Gebeets kooschen wie Fréier

Fréier as Gebeets mat normalem Zocker gekooscht jiänn. Et muss een just op paar kleng Saaschen oppassen. Sämtlich Friischten an Planzen enthalen Pektin. Pektine iwerhualen an der Planz eng waasserreguléirend Funktioun an de Pektin déint dozou, datt dengt Gebeets geléiert.

Ganz vill Pektin as, z.B. an Planzen mat harte Bestanddeeler, wie Zitrusfriischten, Äppel, schwarz Grischelen, die gréin Grischelen, Quitten, Aprikosen…

Birren, Hambiär an Pärdsbiär, Nekatrinen, Piischen, die rugd Grischel han een mëttleren Pektingehalt.

Just bëssen Pektin enthalen Ananas, Erdbiär, Feige, Kiischten, Mango, Rhubarb, Drauwen…

Generell gëllt: Watt Friischten mi séiss an zegdig sen, desto winniger Pektin as enthalen.

O mat Geléierzocker as et dachs su, datt eent Moolbiärgebeets su fest jëtt, datt een et bal net geschmiärt krëtt, an Erdbiärgebeets leeft dir van der Bottisch.

Fir datt dengt Gebeets ganz ouni Geléierzocker fest jëtt, muss et mi lang kooschen. Hual o Zocker mat mi gruussen Kristaller, deen liist sech beim ankooschen manner siier op. De Pektin brausch seng Zéckt bis en aafänkt ze geléiren. Watt den Geléierprozess fördert as Zitrounensaaft.

Watt na hëleft, wanns du z.B. een Appel mat an dengt Erdbiärgebeets mëchs, du schmëchs do keen ënnerschëed, den Appel as su eng aapassungsfähig an frëndlich Fruucht, en hëllt einfasch den Geschmaasch van den Erdbiär aan.


Erdbiärgebeets

Virbereedungszeckt: 30 Min.

Kooschzéckt: 90 Min.

Datt Ganzt as ouni Geléierzocker

  • 1,5 kg Erdbiär
  • 1 Appel
  • 600 g Zocker
  • 3-4 Mandarinen oder 2 Orangen oder/an den Saaft van 2 Zitrounen

zousätzlich brauchst du 6 ausgekooschten Gläser mat Deckel. Een Triiter fir anzefëllen, an eng Woosch.


Wie jëtt gekooscht?

Eng Methoud fir ze kooschen as, du wooschs datt egdelt Dëppen, schreif dir op wivill datt as.

Du fëlls dent Obst mam Zitrounensaaft ant Dëppen, datt wooschs du dann. Ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Dann Hëtzt raaf driien an dengt Obst em 20%-25% ankooschen loossen. Bei 1000 g as datt ongeféier bis op 750-800 g. Denk draan fir ëmmer rëm dran ze réiren. Fir deng Woosch ze schützen leesch eent Brettchen drop, net datt de Plastik schmëlzt.

Äppel han vill Pektin an well ech ouni Geléierzocker kooschen maan ech zousätzlich zum Zitrounensaaft 1 Appel mat ant Gebeets.

Noodeems d’Obst reduzéiert as, den Zocker ënnermëschen. Hëtzt rëm ropp driien an ënner stännigem réiren opkooschen loossen, an 5 Min. kräftig kooschen loossen an dobäi frian réiren.

Gebeets direkt an Gläser fëllen an zou schrauwen. Gläser op den Kapp stellen op keen Fall mi lang wie 5 Min. su stoen loossen an rem ëmdriien.


Bëschbiärgebeets

Virberredungszéckt: kann ech net genau soen, et hängt ëmmer dovan aaf watt fir een Obst datts du hëlls.

Kooschzéckt: 90 Min.

Fir ongeféier 4 Gläser Gebeets brauschst du?

  • 1250 g geschälten, gewäschen an verbotzen Friischten
  • 500 g Zocker
  • 60 g Zitrounensaaft (Datt as ongeféier den Saaft van 1,5 bis 2 Zitrounen)

zousätzlich brauchst du 4 ausgekooschten Gläser mat Deckel. Een Triiter fir anzefëllen, an eng Woosch.


Wie jëtt gekooscht?

Eng Methoud fir ze kooschen as, du wooschs datt egdelt Dëppen, schreif dir op wivill datt as.

Du fëlls dent Obst mam Zitrounensaaft ant Dëppen, datt sen dann 1310 g. Ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Dann Hëtzt raaf driien an deng Friischten em 20% ankooschen loossen. Also bis op ongeféier 1000-1040 g. Denk draan fir ëmmer rëm dran ze réiren. Fir deng Woosch ze schützen leesch eent Brettchen drop, net datt de Plastik schmëlzt.

Verschidden Zorten Biär

Noodeems Friischten reduzéiert sen, den Zocker ënnermëschen. Ënner stännigem réiren opkooschen loossen, an 5 Min. kräftig kooschen loossen an dobäi frian réiren.

Gebeets direkt an Gläser fëllen an zou schrauwen. Gläser op den Kapp stellen op keen Fall mi lang wie 5 Min. su stoen loossen an rem ëmdriien.


Die anner Methoud as, Friischten mam Zitrounensaaft ant Dëppen fëllen, Zocker ënnermëschen an ënner stannigem réiren opkooschen loossen. Bestännig dran réiren. Fir ze kontrolléiren op Gebeets goud as, een Teller hualen an een Läffel Gebeets op den Teller, verleeft et, as Gebeets na net färdeg an et muss na kooschen.

Gebeets waarem ant Gläser fëllen, zouschrauwen, op den Kapp stellen an no paar Min. rem ëmdriien. Op keen Fall mi lang wie 5 Min. om Kapp stoen loossen.


Well ech bëssen “Mimimi” sen, an gar net jiären han wann Stécker am Gebeets sen, muss ech mengt Gebeets mam Püréierstaaf püréiren oder durich eng Passette sträichen, dann sen nämlich o keng Kären mi dran. 😉 Datt maan ech befir ech den Zocker dran maan. Rezept hei as äwer su beschriwen ouni passéiren durich Passette.


Beim Zocker gëllt, watt mi Zocker dran as, watt dengt Gebeets sech mi lang hällt. Friischten bestinn zu 80% – 90% aus Waasser, je mi Waasser an dengem Gebeets as desto mi siier kann sech Schammel bilden.

Ech han Gebeest net jiären su séiss, dofir maan ech meestens net mi wie 1-1,5 kg Friischten mat 400 bis 600 g Zocker, déi han ech siier genou verschafft ouni datt Gefohr besteht datt ech et fortschmäissen muss.

Gebeetsebottisch

Firwatt Gläser op den Kapp stellen?

Wann beim Aafëllen net siier genou geschafft jëtt, kanne sech Keimen am Deckel festsetzen déi dozou beidroen datt dengt Gebeets mi siier schammelt. Fir datt ze verhënneren jëtt Glas op de Kapp gestallt su jëtt den Deckel na eng kéier pasteuriséiert.

Wann proper geschafft jëtt muss een datt net maan, mais Bomi hat et gemaat, Mamm hat et gemaat, an ech maan et o 😉 .

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*