Bouletten, Hackbällchen, Chimichurry, Kartoffeln

Kleng Bouletten mat Chimichurri

Kleng Bouletten mat Chimichurry sen eng beléift argentinisch Spezialitéit. Dësen Menü as bekannt fir sein frëschen Aroma an den Herzhaften Geschmaasch. Et as eng köstlich Optioun, wanns du d’Aromen aus Argentinien probéiren wëlls. An Argentinien sen Bouletten Chimichurry o bekannt als “albóndigas con chimichurry” genannt, richtige beléift. Sie jiänn bei Familjienfeieren, Beim Picknick an beim Grillen zervéiert. Een Snack oder Menü deen bei vill Geleenheeten passt. Solls du dëch entscheeden dësen Menü eng kéier noozekooschen, erliäfs du eeng Geschmaaschsexplosioun mat südamerikanischem Flair.

Op watt muss ech oppassen wann ech Bouletten maan?

  • Du schaffes mat Gehacktes, ganz wichtig! Hänn grëndlich wäschen.
  • Fir mëll an saaftig Bouletten am besten gemëschtent Gehacktes mat genou Fett dran. Wanns du alles mat den Gewürzer am mëchen bas, pass op datts du net ze lang Kniädds, durich datt mi lang kniädden jët Fleesch ziieh. Die eenzig Bouletten die lang gekniädd jiänn, sen Cevapcici do as datt mi knätschigt, ziieht gewollt.
  • Hual op keen Fall Këchenmaschin fir dengt Gehacktes ze mëchen, du has 2 gesond Hänn an mi brauchst du net.
  • Fir datt Bouletten net auserneenfällen kënnt ageweechtent aalt Brugd oder Panéiermiähl an Ei mat dran, datt as de Pësch deen alles zesaammenhällt.
  • Wanns du deng Bouletten rulls, maan deng Hänn naass, Fleesch pëscht dann net su aan den Hänn.

Kleng Bouletten

Bouletten jiänn am normalen aus Gehacktes gemaat, Rand, gemëscht mat Schwéngefleesch oder Lamm. Ech sen keen Fan van gewürztem Gehacktes, meestens as et vill ze vill Gewürzt viraan allem gesalz, et sen Gewürzer dran die net bei dein Menü passen. Ganz dachs jëtt Nitritsalz ënnergemëcht fir datt den Client just datt schingt rugd Fleesch gesegt. Hei musst du leider ongewürztent gemëchtent Gehacktes am viraus bestellen.

Chimichurry

Chimichurry as eng würzig Zooss déi aus frëschen Krégder wie Péitersilich an Koriander, Knauwléck, Schalotten, Zitrounensaaft, Essig, Olivenualeg an Gewürzer besteht. Dës Zooss jëtt den Bouletten een intensiven Aroma an eng angenehm Schiäreft.

Zoubereedung

Panéiermiähl mat 3-4 EL Chimichurri mëschen, su datt sech alles liit naas aanféilt.

Gehacktes jëtt mat Salz, Ei an der Panéiermiählmëschung goud gemëscht. Dann formen ech kleng Bouletten, fir ongeféier die selwischt Griist ze han kanns du datt mat engem Läffel maan. Oder du rulls eng gleichmässig deck Wuuscht an schnégs déi an Stecker. Ech han een klengen Glaceläffel mat deem ech Bouletten maan. An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivnualeg an brooden Bouletten op mëttel Hëtzt durich.

Zervéiren

Mat de Bouletten kanns du gerooden Gromperen, Reis oder Brugd zervéiren. Chimichurry jët driwer verdeelt an den Rest als Dip dobäi gereecht. Dës Bouletten eegnen sech o goud beim Apperitif oder als Deel van engem Tapas-Menü.

Kleng Bouletten mat Chimichurri

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • Chimichurrizooss

  • 1 kg gemëchtent an ongewürztent Gehacktes

  • 100 g Panéiermiähl

  • 2 Eier

  • 1 Tl Salz

Zoubereedung

  • Panéiermiähl mat 3-4 EL Chimichurrizooss mëchen su datt et sech liit naas anféielt.
  • Gehacktes, mat der Panéiermiählmëschung, dem Salz an den Eier goud mëchen.
  • Kleng Bouletten formen. Datt geht mat engem Läffel, oder du rulls eng gläichmässig déck Wuuscht schnégs se an Stecker an rulls dann Bouletten.
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an Bouletten op mëttel Hëtz gar brooden.
  • Bei den Bouletten kanns du gebrooden Gromperen, Reis oder Brugd zervéiren, Chimichurry jëtt driwer verdeelt an deen rest als Dip dobäi gereecht.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*