Gewürzmëschung fir Fleesch

Hogt deelen ech eent Rezept mat dir fir eng hausgemaaten, liit scharef Gewürzmëschung fir Fleesch, déi dengt Ässen op een ganz anneren Level brengt. Dës Mëschung vereent d’Aromen aus Koriandersoom, Paprikapolwer, Dill, schwarze Peffer, Fenschelsoom an Chiliflocken, zu engem harmonischen Geschmaascherliäfnis. Fir mi een intensiven Aroma empfehlen ech dir frëschen Knuawléck mat anzeschaffen. An ganz no dengem Geschmaasch kanns du dës Mëschung mat Salz verfeineren.

Dës Gewürmëschung eegent sech fir all Arten van Flesch an brengt Aafwiässelung an deng Këchen. Loss dech van dëser aromatischer Kompositioun inspiréiren an verwandel deng Menüer an een kulinarischen Highlight!

De Virdeel van enger hausgemaaten Gewürzmëschung

  1. Frëschheet an Qualitéit: Hausgemaaten Gewürzmëschungen jänn meestens aus frëschen an hiiwiärtigen Zutaten zesaammen gemëscht. Am Gegensatz zu deene meesten Färdigmëschungen, déi vill Konservéirungsstoffer, Salz, Zocker an Geschmaaschverstärker enthalen, hualen ech nëmmen datt Best watt zu engem intensiven an authentischen Geschmaasch féiert.
  2. Aapassbar: Sämtlich Gewürzmëschungen kanns du ganz dengem Geschmaasch aanpassen. Du wëlls et net scharef, dann loss den chili fort, dir schmëscht den Dill net, dann loss en fort oder fann eng alternativ déi dir besser schmëscht. Alles keen Problem – du has d’Kontroll iwer sämtlich Zutaten an Quantitéiten. Datt ermiilischt dir, eent perfekt Gewürz fir dein Geschmaasch ze mëschen.
  3. Gesondheetlich Virdeeler: Durich d’Verwendung van rengen an natiirlichen Zutaten kanns du sëcherstellen, datt an denger Gewürzmëschung keng onerwënscht Zousatzstoffer sen, keen kënstlichen Aroma oder iwermässig vill Salz. Datt ass een Virdeel fir jidfereen deen op seng Ernährung oppasst an bestëmmten Intolernanzen hat.
  4. Aromatischen Geschmaasch: Frësch gemahlen Gewürzer han een wesentlich intensiveren Geschmaasch wie die virverpackten an lang gelagert Mëschungen. Den Aroma ass vill mi starik an jëtt dengem Ässem een besonnëchen Aroma, déi mat industriell produzéierten Produkter dachs net erreecht jänn.
  5. Kreativitéit: Selwer Gewürzmëschungen maan, mëcht Spass an fördert Kreativitéit an denger Këchen. Et jëtt dir Miilischkeet, nei Geschmaaschkombinatiounen auszeprobéiren an deng Kooschkonst viraan ze entwéckelen.
  6. D’Wossen iwer d’Inhaltsstoffer: Du wees ganz genau watt an denger Gewürzmëschung dran ass. Keng verdeckten Zutaten, keng Iwerraschungen – nëmmen pur, lecker Gewürzer, déis du selwer ausgewiällt has.
  7. Mi Bëllig: An fillen Fäll kanns du durich den Koof van griiseren Quantiéiten van Gewürzer an datt eegent Mëschen, Suen sparen. Färdig Mëschungen sen dachs mi deier, well fir Veraarbischtung an Verpackung o bezahlt muss jänn.

Andeems du deng Gewürzmëschunge selwer zesaamenstells, verbessers du net nëmmen den Geschmaasch van dengem Ässen, mais et ass o mi Gesond. Probéier et aus an genéiss die vill Virdeeler, déi hausgemaaten Gewürzmëschungen béiden.

Watt sen verdeckten Zutaten?

Wann ech am Buttik ënnerweech sen, hualen ech mir dachs Zéckt an liäsen Inhaltsstoffer déi an deene verschiddenste Mëschungen dran sen. Viraan allem ass an deen drëchene Mëschungen ganz vill Salz dran. Während vill flëssig Marinaden aus ganz vill Zocker an Waasser bestinn.

Ech han viraan langer Zéckt 2 Gewürzmëschungen geschenkt krii, sie sen well 2022 aafgeloof, mais ech han se ëmmer na hei stoen. Die Drëchen besteht zu 44% aus Salz an 15% Zocker, ausserdeem ass Hefeextrakt dran watt een Geschmaaschsverstärker ass.

Die Flëssig besteht zu 61% aus Zocker an hat deen schingen Naam “scharef Hunnig an Whiskey BBQ Glaze”. Datt eenzigt waat van Hunnig dran ass, ass mat Hunnig aangereichtern Chili, an aus deem Grond duaref dës Zooss sech o “Hunnig” nennen. Kommen mir zeréck op den Zocker, die 61% ass just deen Zocker, deen o als Zocker am Inhalt als Zocker opgelëst ass. Et ass äwer o Ketchup an dëser Marinade an et ass Worecestershiresauce dran, beides Produkter déi vill Zocker enthalen.

Ech perséinlich halen net vill van färdigen Gewürzmëschungen, oh van deen amerikanischen Dryrub’s halen ech net vill, meestens ass zimlich vill Salz an Zocker dran. Ech probéiren ëmmer suvill wie millisch frësch Produkter ze verschaffen, wie z.B. frëschen Knuawléck an frësch Ënnen, frësch Tomaten an keen Tomatenpolwer…

Zutaten fir meng Gewürzmëschung fir Fleesch

Wanns du vill Kooschs has du ganz sëcher datt meest dovaan an denger Spënchen stoen, fir dës Mëschung brausch ech Koriandersoom, Paprikpolwer am besten séisst. Chiliflocken, schwarz Pefferkären, Dill, Fenschelsoom an evtl. Salz.

Dann brausch ech na een Mörser, een Ässläffel an eent Glas datt sech loftdicht verschléissen liisst.

Zoubereedung

Am Mörser zerreiwen ech den Koriandersoom graff, en muss net ganz kleng sen. Genaus maan ech et mam Peffer an mam Fenschel. Well et eng Mëschung ass, déi mi lang Haltbar soll sen, han ech gedrëchenten, gehackten Dill an gedrëchent Chiliflocken gehollt ausserdeem han ech direkt Salz mat drënner gemëscht, well datt o zur Haltbarkeet beidrigt.

Ech empfehlen dir zousätzlich zu dësem Gewürz Knuawléck mat anzeschaffen, fir na mi een intensiven Aroma.

Op 500 g Gehacktes kanns du 1 EL bis 1,5 EL van dësem Gewürz ënnermëschen.

Gewürzmëschung fir Fleesch

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 4 EL Koriandersoom, graff zerriwen

  • 4 EL schwarze Peffer, graff zerriwen

  • 4 EL gedrëchenten Dill

  • 4 EL Paprikapolwer edelsüss

  • 2 EL Fenschelsoome, graff zerriwen

  • 1 EL Chiliflocken

  • Optional: 2 EL Salz

Zoubereedung

  • Sämtlich Zutaten mateneen vermëschen. An eent Glas fëllen an loftdicht verschléissen, op enger donkler kéiler Platz lageren.
  • zousätzlich zu dësem Gewürz empfehlen ech frëschen Knuawléck mat ze verschaffen, fir na mi een intensiven Aroma.
  • Op 500 g Gehacktes kanns du 1 EL bis 1,5 EL van dësem Gewürz ënnermëschen

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*