Gromperen Pann

D’Gromperenpann as wie eng Party am Dëppen, bei der Gromperen Hauptdänzer sen an Geméiss am Backup danzt. Sie brooden an der Pann an denken sech, “Mir sen su gebrooden, datt mir knusperig sen! Et as wie eng Mini-Disco an denger Këchen just ouni Discokujel! 😉

Eent One Pot Ässen!

Paar Wiärder zu “One Pot”

One Pot bedeit Wuort wiärtlich iwersatt “eent Dëppen” op däitsch “Eintopf”. One Pot as eng Technik an där alles an engem Dëppen gekooscht jëtt, an sich eng uraal Technik.

One Pot Pasta een Trend deen durich Martha Stewart an den Soziale Medien populär gemaat jiänn as, ob lo alles an eng feierfest Form gemaat jëtt oder op der Plaque an engem Dëppen gekooscht. Ech han well paar mol su eng One Pot Pasta gekooscht, ech wollt dozou o well Rezepter schreiwen, mais ech han et se geloss. O wann et siier geht, Nuddel as meestens verkooscht. Geméiss, schnégs du et ze kleng as pürée, schnégs du et ze gruuss as net mëll. Watt ech äwer datt schlëmmst fannen et schmëcht alles pappig.

Ech han fir mech selwer entscheed datt ech meng Nuddelen eenzel kooschen dann eng goud Zooss driwer an dann mat Kiiss am Schiäffchen iwerbaaschen.

Watt fir eng Zutaten kann ech hualen?

Op vegetarisch, oder mat Fleesch, do sen der Fantasie keng Grenzen gesatt. Kuck datt alles +/- gleich gruuss geschnidden as an dann kann et o well looss goen. Gromperen vam Daag virdraan, dann haat ech na blanchéierten Chouxfleurs an Broccoli an der Truh, Ënnen an Knuawléck an Schwéngsschnitzel, na paar Gewürzer an Krégder an den Menü as well baal gekooscht.

  • Gromperen, gekooscht vam Daag virdraan. Hëlls du rii Gromperen sen am besten festkooschend oder iwerwiegend festkooschend. Datt dauert dann beim brooden mi lang, déi brauschen wann se rii gebrooden jiän 30 Min. bis 35 Min.
  • Chouxfleurs an Broccoli, am besten blanchéierten, well deen soss ze lang brauch bis en mëll as.
  • Schwéngsschnitzel, an dënn Streifen geschnidden.
  • Ënnen, Ënnen sen noom Knauwléck déi héimlich Superheldinnen aus der Këchen. Sie lossen dëch kräischen, äwer just, aus deem Grond well sie su geréiert sen datts du sie an dengem Ässen han wëlls. Keen Burger, keng Zopp an baal keen anneren Menü as komplett ouni Sie.
  • Knuawléck, Knuawléck as wie eng kulinarisch Romanz! Et kann een net ophaalen van him ze schwärmen, sugar wanns du no dengem Date rëchst, datt all Bloudsauger aafschreckt, as an bleift den Knuawléck den Held aus der Këchen – den Superheld vam Geschmaasch, deen eist Ässen viraan der Langweil rett! 😉
  • Gewürzer, fir et ganz einfach ze würzen han ech meng All Zweck Gewürzmëschung gehollt, oder einfasch Peffer an Salz
  • frësch Krégder, do han ech nëmmen Péitersilich gehollt. Du kanns äwer na bëssen Thymian an Rosmarin mat dran maan.
  • Botterschmalz fir ze brooden

Gromper, van der Däiwelsknoll bis op eisen Teller.

Gromper hat eng ganz lang Geschicht, an der Géigend vam Titicacasee an den Anden sen di ischt Beweiser fond jiänn, datt Gromper well viraan 8000 bis 10000 Joer gäss jiänn as. Die älst Beweiser datt Gromper kultivéiert jiänn as, sen aus dem ischten Joerdausend no Christus. Hei an Europa as Gromper ëm 1530 – 1570 aankommen, et jiänn dozou mi Aussoen, wahrscheinlich as sugar mi oder winiger Zécktgleich op paar Platzen aankommen. Spanier woren Seefahrer an d’Englänner o.

Afangs as Gromper hei an Europa als Hexenknoll oder Däiwelsknoll gehaalen jiänn. Eng ënnerirdisch brong Knoll, déi o na hat mussen gekooscht jiänn an déi mat kengem Wuort an der Bibel erwähnt jiän as, datt wor zu där Zéckt mi wie dubios.

Gromper as Hogt wie eent Nutelladëppchen aus dem Buadem – sie jiänn ausgegraawen, zoubereet an et kann een net mi ophalen mat Dippen. 😉

Zoubereedung

Gromperen vam Daag virdraan han ech an glächmässig gruss Würfelen/Stécker geschnidden. Hëlls du rii Gromperen déi schiälen an Würfelen.

De Chouxfleurs an de Broccoli han ech an kleng Ruussen zerdeelt. Wanns du riit Geméiss hëlls as et am besten du blanchéiers et firtischt.

Fleesch schnégden ech an dënn Streifen ähnlich wie beim Geschnezelten, leen et an eng Schossel an würzen et.

Ënnen jiänn geschiält, halbéiert an dann an dënn Streifen geschnidden

De Knuawléck jëtt fein gehackt.

De Péitersilich jëtt gehackt.

An enger waarmer Gossenpann oder Dëppen erhëtzen ech den Botterschmalz. Do dran brooden ech Fleesch all rondrëm sching brong aan, hualen et raus an stellen et op Ségt.

Hëlls du rii Gromperen musst du mat deenen aafänken, déi kräftig aanbrooden, déi brauschen ongeféier 30 Min. – 35 Min. op niddreger Hëtzt bis se mëll sen. Noom brooden raus hualen an op Ségt stellen, dann Fleesch aanbrooden.

Bei Fleesch mëschen ech dann Ënnen an brooden déi o aan bis se Faaref kreien. Dann mëschen ech den Knuawléck drënner deen kuurz mat brooden.

Als nächst kënnt Geméiss dobäi, datt o mat brooden. Datt Ganzt würzen an zum Schluss Gromperen rëm ënnermëschen.

Alles su lang brooden bis et durich waarem as. Viramm zervéiren de Péitersilich ënnermëschen.

Gromperen Pann

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 1 kg gewürfelt gekooschten Gromperen

  • 4 an dënn Streifen geschnidden Schwéngsschnitzelen

  • 250 g an Ruusen zerdeelt an blanchéierten Chouxfleurs

  • 250 g an Ruusen zerdeelt an blanchéierten Broccoli

  • 2 an dënn Halefronselen Ënnen

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • Peffer & Salz

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 4-5 EL gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • An enger waarmer Gossenpann Botterschmalz erhëtzen an Fleesch do dran goldbrong aanbrooden. Raus hualen an op Sègt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen Gromperen aanbrooden bis se Faareg kreien.
  • Ënnen ënnermëschen an mat brooden bis se Faaref kreien.
  • De Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Dann Geméiss mam Fleesch ënnermëschen würzen an schmaaschen.
  • Su lang erhëtzen bis alles waarem as, viraam zervéiren de Péitersilich ënnermëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*