Virbereedungszéckt: 15 Min.
5-6 Stonnen mat arrechnen fir ze marinéiren.
Kooschzéckt: 30 Min.
Fir 4 Léckt brausch ech?
- 2 Rosmarinäst
- 3 Waakelterkären
- 5 Salbeibläder
- 60 ml Olivenualeg
- 500 g an Würfel (+/- 3cm) Schwéngefleesch
- 1 déck Ënn
- 16 Stécker gereecherten Speck
- Salz & Peffer
zousätzlich brauschst du een Mörser, an 4 Holz- oder Metallspiesschercher (30 cm)
Wie jëtt gekooscht?
De Rosmarin strëppen an Noolen an den Mörser leen, Waakelter an den Salbei dobäi leen an alles fein zerreiwen. Mam Olivenualeg mëschen.
Fleesch an eng Schossel leen, an Marinade drop schëdden, alles goud vermëschen an 5-6 Stonnen marinéiren.
D’Ënn véierlen, an Schischten auserneen plécken.
Aafwiesselnd Fleesch, de Spéck an d’Ënn opspiessen.
An enger waarmer Pann Olivenualeg erhëtzen an Broschetten do dran brooden bis se gar sen.
Broschetten rischt würzen wann se färdeg sen.
Die Broschetten kann een o om Grill zoubereeden.
Info: hëlls du Holzspiessercher, wässer se firtischt, ärs du Fleesch opspiess, sie verbrennen dir dann nët, zemools wanns du dës Broschetten om Grill mëchs.
Tipp: Dës Broschetten kanns du o mat all annert Fleesch zoubereeden, z.B.: Lamm, oder du mëchst Fleesch, Schwéng, Poulet an Lamm…