Bouletten mit Gemüse-Käse-Füllung

Gefëllten Bouletten

Dës Bouletten sen eng lecker Kombinatioun aus saaftigem Gehacktes gemëscht mat Geméiss an enger schmelzender Kiiss-Fëllung. Sie loossen sech goud mat Beilaagen wie Gromperenpürée, Salzgromperen, Reis oder engem frëschen Zaloot genéissen. Bouletten mat Geméiss an enger Kiisfëllung as eent Ässen datt schmëscht an et kann op verschidden Manéier an dein eegene Geschmaasch aangepasst jiänn.

Variatiounsmiilechkeeten:

  • Du kanns verschidden Geméisszorten ausprobéiren, ganz no dengem Geschmaasch. Ech kann mir virstellen datt Kooschelen, Spinat mat Courgetten o eng goud Mëschung as.
  • Genaus as d’Art vam Kiiss o flexibel, experimentéier mat verschiddene Zorten, fir de Geschmaasch ze veränneren.

Beilaagen:

  • Niäwent deen Beilaagen déi ech well erwähnt han passen gebrooden Gromperen, Fritten oder Baguetten goud zu dësen Bouletten

Zoossen:

  • Eng lecker Zooss, wie z.B. eng Tomatenzooss oder eng Rahmzooss mëcht dës Bouletten na besser, an dës Zoossen harmonéiren goud mat der Kiissfëllung.

Laagerung:

  • Falls du Rester has, dës Bouletten lossen sech goud am Frigo opbewahren fir zu engem spéideren Zécktpunkt rem opzewiärmen. Sie schmaaschen allerdings o kaal als Snack.

Zutaten

  • Gehacktes, am besten ongewürzt.
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Muurten
  • Courgetten
  • rugde Paprika
  • Péitersilich, Dill an Oregano
  • Salz & Peffer
  • Eier
  • Panéiermiähl oder een Brigdchen vam Daag virdraan
  • evtl. Paprikapolwer
  • Emmenthaler Kiiss am Stéck

Mise en Place

Gehacktes an eng Schossel leen.

Muurten han ech geschiält an fein geraspelt. Courgette han ech grëndlich gewäsch an dann o fein geraspelt. Datt han ech dann bei Gehacktes an Schossel jiänn.

Ënnen han ech fein gehackt an se dann an bëssen Botterschmalz aangebrooden, mir schmaaschen Bouletten besser mat gebroodenen Ënnen. Die gebrooden Ënnen han ech bëssen aafkéilen geloss an o ant Schossel bei Gehacktes

Knuawléck duaref natiirlech o net fehlen, deen as o fein gehackt jiänn an deen kënnt o bei Gehacktes

De Paprika han ech ganz fein gewürfelt an o bei Gehacktes ant Schossel geleit.

Krégder duarefen natiirlech o net fehlen, den Péitersilch an den Dill fein hacken an alt bei Gehacktes ant Schossel.

Dann kommen die ganz Gewürzer, Eier an Panéiermiähl dobäi. An dann heescht et alles Goud mëschen.

De Kiiss han ech an Stëfter geschnidden, du kanns en äwer o an Würfel schnégden.

Zoubereedung:

De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Aus dem Gehacktes han ech dann Bouletten geformt, an den Kiiss mat angeschafft, su datt all rondrëm Fleesch as, an den Kiiss beim brooden net ausloofen kann.

An enger waarmer Pann han ech dann Botterschmalz erhëtzt an Bouletten kräftig all rondrëm aangrooden.

Dann han ech se an eng feierfest Form geleit an am Schiäffchen an ongeféier 20-25 Min. färdeg gebrooden.

Gefëllten Bouletten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

35

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Gehacktes

  • 2 gehackten Ënnen

  • 150 g geraspelt Muurten

  • 150 g geraspelt Courgetten

  • 1 rugde Paprika

  • 0,5 Botte gehackten Péitersilich

  • 0,5 Botte gehackten Dill

  • 2 Ziiwen Knauwléck

  • 2 Eier

  • 4 EL Panéiermiähl

  • 2 TL Salz

  • 1 TL schwarzen Peffer

  • 1 TL rugde Paprika

  • 1 EL gedrëchenten Oregano

  • 300 g Emmenthaler an Würfel oder Stëfter schnégden.

Zoubereedung

  • Gehacktes, mam Geméiss, den Eier, Panéiermiähl, Ënnen den Gewürzer an den Krégder goud mëschen.
  • Bouletten formen an den Kiss mat anschaffen su datt all rondrëm Fleesch as, an en beim brooden net kann ausloofen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Ualeg oder Botterschmalz erhëtzen. Bouletten all rondrëm kräftig aanbrooden.
  • An eng feierfest Schossel leen, an am waarmen Schiäffchen ongeféier 25 Min. brooden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*