Maggi, bei enger Geméisszopp, enger Bréit, Nuddelen, Eiertriwel, an enger Zalootenzooss, bei villen Léckt duaref den Maggi net fehlen. Dëst chemisch produzéiert Gewürz, enthält iwerhaupt keng Krégder. Maggi besteht aus kënstlichem Aroma, Geschmacksverstärker an ganz vill Salz.
Beim Maggikrogt scheeden sech Geester bëssen, wahrscheinlich well en ähnlich wie datt berühmt Gewürz van „Maggi“ schmëcht. Maggikrogt jëtt hauptsächlich hei an Mëtteleuropa an europäisch geprägten Këchen an den USA genotzt. Weent sengem deftigen Zellerigeschmaasch jëtt dëst Krogt hauptsächlich an Zoppen oder Eintopf verschafft. En kann äwer na mi.
Z.B. harmonéiert en ganz goud an enger Muurtenzaloot oder an enger Omlette oder Eiertriwel. Genausu passt en an verschidden Fëllungen fir een Broot oder an enger Roulade. Well seng Aromen fettliesslich sen kann en o an engem Dip mat Sauerrahm oder Frëschkiiss verschaffen.
Wat as Maggikrogt?
Maggikrogt oder ob däitsch Liebstöckel as eent Krogt datt ähnlich wie Maggi schmëcht, dodurich o den Naam. Frëscht Maggikrogt rëcht no Mochus, Anis, Zitroun… et schmëcht würzig an et erënnert aan Zellerie, Péitersilich. Gedrëchent jëtt den Goût bëssen mi séisslich an mi mëll.
Verwendung
Maggikrogt soll een virschtig doséiren, et entweckelt während dem kooschen een stariken Aroma, deen jären iwerhand hëllt. Ausserdeem as et eent Krogt, datt lang mat gekooscht kann jänn, well et näist van sengem Aroma verléiert.
De Soom kann o verschafft jänn, en soll äwer viraam gebrausch goud gewässert jänn, su datt een Deel van den Batterstoffer ausgeschwemmt jëtt.
An o Wuurzel kann verschafft jänn, schiälen, an enger Zopp oder Zooss matkooschen an zum Schluss raus hualen.
Maggikrogt brausch an der Këchen starik Matspiller, Ënnen, Péitersilich, Knuawléck, Koriander an Gewürzer aus der mediterraner Këchen béiden sech do aan.
Hei sen lo paar Methouden erklärt su datt een o am Wanter van deem Gewürz profitéiren kann.
Dofir hualen ech
- Maggikrogt
- Salz, Salz déint dozou Past an flëssigt Gewürz haltbar ze maan.
- Péitersilich, deen jëtt net iwerall gebrauscht.
Zoubereedung
Maggikrogt-Past:
Maggikrogt grëndlich wäschen an der Zalootenschleider drëchnen.
Mam Püréierstaaf an ongeféier 15% Salz su lang püréiren bis Salz sech opgelisst hat.
An proper Gläser fëllen an fest verschléissen. Kéil an donkel lageren.
Salz mëcht Past haltbar. Richtig gelagert as dës Past bis zu engem Joer haltbar.
Maggikrogt-Past angefruaren
Hei jëtt o rëm wie uawen beschriwen Maggikrogt gewäsch, drëchen geschleidert an mam Püréierstaaf püréiert.
Hei brausch een keen Salz. An Äiswürfeldëppercher aaffëllen an anfréiren.
Gedrëchent
Maggikrogt wäschen, an der Zalootenschleider drëchenen.
Auserneen op eent Baaschblech mat Baaschpapeier leen.
Am Schiäffchen beo 50°C 6-7 Stonnen drëchnen. Klemm een Holzeläffel ant Dir vam Schiäffchen fir datt Fiitechkeet raus zéien kann.
Kontrolléier op Krogt goud drëchen as, an deems du et zwëchen den Fanger zerreiws. Wann et auserneen bröselt as et genau richtig.
Datt gedrëchent Maggikrogt kanns du ouni Salz verschaffen. Du kanns äwer o eent Krégdersalz draus maan, Mëschung variéiert, van z.B. 20 g Krégder an 10 g Salz bis zu 10 g Krégder an 90 g Salz. Hei heescht et einfasch ausprobéiren, schmaaschen an dein egene Goût fannen.
Grondsätzliches iwert Salz
Salz as eng anorganisch Verbindung. Datt heescht, et sen keng Inhaltststoffer dran, déi durich Bakterien oder Schammel zersetzt kanne jänn. Doweenst kann o Hogt na ouni bedenken Steensalz, datt well 220 Milliounen Joer ënnert dem Buadem légt verschaffen.
Flëssigt Gewürz
An dann kann een na eent flëssigt Gewürz maan. Hei hëllt een entweeder nëmmen Maggikrogt an ongeféier 10% Salz oder 2 Deeler Maggikrogt, 1 Deel Péitersilich an ongeféier 10% Salz.
Krégder wäschen an graff hacken.
Zesaammen mam Salz an Waasser opsetzen, opkooschen loossen an op niddreger Hëtzt 30 Min. mat Deckel kooschen loossen.
Dësen Sud durich eng Passette schëdden an Krégder goud ausdrecken.
An eng proper Fläsch fëllen, kéil an donkel gelagert as dëst Gewürz bis zu engem Joer haltbar.
Maggikrogt – Liebstöckel
Schwierigkeit: einfaschZutaten
- Fir Past
150 g Maggikrogt
20 g Salz
- Gefruaren
150 g Maggikrogt
- Gedrëchent
150 g Maggikrogt
optional: van 75 g Salz bis zu 675 g Salz
- Flëssig
150 g Magikrogt
oder 100 g Maggikrogt an 50 g Péitersilich
500 ml Waasser
50 g Salz
Zoubereedung
- Fir Past
- Maggikrogt grëndlich wäschen, an der Zalootenschleider drëchnen.
- Mam Püréierstaaf püréiren, Salz ënnermëschen an su lang püréire bis Salz sech opgeliist hat.
- Gefruaren
- Maggikrogt grëndlich wäschen, an der Zalootenschleider drëchnen
- Mam Püréierstaaf püréiren, an Äiswürfelfomen fëllen an anfréiren.
- Gedrëchent
- Maggikrogt wäschen an der Zalootenschleider drëchnen.
- Op eent Baaschblech ausgebreed bei 50°C am Schiäffchen 6-7 Stonnen drëchnen.
- Datt gedrëchent Maggikrogt kanns du ouni Salz verschaffen. Du kanns äwer o eent Krégdersalz draus maan, Mëschung variéiert, van z.B. 20 g Krégder an 10 g Salz bis zu 10 g Krégder an 90 g Salz. Hei heescht et einfasch ausprobéiren, schmaaschen an dein egene Goût fannen.
- Flëssig
- Maggikrogt wäschen.
- Salz an Maggikrogt an eent Dëppen leen, Waasser drop schëdden. Opkooschen loossen.
- Op niddreger Hëtzt 30 Min. mat Deckel kooschen loossen.
- Dësen Sud durich eng Passette schëdden an Krégder goud ausdrecken.
- Na waarem an proper Fläschen oder Gläser fëllen, fest verschléissen, kéil an donkel lageren.