Gefëllte Pouletfilet mat Geméisscurry

Op mengem Blog han ech well eent Rezept van engem Geméisscurry. Hei dann na eent äwer als Fëllung fir an Fleesch, Courgetten, Auberginen, Paprika…

Die indisch Këchen as voll Aromen an Gewürzer. Fir een Geméisscurry, kanns du all Geméiss hualen datts du wëlls, et as also o eng Restverwiärtung.

Ech han Hogt, Paprika, Muurten, Courgetten, Auberginen, Ënnen an Knuawléck gehollt.

Die indisch Gewürzmëschungen jiänn dachs zimlech ongenau als “Curry” bezzeechent. Sie heeschen äwer Masalas. Die an eiser Regioun am bekannsten Mëschung, as wahrscheinlich de “Garam Masala” deen all Gewürzregal am Boutique am Verkoof hat. Leider as et äwer su, datt déi net vill gemeinsam han mat engem wirklichen Masala.

Masala sen Gewürzmëschungen déi all indischen Koosch individuell selwer zesaammen mëscht an zwar richt kuurz är se gebrauscht jiänn. Su datt et 1000 an 1 Mëschung jëtt.

Garam Masala

Garam Masala heescht iwersatt “schareft Gewürz”. De Garam Masala as äwer am vergläich zu anneren Masalas ischter mi séisslich wie scharef. Et jiänn endlos vill Varianten van Masala, déi sech all van enger Grondmëschung aafleeden loossen:

  • Koriandersoom
  • Kreuzkümmel
  • schwarze Peffer
  • schwarze Kardamomsoom
  • Cannellstangen
  • Tejpatbläder, Tejpat as indischen Lorbeer, du kanns deen äwer durich deen Lorbeer van hei ersetzen, äwer dann net suvill hualen.
  • Neelcheskäpp

Datt sen Grondbestanddeeler vam Masala. Aus dësem Gewürz han sech vill regional Varianten entwéckelt, et jiänn Gewürzer fortgeloss an durich annerer ersatt, oder bei dës Grondmëschung kommen na anner Gewürzer dobäi. Su kann een bei Grillfleesch den Koriander an den Lorbeer fort loossen, datt betount dann de Goût vam Kardamom deen goud bei Grillfleesch passt.

Ech han an meng Mëschung na Kurkuma ënnergemëscht. Fir datt den Curry eng jiäll Faaref krëtt.

An der indischer Këchen jëtt et keen Currypolwer, all Koosch mëscht seng indivduell Mëschung selwer. Currypolwer as eng Gewürzmëschung déi van der Liäwnesmëttelindustrie erfond jiänn as, fir een ähnlichen Goût ze erreechen.

Et jëtt äwer een “Curryboom”, Kaloupilé. Hauptsächlich jiänn do Bläder genotzt, wie bei eis den Lorbeer. En hat äwer näist mat deem Currypolwer wie mir et kennen ze doen, en schmëscht mol net selwischt.

Fir mengt Rezept brausch ech.

  • Pouletfilet
  • Korinadersoom, Kardamomsoom, Kreuzkümmel, schwarz Pefferkären, Cannelle, Neelcheskäpp, Lorbeerbläder, Kurkuma
  • rugden an jiällen Paprika
  • Salz
  • Courgette
  • Aubergine
  • Muurten
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Zitrounensaaft
  • Botterschmalz
  • Kokosmëlich oder Rahm
  • bëssen geraspelten schweizer Kiiss fir ze iwerbaaschen.

Zoubereedung

Geméiss wäschen an kleng würfelen. Ënnen an de Knauwléck hacken.

Eng Pann liit erhëtzen, ouni Fett an Gewürzer réisteren, bleif do am besten dobäi stoen, an drii Hëtzt net ze hii. Fänk aan mat den Kären, subal et aafänkt mat rauschen hual Pann van der Plaque, mësch Gewürzpolwer’en drënner an loss die rest Hëtzt van der Pann viraan schaffen. Wann Gewürzer bëssen aafgekéilt sen am Mörser zerreiwen.

Fänk mat bëssen Gewürz aan, maan net direkt alles dran, Gewürzer sen do fir den Aroma vam Geméiss ze ënnerstëtzen an net ze ënnerdrécken.

