Marinade fir Poulet no portugiesisch Art

An dësem Artikel beschreiwen ech dir wie ech meng Marniade fir Poulet no portugiesisch Art maan. Dës Marinade ass wirklich eng explosioun aan Aromen, déis du an all Maufel schmëchs!

Die portugiesisch Këchen ass reich aan Gewürzer, frësch Zutaten an dem Anfloss aus der ganzer Welt. Dës Marinade ass do keng Ausnahm. Sie vereent d’Aromen vam Knuawléck, Olivenualeg an Krégder zu enger köstlicher Mëschung, déi charaktersistisch fir die portugiesisch Këchen ass.

Tipps

  1. Fir deen besten Aroma ze kreien soll natiirlëch alles frësch sen. Mat gedrëchenten Krégder jëtt et äwer o eng goud Marinade.
  2. Am besten jëtt den Poulet wann en die ganz Nait an dëser Marinade légt. wann et äwer mol mi siier goen muss, op mannst 30 Min. durichzéien loossen.

Varianten

Am Platz vam Zitrounensaaft kanns du dës Marinade o mat Wäissewéngessig oder wäissem Wéng zoubereeden, die schmëscht graad su goud.

An verschidden Regiounen van Portugal jëtt zousätzlich Porto geholt, fir dëser Marinade een séisslichen Aroma ze jänn.

Anner Regiounen brauschen bëssen Feier an mëschen Chili mat ënnert Marniade. Fir z.B. deen bekannten Poulet Piri-Piri.

Marinade fir Poulet no portugiesisch Art

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 4-6 Ziiwen Knuawléck

  • 120 ml Olivenualeg, oder 60 ml Olivenualeg an 50 g Botter/-schmalz

  • Saaft van 2 Zitrounen

  • 1 TL séisst Paprikapolwer

  • 1 TL gereechert Paprikapolwer

  • 1 TL Oregano

  • 1 TL Salz

  • 0,5 TL – 1 TL schwarze Peffer

  • Optional: frëschen Koriander

  • Optional: 1 TL Thymian

  • Optional: 0,5 TL Chiliflocken

  • Optional: Speckwürfel

Zoubereedung

  • Methoude 1
  • De Knuawléck mam Salz am Mörser zu enger feiner Past zerreiwen.
  • Sämtlich Krégder, wann se frësch sen, strëppen an fein hacken.
  • An enger Schossel den Olivenualeg, Zitrounensaaft, Gewürzer an Krégder goud mateneen vermëschen.
  • D’Fleesch ant Marinade leen, goud anmasséieren an zougedeckt iwert Nait an de Frigo leen.
  • Methoude 2
  • De Knuawléck schiälen an dënn Scheiwen schnégden.
  • Sämtlich Krégder, wann se frësch sen strëppen an fein hacken.
  • Den Olivenualeg, oder Olivenualeg an Botter/-schmalz an eng kaal Pann fëllen.
  • Hei kanns du o na zousätzlich Speckwürfel mat dobäi leen.
  • Op Feier setzen an gemellig erhëtzen.
  • Sämlich Krégder an den Knuawléck drënner mëschen.
  • Su lang erhëtzen bis den Ualeg aafänkt mat spruddelen, dann van der Plaque zéien an eng kaal Schossel ëmfëllen.
  • Mariande komplett auskéilen lossen, dann iwert Fleesch schëdden goud anmasséiren an zougedeckt iwert Nait an den Frigo stellen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*