Een würzigen Klassiker: Chili con Carne!

Chili con Carne ass eent weltbekannt Ässen, datt mat sengem würzigen Aroma begeestert. Den Ursprong reecht zeréck bis an 19te Joerhonnert, wu mexikanisch an texanisch Anflëss mateneen verschmolz sen. Während an Mexiko well verschidden Schmorässen mat Chili bekannt woren, ass den Chili con Carne wahrscheinlich van Siedler an Cowboy’s aus Texas geprägt jiän. Hogt jiän et vill verschidden Varianten, van scharef mat reecheraroma bis zu mëll mat vill Tomat. Egal op als Partysnack oder als deftig „Hausmannskost“, Chili con Carne ass ëmmer een genoss.

Chili con Carne ass su eent Ässen, datt no Abenteuer, no Lagerfeierromantik, no würziger Hëtzt an no puurer Gemütlichkeet schmëscht. Con Carne ass een Begrëff aus dem spanischen an bedeit „mat Fleesch“. An der Tex-Mex-Këchen jiän Ässen mat Gehacktes oder geschmortent Fleesch dachs als „con Carne“ bezeechent.

Watt mëcht een gouden Chili aus?

Een gouden Chili ass net nëmmen scharef, en vereent mi Aromen, datt séisst vam Paprika, d’Fruuchtigkeet van den Tomaten, die erdig Würzigkeet vam Cumin an deen waarmen Kick vam Chili. D’Bungen suarigen fir eng crèmig Konsistenz, d’Gehacktes brengt harzhaft Nuancen, an datt Best? den Daag drop schmëscht en na besser!

Zutaten an Zoubereedung

Fett fir ze brooden: die eng hualen Olivenualig, authentisch jiët den Chili äwer mat Randsfett oder Botterschmalz gemaat. De Botterschmalz erhëtzen ech op mëttel Hëtzt an enger waarmer Pann.

Do mëschen ech dann gehackten Ënnen drënner an brooden déi gemellig, bis se aafänken faaref ze kreien an goud rauschen. D’Ënnen sen Fundament fir Aroma, sie brengen eng séiss Würzigkeet an surarigen fir een gouden Goût. Während deem gemelligen brooden karameliséiert deen natiirlich enthaalenen Zocker deen wonnerbar mat deen aaneren Zutaten harmonéiert.

Als nächst mëschen ech Randsgehacktes drënner, driien Hëtzt bëssen rop an brooden datt su lang bis et durich gar ass an die ganz Flëssigkeet déi austrëtt verdonst ass. Würzen mat Salz an Päffer. D’Randfleesch hat een kräftigen Goût an bild d’Fundament van engem gouden Chili con Carne. Alternativ kanns du o gewürfelt Randfleesch hualen, fir su mi een rustikalen Chili ze kreien.

De Knuawelek suarigt fir eng aromatisch Schiäreft an verstiärikt den Umami-Goût vam Fleesch. Deen hacken ech fein an mëschen deen mat ënnert Fleesch.

Kleng gewürfelten rugd Paprika brengt eent mëllen, fruuchtig, séissen Aroma. En gläicht d’Säier van der Tomat aus an suarigt su fir eng angenehm Balance. Deen brooden ech su lang bis en mëll ass.

Dann mëschen ech Tomatenpürée, de Paprikapolwer, de Cumin, den Oregnao an den Chili drënner. Den Tomatenpürée verstiärikt den Goût van den Tomaten, durich aanréisteren entfaalt den Pürée sein vollen Potenzial. De Paprikapolwer brengt séisslich Nuancen an Faaref an d’Spill, ween et jiären mi intensiv hat kann o gereechert Paprikapolwer hualen. An de Cumin brengt deen typischen Tex-Mex Goût an jiët dem Chili con Carne sein onverwiässelbaren Charakter. Fir een liiten mediterrane Goût mëschen ech jiären Oregano drënner, eent Krogt datt wonnerbar mat den Tomaten an dem Fleesch harmonéiert. Fir dir rischtig Schiäreft suarigt natiirlich den Chili, du kanns hei frësch Chilischoten hualen déi’s du kleng hacks oder gedrëchent Chiliflocken.

TIPP aus menger Këchen: Falls du dir mam Chili onsëcher bass, fänk mat bëssen aan, loss den Chili bëssen zéien, schmaaschen an dann evtl. na bëssen Chili. Ech selwer ässen jiären würzig äwer net ze scharef et muss ëmmer na no allem schmaaschen watt dran ass.

Durich datt liit aanréisteren van deen verschiddene Gewürzer intensivéiert sech den Goût. Hei, ass äwer opzepassen d’Gewürzer verbennen siier, subal et aafänkt mat rauschen schëdden ech bëssen Randsbréit drop. Alternativ kanns du o bëssen Waasser hualen äwer d’Bréit brengt na zousätzlichen Goût. Déi lossen ech ongeféier bis op Halschent reduzéiren.

TIPP aus menger Këchen: Goud passt hei o Béier, Béier enthält Malz an Hopp, déi deen herzhaften Goût vam Gehacktes an den Gewürzer aafronnt. Ganz besonnig donkel Zorten Béier mat deem liit malzigen, karamelligen Goût, deen wonnerbar mat den Tomaten harmonéiert.

Dann mëschen ech den Pelati drënner, loossen Zooss opkooschen, schmaaschen an würzen evtl. na no. Die natiirlich Säier van den Tomaten suarigt fir Frëschheet, während de natiirlichen Fruuchtzocker den Chili harmoniséiert. Sie verbënnt alles an brengt eng sämig Konsistenz.

