Eiertriwel mat Speck

Stell dir vir: een kéilen Muajien. D’Sonn kämpft sech graad iwert d’Hiwelen, de Räif glëtzert op de Wissen, an aus der Këchen deen herrlichen onverwiässelbaren Geroosch van Eier mat Speck. Knusperig, goldig, herzhaft. Fir vill ass et Kandheet, Heemischt, Gemütlichkeet om Teller. Äwer hannert dësem schéngbar einfaschen Ässen stëcht mi, wie een op deen ischten Bléck denkt. Eng lang Geschicht, kulturelle Entwécklung, modern Anflëss an Noohaltigkeet.

Vam Stall op den Dësch, eng kleng Zéktréis

Den Ursprong van der Eiertriwel verléiert sech bëssen am Niäwel van der Geschicht. Well an der Antik sen d’Eier an Pannen erhëtzt jiän an mat deen verschiddensten Zutaten kombinéiert jiän. D’Réimer woren do ganz bessonig kreativ, mat Mëlich, Hunnig an Gewürzer, baal een Dessert. De Speck ass rischt mi spéit dobäi kommen, wie d’Schwéng an Mëtteleuropa zum zentralen Notzdéier jiän ass. Speck wor lang Zékt nët nëmmen do fir den Goût ze droen, mee o een Kalrorienlieferant an eent Zeechen van Räichtum.

Populäir ass d’Kombinatioun, aus Eier an Speck, an Europe am 17ten an 18ten Joerhonnert jiän, besonnig an ländlichen Geegnenden. D’Eier woren verfügbar, de Speck konnt gesolpert a lang gelagert jiän, an d’Kombinatioun aus deen zwee hat die nigdig Energie geliwert fir een ganzen Daag om Feld ze schaffen. An England ass doraus datt brühmt „English Breakfast“ entstannen, datt sein Weesch iwert den Atlantik an d’USA fond, fir do endgültig zu enger Frühstücksikon ze jiän.

Vam Baurenfrühstück zum Lifestyleässen

Hokt ass d’Eiertriwel mat Speck net nëmmen mi jiät fir d’Frühstück. An hippen Café’en steht et op der Brunchkaart, dachs mat Avocado, Sauerdeegbrugt oder sugar Trüffelualig. An trotzdem bleift den Kär deen selwischten. Eier, Speck, Hëtzt, an d’Konst doraus jiät Wonnerbares ze maan.

Et hat sech allerdings bëssen verännert. Eng Zékt lang ass Quantiéit iwer Qualitéit jiangen, hokt besënnt een sech rëm mi op datt Ursprünglicht. D’Eier kommen van glécklichen Houhner. De Speck kënnt net mi aus enger gruusser Verpackung, mee van engem regionalen Metzler, déi na wossen wie een eent Schwéng rischtig verschafft, mat Respekt vriaam Déier an der Traditioun.

Zutaten mat Charakter, watt eeng goud Eiertriwel ausmëcht.

Watt mëcht eeng Eiertriwel mat Speck wirklich goud? Et sen Zutaten an Léift zum Detail.

1. Eier

D’Basis, sen frësch Eier, am besten regional, datt schmëscht een iwerigens. Eier van Houhner déi net nëmmen do sen fir Eier ze leen, han mi eng kräftig Faaref, een besseren Goût an mi eng fest Konsistenz. Meng Eier kommen van Heesdrëf, van glécklichen Houhner, déi na am Dreck schären duarefen. Eng Goldgrouff fir Qualitéit.

2. Speck

Hei scheeden sech d’Geester. Durichwaasene Bauschspeck? Gereechert oder loftgedrëchent? Dënn oder déck geschnidden? Bei mir ass et Speck deen mein Brouder drëchent, net ze salzig, äwer mat engem kräftigen Aroma. Wichtig ass, en an der Pann net ze kräftig ze brooden, en soll knusperig jiän äwer na saaftig bleiwen. Keen drëchene Brettspeck, w.e.g.!

3. Botter oder Ualig?

Bei mir mat Botter an Botterschmalz ganz einfasch fir deen besten Goût. Mein Botterschmalz maan ech selwer, wann ech Zékt han maan ech sugar den Botter selwer.

4. Krégder & Co

Frësch Bratzelen, Péitersilich oder am Fréihjoer een Hauch Bärlauch. Krégder brengen Frëschheet. Verschiddener schwören op bëssen Muskot oder kleng geschnidden Ënnen.

