Dëst hei as ischter een gebonnenen Jus mat Kooschelen. Eent ganz aalt Rezept, bei deem Kooschlen sugar na gekooscht sollen jiänn. An mat deem Sud an durich Zougab van Demi-Glace oder Bréit jëtt dann dës Zooss gemaat.
Kann een Kooschelen am Waasser kooschen?
Jo et kann een! Kooschelen botzen, an die gewënschten Form schnégden. An engem Dëppen Waasser opkooschen loossen an Kooschelen 1-2 Min. blanchéiren. Allerdings sen se dann nëmmen blanchéiert.
Kooschen kann een se o. Aal Rezepter empfehlen datt sugar, Kooschelen lang am Wasser oder Bréit ze kooschen. Hogt as datt äwer net mi su. Inhaltsstoffer gin ant Waasser iwer an Kooscheln jiänn mëll an fad. Kooschelen sollen kuurz gebrooden, geschmoort, gegrillt oder gedënst jiänn.
Fréier woren Kooschelen net haltbar, all Zooss hat mussen entsuarigt jiänn an as net gehalen jiänn. Datt wor äwer zu der Zéckt är et Frigoen jiänn sen. Hogt stells du deng Zooss an de Frigo an du kanns se ouni Gefor den Daag drop wiärmen.
Watt brausch ech fir dëss Zooss?
- Kooschelen
- Kooschelsud
- Fleeschbréit
- Hellen oder brongen Roux
- Peffer & Salz
Zoubereedung
Kooschelen han ech gebotzt, geschiällt an Stiller aafgschnidden. Dann an véirel geschnidden an se kräftig aangebrooden, bis se Faaref kreien.
Mat den Stiller, der Schal an Waasser han ech an ongeféier 10 Min. – 15 Min. een Kooschelsud gekooscht.
Dësen Sud han ech dann durich Passette geschott, zeréck ant Dëppen, gewürzt an e bis op Halschent ankooschen geloss. Dann han ech Bréit drop geschott, déi mam Roux gebonnen, opkooschen geloss an dann o bis op Halschent ankooschen loossen.
Zooss schmaaschen an evtl. nowürzen.
Die gebrooden Kooschelen ënnermëschen an wiärmen.
Kooschelzooss
Schwierigkeit: mëttel20
Minuten40
MinutenZutaten
250 g Kooschelen
250 ml Kooschelsud
500 ml Fleeschbréit
25 g hellen oder donklen Roux
Peffer & Salz
Zoubereedung
- Kooschelen botzen, schiälen an Stiller aafschnégden. Dann an véirel oder Scheiwen schnégden an kräftig brooden bis se Faaref han, op Ségt stellen.
- De Kooschelsud han ech aus den Stiller an den Schalen van den Kooschelen gemaat. Deen durich eng Passette schëdden. Den Sud würzen an bis op Halschent ankooschen loossen.
- Bréit drop schëdden mam Roux liit bannen, opkooschen loossen an bis op Halschent ankooschen loossen.
- Schmaaschen, evtl. nowürzen an Kooschelen ënnermëschen an wiärmen.