Inspiréiert ass dësen Menü van Marry me Chicken, saaftigen Poulet an enger cremiger Zooss. Hokt driien ech datt Ganzt bëssen, et ass ëmmer na Poulet äwer Bouletten, zesaammen mat Orzo-Pasta, Spinat an gedrëchent Tomaten, alles an enger würziger Zooss gekooscht.

De Bleck zereck
Bouletten sen am Gronn näist annëcht wie kleng, gewürzt Gehackteskéichelcher, eng Iddi die su aal ass, datt se kaum engem eenzelnen Land oder Epoch zougeschriwen kann jiän.
Well am antiken Roum sen et Rezepter jiän fir „Isicia Omentata“, Fleeschpastéiten aus fein gehacktem Fleesch, Krégder an Gewürzer, dachs gebrooden oder am Wéng gekooscht. Deemools wor et meestens Lamm oder Rand, äwer d’Iddi, d’Fleesch ze zerklengeren, ze würzen an ze formen wor gebuaren.
Mat der Zekt hat sech all Kultur an dësen Prinzip aangepasst. An der Türkei entweckelten sech doraus Köfte, an Schweden Köttbullar, an Däitschland Frikadell, an Südostasien aromatisch Bällercher aus Poulet mat Ingwer an Koriander. Gefligel ass an d’Spill kommen subal et bëllig an verfübar jiän ass. An Europa am 18ten an 19ten Joerhonnert, wie d’Haalen van Houhner om Baurenhof alldäglich jiän ass.
Die kleng räisförmig Pasta kënnt ursprünglich aus Italien, sein Naam bedeit tarsächlich „Giäscht“ äwer just weent der Form, sie besteht aus Hartzweizengriess. Et ass datt mediterrant Comfort-Food, gekooscht an enger Bréit, an zervéiert wie Risotto oder an enger Zopp.
De Spinat hat sen eegen kleng Réis hannert sech. Ursprünglicg stammt de Spinat aus Persien, an hat sech van Nordafrika iwer Spanien an ganz Europa verbreet. Well fréih ass de Spinat an Kombinatioun mat Ei an Kiiss zervéiert jiän, ähnlich Zutaten déi o an mengem Rezept harmonéiren.
Wie ass „Marry me chicken“ mat mengem Menü verbonnen?
Die modern Inspiratioun „Marry me Chicken“ ass die ischte kéier an amerikanischen Foodblogs opgetaucht, irgendwu zwëschen romantische Marketing-Iddien an engem Social-Media-Trend.
Eent Rezept mat Erfolig, ech kreien et ëmmer rem gewissen wann ech am Netz am stöberen sen.
- Saaftig Poulet
- Cremig Zooss, mat Schmand, Bréit an Parmesan
- Gedrëchent Tomaten an Spinat
- Krégder
D’Iddi dohanner ass einfasch, d’Balance vam Goût, vill Textur an eng angenehm Würzigkeet.
Genau datt wollt ech op meng Pouletbouletten iwerdroen. Am Platz Pouletfilet han ech ausgbeenten Pouletstrempelen ouni d’Hogt gehollt, déi han ech am Mixer zerklengert, gewürzt an zu Bouletten geformt. Pouletstempelen bleiwen mi saaftig wie de Poulefilet. Déi sen dann goldbrong aangebrooden jiän. Dobäi Orzo-Pasta, déi an der Bréit kooscht, sie hualen net nëmmen d’Flëssigkeet op, mee o de Goût.

Firwatt fonktionéiert dësen Menü?
- Maillard-Reaktioun, wann d’Bouletten an der Pann brooden reagéiren d’Aminosäiren an Zocker zu honnerten neien Aromamolekülen. Datt jiët dësen herzhaften, umamiräichen Goût, deen mir su jiären han.
- An der Zooss verbënnt d’Kombinatioun aus Olivenualig, bëssen Botter an de Schmand die fettlieslich Aromastoffer van Krégder, Knuawelek an Parmesan. Dës bleiwen mi lang am Mond an verstiäriken su den Aroma.
- Orzo ass wie een Schwamm, durich die kleng Oberfläch an d’Kooschen driekt an der Bréit, suarigt d’Stärke dofir datt Zooss gebonnen jiët. Zur gläicher Zekt hualen d’Nuddelen die ganz Aromen aus der Zoss an vam Brootsatz op.
- Gedrëchent Tomaten an de wäissen Wéng suarigen fir eng fein Säier, déi d’Fett ausgläicht.
- De Spinat enthält Chlorophyll, datt net nëmmen fir die gréin Faaref suarigt, mee o liit batter Nuancen matbrengt, déi deen crèmig, séisslich an tomatigen Goût perfekt aafronnt.
- Krégder enthaalen ätherisch Ualiger, déi vam Fett geliesst jiän. Gedrëchent Krégder mat der Pasta kooschen, frësch Krégder rischt zum Schluss ënnermëschen.
Su han ech dësen Menü gekooscht
Van deen ausgebeenten Pouletstrempelen han ech d’Hogt raaf gezujien an se am Mixer zerklengert. Déi han ech gemëscht mat gehackten, gedrëchenten Tomaten, gehackten Ënnen, gehacktem Knuawelek, Salz, Päffer, Panéiermiähl, Parmesan, italienisch Krégdermëschung an gehacktem Péitersilich. Datt han ech goud vermëscht an dann kleng Bouletten geformt. An enger Mëschung aus Olivenualig an Botter an ech se dann rondrëm goldbrong aangebrooden, raus geholt an op Ségt gestallt.
TIPP aus menger Këchen: D’Tomaten, d’Ënnen an de Knuawelek han ech o am Mixer zerklengert, watt alles mi kleng an fein gehackt ass, watt sech de Goût an der Boulette besser verdeelt.