Optional jiët o jiären Maïs drënner gemëscht, de Maïs brengt een séissen Kontrast an eng liit knackig Textur. Et ass eng Zutat déi net an all Chili con Carne ass, äwer vill han den Kontrast zur Würzigkeet jiären. De Maïs schëdden ech aaf an wäschen en grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser.

Kidneybungen schëdden ech aaf, an wäschen se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, su datt Konservéirungsflëssigkeet ganz aafgewäsch ass. Kidneybungen brengen eng crèmig Textur an Proteine.

TIPP aus menger Këchen: Nodeems d’Bungen an de Maïs am Chili sen, na eng kéier opkooschen loossen. Mëchs du datt net kann et passéieren datt dir dein Chili iwert Nait sauer jiët. Bei mir ass datt well mi wie eng kéier virkommen, dofir erwähnen ech datt hei. Dono kann d’Hëtzt rëm raaf gedrigt jiän.

Die absolut Geheimzutat ass donkle Schokola, fir eng perfekt Balance. Dëst ass villäicht eng Zutat déi iwerrascht, mais den Chili schmëscht dodurich „ronn“. En balancéiert d’Saier van der Tomat aus an suarigt fir een dezenten liit batteren Goût. De Kakaoaandeel verstiärikt ausserdeem die erdig Nuancen vam Cumin. Alternativ kanns du o Kakaopolwer hualen. Deen mëschen ech zum Schluss drënner, lossen en schmëlzen an vermëschen alles goud mateneen

TIPP aus menger Këchen: Looss den Chili zéien, en schmëscht am besten wann en paar Stonnen durich gezujien ass, oder den Daag drop gewiäremt jiët.

Beilaagen

Bei mir ass et deen een Daag Räis dobäi jiän an deen annern Daag Knuaweleks-Kiiss-Baguette, dofir han ech eng Baguette an dënn Scheiwen geschnidden, Knuawelksbotter drop verdeelt an Scheiwen Edamer dozwëschen geleit, am waarmen Schiäffchen han ech déi bei 160°C su lang gebaasch bis den Kiiss schmëlzt.

Firwatt fonktionéiren dës Zutaten?

Een gouden Chili con Carne liäft vam Kontrast:

  • Scharef & séiss: durich Chili an Paprika.
  • Herzhaft & fruuchtig: durich d’Gehacktes an Tomaten.
  • Mëll & knackig: durich d’Bungen an den Maïs.

All Zutat spillt seng Roll, an zesaammen erjiänn sie een wonnerbaren harmonischen Aroma.

Varianten

  • Deen klassischen Chili con Carne aus Texas enthält keent Geméiss oder Bungen, nëmmen Fleesch, Chili an Gewürzer.
  • Die mexikanisch Variant jiët dachs mat frëschen Chilischoten, Maïs an schwarze Bungen zoubereet.
  • Mi eng liit variant ass mat Poulet, wäiss Bungen an gréinem Chili.

Fazit

Wanns du et hin krëss, koosch suvil datt’s du fir 2 Deeg genou has, du jiëss belount. Den Daag drop han d’Aromen sech perfekt verbonnen an den Chili schmësch dann na mi intensiv. Einfasch opwiärmen an genéissen.

Een würzigen Klassiker: Chili con Carne!

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portionen
Virbereedung

15

Minuten
Kooschen

40

Minuten

Zutaten

  • Botterschmalz fir ze brooden, alternativ Olivenualig

  • 2 Ënnen, gehackt

  • 500 g Randsgehacktes

  • Salz & schwarze Päffer

  • 3 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 1 rugd Paprika, gewürfelt

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 1 frësch Chilischot, entkärt an gehackt, alternativ 1 TL Chiliflocken

  • 1 TL Cumin (Kreuzkümmel)

  • 1 TL Paprikapolwer

  • 1 TL Oregano

  • 200 ml Bréit, Alternativ: donkle Béier

  • 400 g Pelati

  • 250 g Kidneybungen, goud aafgewäsch

  • Optional: 1 kleng Béchs Maïs, goud aafgewäsch

  • Geheimzutat: 10 g donkle Schokola, Alternativ 1 TL Kakaopolwer

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Ënnen, bis se aafänken Faaref ze kreien an goud rauschen.
  • Dann driien ech d’Hëtzt bëssen rop an mëschen d’Fleesch drënner, datt brooden ech su lang bis et durich gar ass, an d’Flëssigkeet déi austrëtt ganz verkooscht ass. Würzen mat Salz an Päffer
  • Als nächst mëschen ech den Knuawelek an de Paprika drënner an brooden alles su lang bis den Paprika mëll ass.
  • Lo mëschen ech den Tomatenpürée mat deen ganzen Gewürzer, frësch Chilischot an Krégder drënner, datt réisteren ech kuurz aan an läschen et mat der Bréit, alternativ: donkle Béier, oder Waasser aaf. Datt loossen ech ongeféier bis op d’Halschent ankooschen.
  • Dann schëdden ech den Pelati drop, lossen alles opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen den Chili ongeféier 20 Min. op niddriger Hëtzt kooschen. Schmaaschen an würzen evtl. na no.
  • Iwerdeems han ech Zéckt fir d’Bungen an den Maïs grëndlich ze wäschen. Déi mëschen ech dann drënner. Watt lo wischtig ass, den Chili na eng kéier opkooschen loossen.
  • Driien Hëtzt dann rëm raaf an mëschen den Schokola drënner.
  • Bei mir ass et deen een Daag Räis dobäi jiän an deen annern Daag Knuaweleks-Kiiss-Baguette, dofir han ech eng Baguette an dënn Scheiwen geschnidden, Knuawelksbotter drop verdeelt an Scheiwen Edamer dozwëschen geleit, am waarmen Schiäffchen han ech déi bei 160°C su lang gebaasch bis den Kiiss schmëlzt.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*