Een Eintopf mat Geschicht – Pot-au-feu!

Pot-au-feu, dësem Klassiker aus der fransiischer Këchen, ass datt perfekt Beispill fir Slow-cooking an senger schingster Form. Einfasch Zutaten, déi durich stonnenlang Kooschen zu engem aromatischen Meesterwiärik verschmëlzen. Hokt beschreiwen ech dir, wie ech dësen traditionellen Eintopf kooschen.

Watt mëcht Pot-au-feu su köstlich?

Pot-au-feu ass fir mëch pur Nostalgie, et ass eent Ässen datt an den Erënnerungen verschwënt well keen sech mi Zékt well hualen se ze kooschen. Dobäi jiët et bal näist besseres, wie den Doft van gemellig gekooschtem oder geschmoortem Randfleesch. Wann om Dësch köstlich dämpend Telleren stinn, déi engem d’Waasser am Mond zesaammen loofen lisst. Dëst Ässen, ass datt Comfort-Food an dobäi su simple an der Zoubereedung, genau datt rischtigt fir gemütlich Owender mat Familjen an Frënn.

Zutaten an Zoubereedung

  • D’Ënnen halbéiren ech.
  • Gromperen schiälen ech an schnégden se an deck Scheiwen, déi setzen ech mat kaale, Waasser op an kooschen se omgeféier 10 Min. sie brauschen na net ganz durich mëll ze sen.
  • Muurten schiälen ech an schnégden se an Stäbercher.
  • Porette halbéiren ech längs, wäschen se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, dann schnégden ech se an Halefronselen.
  • Navet, schälen ech an schnégden se je no déckt an véirel oder aaschtel.
  • Ziiwen Knuawelek, déi schiälen ech an halbéiren se.
  • Macreuse de boeuf an Würfel geschnidden an Jarret lossen ech ganz.

An enger waarmer Pann brooden ech d’Ënnen bis se sching brong sen an goud rauschen.

Zur gläicher Zékt erhëtzen ech an engem gruussen Dëppen bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch an d’Jarret do dran kärfitg aan. Als nächst schëdden ech d’Waasser drop an leen d’Ënnen, den Knuawelek, den Thymian, d’Lorbeerbläder an datt grafft Salz mat dran. Datt loossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen datt Ganzt op niddriger Hëtzt oongeféier eng bis annerhalef Stonn kooschen.

Dann leen ech datt ganzt Geméiss dran an loossen na eng kéier alles 1,5 nis 2 Stonnen kooschen, et hängt ëmmer dofaan wie deck datts du dengt Geméiss geschnidden has.

Zum Schluss schmaaschen ech mein Eintopf an würzen evtl. na mat Salz no an Päfferen en.

Tipps aus menger Këchen

  • Net ze starik kooschen, gemelligt Kooschen suarigt fir zaart Fleesch an eng kloer Bréit.
  • Die geréiestert Ënnen jiän der Bréit eng sching Faaref an een besseren Goût.
  • Deen Rest Bréit haalen et ass eng perfekt Basis fir Zoppen oder Zoossen.
  • Vam Rest Fleesch an Geméiss kanns du fein hacken oder püréiren an Bouletten maan oder eng Fëllung fir z.B. Ravioli.

Een Eintopf mat Geschicht – Pot-au-feu!

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

6

Portiounen
Kooschzèkt

2,5-3

Stonnen

Zutaten

  • 1 kg Macreuse de Boeuf, an Würfel geschnidden

  • 1-2 Randsjarret

  • 2 Ënnen, halbéiert

  • 5-6 Gromperen, geschiält, an deck Scheiwen geschnidden

  • 3 Muurten, an Stäbercher geschnidden

  • 3 Navet, geschiält an je no griisst, an véirel oder aaschtel geschnidden

  • 3-4 Ziiwen Knuawelek, geschiält an halbéiert

  • 3 Thymianäst

  • 2 Lorbeerbläder

  • grafft Salz

  • 3 L Waasser

  • Päffer

Zoubereedung

  • An engem waarmen, gruussen Dëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch do dran kräftig aan.
  • Iwerdeems erhëtzen ech eng Pann an brooden do dran d’Ënnen mat der geschniddener Ségt no ënnen aan, bis se brong sen an goud rauschen.
  • Als nächst schëdden ech d’Waasser drop an leen d’Ënnen, den Knuawelek, den Thymian, d’Lorbeerbläder an datt grafft Salz mat dran. Datt loossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen datt Ganzt op niddriger Hëtzt oongeféier eng bis annerhalef Stonn kooschen.
  • Dann leen ech datt ganzt Geméiss dran an loossen na eng kéier alles 1,5 nis 2 Stonnen kooschen, et hängt ëmmer dofaan wie deck datts du dengt Geméiss geschnidden has.
  • Zum Schluss schmaaschen ech mein Eintopf an würzen evtl. na mat Salz no an Päfferen en.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*