Gromperengratin

Gratin oder Gromperen aus dem Schiäffchen, een gouden Klassiker, einfasch zouzebreeden , bëllig an jidfereen hat se jiären. Gromper as net vir näist eent Grondnahrungsmëttel, et kann een se op suvill verschidden Methouden zoubereeden. Ausserdeem sen se die perfekt Beilaag bei Fleesch, Fësch, oder einfasch als vegetarischen Menü.

Dësen Gratin as mol bëssen annëcht, mat Ënnen mat Knuawléck, mat Tomaten, an vill Peccorino an mediterran Gewürzer.

Dofir brausch ech:

  • Gromperen
  • Kiischtentomaten
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Herbes de provence
  • Olivenualg
  • Peccorino
  • Peffer & Salz

Wie han ech den Gratin zoubereed?

Gromperen han ech geschiält, an Scheiwen van ongeféier 0,5 cm geschnidden an gewäsch.

Ënnen jiänn geschiält an dann an dënn Streifen oder Ronselen geschnidden.

De Knuawléck jëtt fein gehackt.

Gromperen han ech dann aafgschott an se an engem properen Handousch liit gedrëchent.

Als nächst han ech Gromperen, Ënnen, de Knuawléck an die gewäschen Kiischtentomaten an eng Schossel geleit, 2-3 EL Olivenualeg, Herbes de provence, Peffer, Salz an Peccorino drënner gemëscht.

Noodeems ech alles goud gemëscht han, han ech alles an eng angefett feierfest Form gefëllt an se am virgewiärmenten Schiäffchen bei 170°C Grad 1 Stonn gebaasch.

10 Min. viraan Schluss han ech bëssen Peccorino driwer gestreit an se domatt na iwerbaaschen.

Du kanns dësen Gratin su maan, an deems du normal deck Tomaten hëlls, déi an Scheiwen schnégs an alles sching ant Form tessels.

Gromperengratin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

6

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 1 KG an Scheiwen geschnidden Gromperen

  • 600 g Kiischtentomaten

  • 3 an dënn Streifen geschnidden Ënnen

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 200 g frësch geriwene Peccorino

  • 2 TL Herbes de provence

  • Olivenualeg

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • Kiischtentomaten wäschen.
  • De Schiäffchen op 170°C Gard virwiärmen.
  • Eng feierfest Form anfetten
  • Gromperen an engem properen Handousch liit drëchnen.
  • Zesaammen mat den Kiischtentomaten, de Gewürzer, dem Olivenualeg an der Halschent vam Peccorino goud vermëschen.
  • Datt Ganzt an die feierfest Form fëllen.
  • 1 Stonn am waarmen Schiäffchen bei 170°C Grad baaschen.
  • 10 Min. viraan Schluss den Rest Peccorino driwer streien an deen iwerbaaschen.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*