Choufleurzopp klengt fad an langweilig, watt jëtt et besseres bei kaalem naassen Wiäder wie eng goud Choufleurzopp die van bannen wiäremt. Ech erënnere mech, datt ech mat Frënn ënnerweech wor, an et wor wirklich kaal, an mir han Owes eng goud Choufleurzopp krii. Sie hat net nëmmen van bannen gewiäremt, mais o su rischtich satt gemaat. No engem ganzen Daag an där frëscher kaaler Wanterloft wor een dono färdeg fir ant Bett.
De Choufleur as wie eng wäiss Läinwand, durich sein mëllen Geschmaasch, kann een en würzen wie een wëll, an en as eng super Grondlaag fir die verschiddenst Kreatiounen.
Virbereedungszéckt: 20 Min.
Kooschzéckt: 50 Min.
Fir ongeféier 3 L brauchst du?
- 1 kg zerklengerten Choufleur
- 350 g an graff Würfel geschnidden Gromperen
- 2 L Geméiss- oder Fleeschbréit
- 250 ml Mëllich
- Peffer & Salz
zousätzlich brauchst du een Püréierstaaf an eng Passette.
Wie jëtt gekooscht?
De Choufleur an d’Gromperen 1 L Bréit ongeféier an 30-40 Min. mëll kooschen. Püréiren an durich eng Passette sträichen.
De Rest van der Bréit drop schëdden an na eng kéier opkooschen loossen.
Mëllich ënnerréiren, schmaaschen evtl. noowürzen.
Deem aalen Rezept no as Choufleurzopp nëmmen mat Mëllich gekooscht jiänn. Wanns du datt su propéiren wëlls einfasch Bréit durich Mëllich ersetzen.
Garnitur: bëssen gehackten Kiärwel
Choufleur-Velouté-Zopp
Fir ongeféier 3 L brauchst du?
Fir den Velouté:
- 1,5 L kooschend Geméissbréit oder Fleeschbréit
- 50 g Botter
- 60 g Miähl
- Peffer & Salz
Fir Zopp:
- 500 g Choufleur
- 1 L Velouté
- 300 ml Geméissbréit
- Peffer & Salz
- 200 ml Rahm
- 4 Eijiäll
zousätzlich brauchst du een Püréierstaff an eng Passette.
Wie jëtt gekooscht?
Fir den Velouté:
Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Miähl ënnerréiren an su en helle Roux kooschen. Hëtzt net ze hii driien, soss kann et passéiren datt Zopp net richtisch bënnt. Ongeféier 5 Min. ausschweessen subal den Goût vam riien Miähl fort as, as den Roux färdeg. Aafkéilen loossen.
Die kooschend Bréit op deen kaalen Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an de Velouté 25-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen. Durich Passette schëdden.
Du kanns den Velouté natiirlech o mam Kooschwaasser vam Choufleur maan.
Fir Zopp:
De Choulfeur an Ruusen zerdeelen, an am Salz-Zitrounen-Waasser mëll kooschen.
De Choufleur aafschëdden an bëssen vam Kooschwaasser halen. Een Deel van den Choufleurruusen haalen fir hanneno als Garnitur an Zopp. De Choufleur mam Püréierstaaf püréiren, bëssen vam Kooschwaasser mat dran schëdden. De Pürée kann mi flëssig sen.
Velouté mat 500 ml Choufleurpürée an dem Bréit opkooschen loossen. Schmaaschen, evtl. noowürzen.
Rahm mam Eijäll goud vermëschen an ant Zopp schëdden. Ënner stännigem réiren wiärmen, an subaal Zopp aanfänkt mat bannen. Zopp durich eng Passett sträichen. Hëtzt raaf driien. Garnitur an der Zopp wiärmen.
Choufleur-Rahm-Zopp
Fir ongeféier 3 L brauchst du?
Fir Béchamel:
- 50 g Botter
- 60 g Miähl
- 1,5 L kooschend Mëlich
- Peffer & Salz
Fir Zopp:
- 500 ml Choufleurpüréé
- 1,5 L Béchamel
- 600 ml Geméiss- oder Fleeschbréit
- 200 ml Rahm
- Salz & Peffer
- Garnitur: kleng Choufleurruusen
zousätzlich brauhst du een Püréierstaaf an eng Passette.
Wie jëtt gekooscht?
Fir Béchamel:
Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Miähl ënnerréiren an su en helle Roux kooschen. Hëtzt net ze hii driien, soss kann et passéiren datt Zopp net richtisch bënnt. Ongeféier 5 Min. ausschweessen subal den Goût vam riien Miähl fort as, as den Roux färdeg. Aafkéilen loossen.
Die kooschend Mëlich op deen kaalen Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an d’Béchamel 25-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen. Durich Passette schëdden.
Fir Zopp:
De Choufleurpürée su zoubereeden wie et bei der Veloutézopp beschriwen as. Denk draan een Deel van den Ruusen fir Garnitur ze haalen.
Béchamel mam Choufleurpüréé an der Bréit opkooschen loossen. Schmaachen evtl. noowürzen. Durich eng Passette sträichen.
Rahm ënnerréiren. Hëtzt raaf driien an Garnitur an der Zopp wiärmen.
Anner Zoubereedungen:
Wëlls du lo bëssen mi een nossigen Geschmaasch kanns du de Choufleur am waarme Schiäffchen bëssen réisteren. An als Topping kanns du Röstzwibbelen driwer streien.
Du kanns z.B. zousätzlich Poretten oder/an Kooscheln als Garnitur mat dran maan.
Op mengem Bild as gedrëchenten an am Olivenualeg angeleiten Paprika mat dran.
De Choufleur krëss du datt ganz Joer iwer ze koofen, pass bëssen op watt fir eent Geméiss graad Saison hat. Z.B. am Hiärest mat bëssen Fenchel. Oder du mëschs een Topping aus krupseg gebroodenem Speck an bëssen geraspelten Parmesan.
Su langweilig an fad as déi Zopp net, der Fanatsie se baal keng Grenzen gesatt, fir aus engem einfaschen Teller Zopp bëssen Show ze zauberen.