Zoubereedung, mat Geféihl net mat Gewalt

Eeng goud Eiertriwel brausch bëssen Zékt. Ech fänken domatt aan den Speck auszeloossen, gemellig bei mëttel Hëtzt. Deen kanns du aus der Pann hualen an en waarem Stellen, ech han en dran geloss.

D’Eier, hei jiän et verschidden Versiounen wie’s du virgoen kanns, du schligs deng Eier an enger Schossel op an vermëschs se mat enger Schlupp Schmand fir d’Crèmigkeet, mat bëssen Salz & Päffer evtl. bëssen Muskot würzen. Ech schloen d’Eier direkt an d’Pann, wie wann ech Spéijelei wëll maan. Subal d’Eiwäiss aafänkt mat stocken réiren ech meng Eiertriwel gemellig, an schëdden eng Schlupp Schmand dobäi. Subal d’Ei ganz gestockt, äwer na saaftig ass, mëschen ech een Schnatt Botter, Salz an Päffer drënner an réiren bis de Botter ganz geschmolz ass.

Wanns du de Speck rausgeholt has deen rëm drop leen oder drënner mëschen an zervéiren. Fir Garnitur han ech na Bratzel driwer gestreit.

Traditoun trëfft Zukunft.

Äwer wie passt su een Klassiker an eis Welt van hokt, an där Klimakrise, Ressourcenverbrausch, die artgerecht Haltung van den Déiren om Dësch leien? Ganz goud sugar, wann een et rischtig aanjieet.

Regionaltéit ass hei de Schlëssel. Wann d’Eier an den Speck aus regionaler an artgerechter Haltung kommen, hat datt net nëmmen ökoligischen Sënn, mee domatt ënnerstëtzt du die lokal Wirtschaft an éieres die handwiäriklich Traditiounen.

Saisonal spillt o eng Roll. Am Fréihjoer eng Eiertriwel mat wëllem Bärlauch, am Summer mat Tomaten, am Hiärest mat Kooschelen. Eent Ässen datt wandelbar ass, an mat allen Joereszékten hass du eent neit Ässen.

Haltbar maan, wann mi do ass wie nëmmen Honger!

D’Eiertriwel selwer ass natiirlich näist fir anzewecken. Äwer de Speck? Durich d‘Fermentatioun, d’Loftdrëchnung oder d’Reecheren ass de Speck rischt datt jiän, watt mir hokt kennen. An villen Regiounen hat datt bis hokt Bestand. Goud gemaaten Speck hällt sech meentelang an krëtt na mi Goût.

Eent Ässen mat Séil

Eiertriwel mat Speck ass vill mi wie nëmmen eent Frühstück. Et ass eent Steck Geschicht, een Spéijel van eiser Ässkultur. An mat deen rischtigen Zutaten een Beweis datt opgepasst jiët watt mir ässen an van wu et kënnt. Et verbënnt Generatiounen, Regiounen an die verschidden Goûten. Denk aan d’Houhner, de Bauer an d’Handwiärik wanns du die nächst kéier d’Pann aus dem Schaaf hëlls, an aan all die Geschichten, déi an su engem einfaschen Ässen steechen kanne.

Gouden Appetit!

Eiertriwel mat Speck

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

10

Minuten
Kooschen

15

Minuten

Zutaten

  • 8 Eier

  • 200 g Speck, an dënn Scheiwen geschnidden

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 50 ml bis 60 ml Schmand

  • 1 gouden Schnatt Botter

  • Salz & Päffer

  • kleng geschnidden Bratzelen fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Speck han ech na an Técker geschnidden oder an dënn Sträifen, ganz su wie’s du et am léifsten has.
  • An enger waarmer Pann han ech op mëttel Hëtzt de Botterschmalz schmëlzen geloss, subal deen waarem ass, leen ech den Speck dran an brooden deen goldbrong aan. Du kanns den Speck raus hualen an waarem Stellen, ech han en dran geloss.
  • Ech schloen d’Eier direkt an d’Pann, wie wann ech Spéijelei wëll maan. Subal d’Eiwäiss aafänkt mat stocken réiren ech meng Eiertriwel gemellig, an schëdden eng Schlupp Schmand dobäi. Subal d’Ei ganz gestockt, äwer na saaftig ass, mëschen ech een Schnatt Botter, Salz an Päffer drënner an réiren bis de Botter ganz geschmolz ass.
  • Wanns du den Speck raus gehollt has, deen rëm drenner mëschen an mat Bratzelen garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*