Gromperen mat klengen Bouletten

Hogt deelen ech eent Rezept mat dir, datt mech an Doheem erënnert, dachs ass et datt bei eis jänn, eent leckert an einfascht Rezept van Gromperen mat klengen Bouletten an Poretten. Alles zesammen en engem Dëppen geschmort su datt sech sämtlich Aromen perfekt mateneen verbannen. Eent Ässen datt fir eng gemütlich Atmosphär om Dësch suarigt.

Dëst Comfortfood hat seng Wuurzelen an der buademstämiger Këchen van villen Regiounen. Et wor an ass Hogt na eng Miilechkeet net ze deier Zutaten zu engem köstlichen Ässen ze kombinéiren, datt satt mëcht.

Handwiärksgeschiier

  • eent Gossendëppen
  • een Holzeläffel
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett

Zoubereedung

Als ischt preparéiren ech d’Gehacktes, ech mëschen Panéiermiähl mat Salz, Peffer, gehackten Ënnen, gehacktem Knuawléck, bëssen Oregano, an 2-3 EL Olivenualeg. Datt mëschen ech zesaammen mat engem Ei ënnert Gehacktes. Ech maan bëssen Olivenualeg mat dran well ech Randsgehacktes notzen an fir datt et net ze drëchen beim brooden jëtt. Dann formen ech mat Hëlef van engem klenge Glaceläffel kleng Bouletten.

Hëlls du gemëschtent Gehacktes brauchs de net na zousätzlich Ualeg mat ënnerzemëschen. Datt ass meestens o Gewürzt su datts du direkt kleng Bouletten formen kanns.

Gromperen schiälen ech an schnégden sen an ongeféier gläichgruuss oder -kléng Stécker.

Poretten halbéieren ech längs an wäschen se grëndlich ënner fleissendem kaalen Waasser, dann schnégden ech se na eng kéier längs durich an schnégden se dann an dënn Streifen.

An deem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech bëssen Ualeg oder Botterschmalz an brooden do dran Bouletten all rondrëm grëndlich aan, déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt.

An deem selwischten Dëppen, ech well jo Röstaromen van den Bouletten mat an mengem Menü han, verdeelen ech op den Buadem Halschent van den Gromperen, déi würzen ech liit mat Salz an Peffer, do driwer verdeelen ech Halschent van den Poretten an leen dann Bouletten driwer. Uawen drop verdeelen ech den Rest Gromperen, déi ech o liit würzen an dann deen Rest Poretten.

Dann Schëdden ech bëssen waarem Bréit drop, Bréit soll net iwert den Liäwensmëttel stoen, ongeféier bis ant Halschent.

Als nächst leen ech den Deckel drop an loossen datt Ganzt ongeféier 1 Stonn op niddriger Hëtzt schmoren. Zwëschendurich mol eng kéier dran kucken an virsichtig dran réiren, evtl, na bëssen Bréit noschëdden, et soll net ausdrëchnen.

Mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Zutaten

  • Gromperen
  • Gehacktes
  • Poretten
  • Bréit
  • Salz & Peffer
  • Botterschmalz oder Ualeg

Tipps

  1. Pass do drop op, datt Gromperen an gläichgruuss Stécker geschnidden sen, fir datt se gläichmässig garen.
  2. Poretten grëndlich wäschen, dachs ass Sand oder Buadem zwëschent den Bläder
  3. Et ass dir iwerloss wat fir eng Bréit datts du hëlls, mat enger Fleeschbréit jëtt dësen Menü na mi herzhaft.

Gromperen mat klengen Bouletten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 500 g Gehacktes, zu klengen Bouletten geformt

  • Ualeg oder Botterschmalz fir ze brooden

  • 1 kg Gromperen, geschiält an gläichmässig gewürfelt

  • 2 Poretten, an dënn streifen geschnidden

  • 400 ml Bréit (Geméiss- oder Fleesch)

  • Salz & Peffer

  • frëschen Péitersilich fir Garnitur

  • Fir Gehacktes, wanns du Randsgehacktes hëlls
  • 1,5 TL – 2 TL Salz

  • 1,5 TL – 2 TL Peffer

  • 1,% TL – 2 TL Oregano

  • 3-4 EL Panéiermiähl

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • 1 Ei

Zoubereedung

  • An engem waarmen Gossendëppen Ualeg oder Botterschmalz erhëtzen an Bouletten grëndlich aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen op dem Buadem Halschent van den Gromperen verdeelen, liit salzen an pefferen.
  • Do driwer Halschent van den Poretten verdeelen.
  • Als nächst Bouletten driwer leen.
  • Dann deen Rest Gromperen driwer leen, déi liit gewürzt jänn.
  • Zum Schluss deen Rest Poretten driwer verdeelen.
  • Bëssen waarem Bréit drop schëdden, sie soll net iwert den Liäwensmëttle stoen.
  • Mat Deckel op niddriger Hëtzt ongeféier 1 Stonn schmoren loossen.
  • Zwëschendurich mol eng kéier dran kucken an virsichtig réiren, evtl. na bëssen Bréit no schëdden.
  • Mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

2 Comments

  1. Danielle Schon

    Hallo Josiane, wat ass dat eigentlich genau Botterschmalz?

    • Moien,
      Botterschmalz ass geklärten Botter, bei der den Mëlicheiwäiss an d’Waasser rausgezujien jëtt. Botterschmalz hat een hiien Rauchpunkt, et kann een domatt brooden an frittéiren. Ausserdeem ass Botterschmalz o bei Raumtemperatur lang haltbar. Botterschmalz jëtt all Ässen een liiten botterigen Geschmaasch. Du kanns den Botterschmalz natiirlech durich all annert Fett ersetzen, et ass mi eng Geschmaaschssaach. 🙂

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*