Panéierten Chou-fleurs

Panéierten Chou-fleurs ass dachs eent Ässen datt ënnerschätzt jiët. En kann äwer, wann en richtig gemaat ass, jiät Feierliches aan sech han. Wann en gemellig an der Pann Faaref aanhëllt, den Geroosch van geréistertem Panéiermiähl, bal wie eent Sonndesässen ouni Fleesch.

Has du wëlles deen eng Kéier ze kooschen, behandel en nez wie eng Beilaag, mee wie den Hauptdarsteller.

De Choufleurs an enger goldiger Panade

Hual een schingen festen Chou-fleurs, d’Bläder na frësch an knackig. Datt ass ëmmer eent goud Zeechen.

Deen ischte wichtigen Moment ass d’Virbereedung. D’Bläder raaf schnegden an de Chou-fleurs an Ruusen zerdeelen, net ze kleng schnegden, sie sollen während dem Brooden hier Substanz behaalen.

Ech blanchéiren d’Ruusen fir paar Min. am kooschenden Salzwaasser. 4, villäicht 5 Min. jin daar, net mëll kooschen en soll na Widderstand han, soss verléiert en spéider an der Pann sein ganze Stolz.

Ganz wichtig ass, den Chou-fleurs dono ausdämpen an aafkéilen loossen. D’Fiitegkeet verdrigt sech nämlich net su goud mat der Panade. Ech leen en dofir meestens ausgebreet op Këchenpapeier.

D’Panade, hei fängt den Zauber aan.

Ganz klassisch:

  • Miähl
  • Ei
  • Panéiermiähl

Hei kanns du äwer well den Handschrëft mat anbrengen.

  • Ech maan z.B. en Messerspëtzt Muskot mat an d’Ei.
  • ausserdeem mëschen ech bëssen Parmesan an Rosmarin ënnert Panéiermiähl.

An dann virsichtig panéieren. Panade drecken ech liit fest, sie soll net drop leien, sie soll verbannen.

D’Brooden. Gedold, näist iwerstierzen

Hual eng Pann an erhëtzt déi mol firtischt goud. Subal déi waarem ass, driien ech d’Hëtzt raaf an loossen genou Botterschmalz schmëlzen. Du kanns hei o een neutralen Ualig hualen, äwer sen mer éierlich, Botterschmalz schmëcht einfasch besser.

Die panéiert Ruusen leen ech dann an dat waaremt Fett an loossen se goldbrong brooden. Hei passéiert datt Entscheedend. D’Stärke am Chou-fleurs, d’Ei, d’Panéiermiähl, alles verbënnt sech zu enger aromatischer, knusperiger Krust.

Net ze fréih driien, Jiëff hinen Zekt an looss se Faaref aanhualen.

Een klengen Trick aus der klassischer Këchen

Wann se baal fiärdig sen, eent klengt Steck frëschen Botter an d’Pann leen. Net van Aafank aan, deen jiff soss verbrennen.

D’Botter schäimt, jiët liit nossig an du verdeels deen flëssigen Botter mat engem Läffel iwert dem Chou-fleurs. Datt ass deen Moment, deen aus „goud“, „onverjiässlich“mëcht.

Dobäi…

Ech jiff jiät Frësches dogeent setzen:

  • Een Joghurt-Dip mat Knuawelek, Zitroun an Péitersilich
  • oder ganz einfasch: kuurz viraam zerwéiren eng Sprutz Zitrounensaaft iwert deem waarmen Chou-fleurs verdeelen.

D’Säier hiäft alles.

An der fransiischer Këchen jiff een su jiät baal wie een „beignet de Chou-fleurs“ behandelen. Eent einfascht Produkt, verwandelt an eng Delikatesse.

Genau dorëm jiët et, net komplizéiert kooschen, mee bewosst.

Tipps:

  • Am Schiäffchien jiët datt o: D’Ruusen op engem Blech verdeelen, bëssen Ualig driwer drëpsen an bei ongeféier 200 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir ongeféier 20 bis 25 Min. baaschen.

Panéierten Chou-fleurs

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

15

Minuten

Zutaten

  • 1 Chou-fleurs

  • 3 bis 4 EL Miähl

  • 2 Eier

  • 100 bis 150 g Panéiermiähl

  • Salz

  • Päffer

  • Optional: Paprikapolwer, Parmesan, Rosmarin, Muskot

  • Ualig oder Botterschmalz fir ze brooden

Zoubereedung

  • Vam Chou-fleurs schnegden ech die gréin Bläder raaf an zerdeelen en an Ruusen. Déi blanchéiren ech fir 5 bis 7 Min. am kooschenden Salzwaasser. Net ze mëll kooschen en soll na Biss han.
  • De Chou-fleurs aafschëdden, goud aafdrëpsen loossen an ausdämpen an aafkéihlen loossen, ech leen en dofir ausgebreet op Këchenpapeier.
  • Panéierstrooss virbereeden:
    1 Teller mat Miähl
    1 Teller mam opgeschloenen Ei, hei mëschen ech d’Salz an de Päffer drënner. optional kanns du o den Paprikapolwer hei mat drënner mëschen.
    1 Teller mam Panéiermiähl, hei mëschen ech optional de Parmesan an de Rosmarin mat drënner. (D’Mëschung Panéiermiähl an Parmesan kann 1:1 sen)
  • Een noom anneren panéieren ech de Chou-fleurs, firtischt am Miähl, dann am Ei an zum Schluss ma Panéiermiähl.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech vill Ualig. Op mëttel bis hii Hëtzt brooden ech do dran de Chou-fleurs bis en all rondrëm goldbrong ass.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*