Fir Zooss han ech an der selwischter Pann, evtl, na bëssen Botter erhëtzt an die gehackten Ënnen op mëttel Hëtzt gebrooden bis se Faaref kreien, do drënner han ech dann graff gehackten gedrëchent Tomaten an gehackten Knuawelek gemëscht. Subal datt aafänkt mat rauschen han ech d’Pasta ënnergemëscht an déi kuurz aangeréistert, datt läschen ech dann mam wäissen Wéng aaf an loosen deen ankooschen. Do drop han ech d’Bréit geschott, eng kéier opkooschen geloss, geschmaascht an mat Salz, Päffer, Muskot an italienischer Krégdermëschung Gewürz. Op niddriger Hëtz mat Deckel su lang kooschen loossen, bis Pasta mëll ass. Ongeféier 10 bis 12 Minuten.
Kuurz viraan Schluss van der Kooschzekt, han ech de Schmand an de Parmesan drënner gemëscht, an subal den Parmesan ganz geschmolz ass, leen ech d’Bouletten an de Spinat dran. Mat Deckel datt Ganzt na paar Min. durich zéihen loossen, su datt de Spinat zesaammen fällt an d’Bouletten durich waarem an gar sen. Virsichtig mëschen an mat gehacktem Péitersilich oder gehacktem Basilikum garnéiert zervéiren.



De Bleck an d’Zukunft
Ob dësen Menü een Klassiker jiët weess na keen, en hat op alle Fall potenzial dofir, et ass eent richtig Comfort-Food, würzig, crèmig, herzhaft. Ausserdem kanns du et ganz denger Virléift aanpassen, wie z.B.:
- Mat Kooschelen, Courgetten an sugar Safran.
- Gefligelfleesch passt an vill Gesondheetskonzepter. Orzo-Pasta kann durich Glutenfräi oder Vollkorn ersatt jiän. De Spinat brengt zousätzlich Vitaminen an d’Spill
- Et ass eent One-Pot-Ässen, datt sech wonnerbar fir eent Ässen mat Frënn eegent, genau datt watt hokt modern ass.
Et ass bëssen mi wie nëmmen Pasta an Fleesch. Et verbënnt kulinairsch Traditiounen aus verschidden Kulturen an notzt modern Food-Trends. Et ass eent Ässen, datt weisst, datt Comfort-Këchen net langweilig ass, mee spannend, intensiv am Goût an villäicht bëssen romantisch.
„Marry me Bouletten“ mat Orzo-Pasta
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen20
Minuten20
MinutenZutaten
- Fir d’Bouletten
500 g ausgebeente Pouletdtrempelen, ouni Hogt, am Mixer zerklengert
3-4 EL Panéiermiähl
3-4 EL Parmesan, frësch geriwen
2 EL gedrëchent Tomaten, fein gehackt
1 TL Salz
1 TL Päffer
1 Ziif Knuawelek, fein gehackt
1 Ënn, fein gehackt
0,5 TL gereechert Paprikapolwer
1-2 TL italienisch Krégdermëschung
1-2 EL Péitersilich, gehackt
Olivenualig an Botter fir ze brooden
- Fir Zooss
evtl. na bëssen Botter
1 Ënn, gehackt
100 g gedrëchent Tomaten, graff gehackt
4 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
250 g Orzo Pasta
100 ml wäissen Wéng, oder de Saaft van 0,5 Zitroun
500 ml Houhnerbréit
50 ml Schmand
50 g Parmesan, frësch geriwen
100 g – 150 g frëschen Spinat
Salz, Päffer
bëssen Muskot
2 TL italienisch Krégdermëschung
Fir d’Garnitur: gehackten Péitersilich oder gehackten Baslikum
Zoubereedung
- Fir d’Bouletten
- Sämtlich Zutaten fir d’Bouletten han ech enger Schossel goud mateneen vermëscht an doraus kleng Bouletten geformt.
- TIPP aus menger Këchen: zerklenger d’Ënnen, de Knuawelek an die gedrëchent Tomaten o am Mixer, watt alles mi fein gehackt ass, watt sech de Goût an der Boulette besser verdeelt.
- An enger waarmer Pann han ech eng Mëschung aus Botter an Olivenualig erhëtzt an d’Bouletten do dran goldbrong aangebrooden. Déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
- Fir Zooss
- An der selwischter Pann erhëtzen ech wann nigdig op mëttel Hëtzt na bëssen Botter, do dran brooden ech d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien.
- Do drënner mëschen ech die gedrëchent Tomaten an de Knuawelek, subal datt aafänkt mat rauschen mëschen ech Pasta drënner an réisteren déi kuurz mat aan.
- Datt läschen ech dann mam wäissen Wéng aaf, an lossen deen ganz ankooschen.
- Als nächst schëdden ech d’Bréit drop, loossen et kuurz opkooschen, schmaaschen an würzen mat Salz, Päffer, Muskot an der italienischer Krégdermëschung. Op niddirger Hëtzt an mat Deckel lossen ech alles su lang kooschen bis Pasta al dent ass. (ongeféier 10 bis 12 Min.)
- Kuurz vriaan Schluss van der Kooschzekt schëdden ech de Parmesan an de Schmand dobäi, vermëschen alles an subal de Parmesan geschmolz ass leen ech d’Bouletten an de Spinat dran. Mat Deckel lossen ech datt Ganzt paar Min. durichzéihen, su datt de Spinat zesaammenfällt an d’Bouletten durich gar an waarem sen.
- Op Telleren verdeelen an mat gehacktem Péitersilich oder gehacktem Basilikum garnéiert zervéiren.