt watt dëst Ässen brausch. Keen Kaméidi. Keen Drock. Nëmmen datt ruhigt schaffen , bei deem sech Schratt fir Schraff alles zesaammen fügt. Eent Ässen datt eis do dran erënnert, firwatt mir iwerhaupt kooschen.
Chou-fleurs, klasssich an enger wäisser Zooss
4
Portionen30
Minuten40
MinutenZutaten
30 g Botter
30 g Miähl
1 Chou-fleurs
250 ml Mëlich
250 ml Chou-fleurs-Waasser
Salz
Cayennepäffer
Muskot
Optional: bëssen Zitrounensaaft
Garnitur: gehackten Péitersilich
Zoubereedung
- Virbereedung
- An engem waarmen Dëppen loossen ech op mëttel Hëtzt de Botter schmëlzen, wann en aafänkt liit ze spruddelen, réiren ech d’Miähl drënner. Ënner stännigem réiren loossen ech de roux 2 bis 3 Min. brooden, su datt deen „riien“ miähligen Geroosch verschwënnt, ech passen äwer do drop op, datt en keng Faaref aanhëllt. Aafkéihlen loossen.
- Vam Chou-fleurs schnegden ech doe gréin Bläder raaf, en kann dann an die eenzel Ruusen zerdeelt jiän, en kann äwer o ganz geloss jiän. Grëndlich wäschen.
- Kooschen
- Am kooschenden Salzwaasser kooschen ech de Chou-fleurs fir ongeféier 7 bis 10 Min. en soll na Biss han.
- Zur gläicher Zekt setzen ech eng Casserole mat der Mëlich op, an erhëtzen déi. Drii d’Feier net ze hii, Mëlich verbrennt siier.
- Mat engem Schaumläffel hualen ech de Chou-fleurs aus dem Waasser an leen en op eng Sei.
- De Roux setzen ech zereck op Plaque an schëdden d’Mëlich an Chou-fleurs-Waasser drop, ënner stänniem réiren loossen ech Zooss opkooschen.
- Als nächst driien ech d’Hëtzt raaf, an loossen Zooss op niddriger Hëtzt ongeféier 30 Min. auskooschen. Dobäi ëmmer mol rëm dran réihren an op de Punkt würzen. Jiët Zooss ze deckflëssig während dëser Zekt, mat bëssen Chou-fleurs-Waasser oder Mëlich längen.
- De Chou-fleurs zereck an Zooss leen an erhëtzen, mat enger Sprutz Zitrounensaaft aafschmaaschen an mat gehacktem Péitersilich garnéiert zerwéiren.