An enger waarmer Pann erhëtzten ech op mëttel Hëtzt Botterschmalz, maan bëssen van menger Gewürzmëschung drënner, an lossen de Botterschmalz den Aroma van den Gewürzer aanhualen.

Dann d’Ënnen an de Knauwléck aanbrooden, an subal déi glasig sen, deen rest vam Geméiss ënnermëschen an dënsten.

Zitrounensaaft ënnermëschen Lorbeerblaad dran leen an mat Deckel op niddreger Hëtzt eng goud halef Stonn schmoren loossen. Liit salzen.

Zwëschendurich ëmmer rëm schmaaschen an evtl, noowürzen.

Rahm oder Kokosmëlich drop schëdden. Hëtzt bëssen rop driien an bis zur Gewënschter Konsitenz ankooschen loossen.

Pouletfilet iwert Mëtt opschnegden. Fir datt Loosch während dem brooden op bleift, Baaschpapeier beineen knuttschen an dran steechen. An enger waarmer Pann mat Botterschmalz Filet brooden bis se gar sen.

Well den Geméisscurry zimlech würzig as, brausch den Poulet nëmmen liit gesalzen an gepeffert ze jiänn.

De Baaschpapeier aus dem Filet hualen an mam Geméisscurry fëllen. Bëssen frësch geraspelten Kiiss driwer verdeelen an am waarmen Schiäffchen iwerbaaschen.

Gefëllte Pouletfilet mat Geméisscurry

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • 1 rugd an 1 jiäll Paprika, kleng gewürfelt

  • 0,5 kleng gewürfelt Cougette

  • 0,5 kleng gewürfelt Aubergine

  • 1 kleng gewürfelt Muurt

  • 1 gehackten Ënn

  • 2 gehackten ziiwen Knuawléck

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 100 ml Kokosmëllich oder Rahm

  • 100 g geraspelten schweizer Kiis

  • Garam Masala
  • 2 TL Koriandersoom

  • 1,5 TL Kreuzkümmel

  • 1 TL Kardamomsoom

  • 1 TL schwarz Pefferkären

  • 1 TL Cannelle

  • 0,5 TL Neelcheskäpp

  • 1 Lorbeerblaad

  • 1,5 TL Kurkuma

Zoubereedung

  • Garam Masala
  • De Koriandersoom, Pefferkären, Neelchskäpp an Kardamomsoom an enger waarmer Pann, bei niddreger Hëtzt réisteren. Subal et aafänkt mat rauschen, Pann van der Plaque raaf hualen, Dann de kreuzkümmel, Cannelle, Kurkuma ënnermëschen. Loss deen Rest Hëtzt van der Pann Aarbicht maan.
  • Subal Gewürzer aafgekéilt sen am Mörser zerreiwen. Lorbeerblaad ganz loossen an su mat bei Geméiss leen.
  • Geméisscurry
  • An enger waarmer Pann op mëttel Hëtzt Botterschmalz erhëtzen, 1 TL van der Gewürzmëschung ënnermëschen, su datt de Botterschmalz Aromen vam Gewürz kann aanhualen.
  • Dann Ënnen an de Knauwléck aanbrooden.
  • Subal déi glasig sen, deen Rest vam Geméiss ënnermëschen an dënsten.
  • Zitrounensaaft drop schëdden, Lorbeerblaad dran leen an mat Deckel op niddreger Hëtzt 30 Min. schmooren loossen. Liit salzen.
  • Zwëschendurich ëmmer mol rëm schmaaschen an evtl. nowürzen.
  • Rahm oder Kokosmëlich drop schëdden an bis zur gewënschter Konsitenz ankooschen loossen.
  • Fleesch
  • De Schiäffchen op 180°C Grad virwiärmen.
  • De Poulet iwert Mëtt opschnégden, fir datt Loosch opbleift, zesaammen geknuttschten Baaschpapeier dran steechen.
  • Fleesch liit salzen an pefferen, an am waarmen Botterschmalz gar brooden.
  • De Baaschpapeier raus hualen an Fleesch mam Geméisscurry fëllen.
  • Bëssen Kiis driwer streien an am waarmen Schiäffchen iwerbaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*