Hähnchen, Paprika, Reis, Petersilie, Tomaten, Pilze, Champignon

Paprika-Rahm-Poulet

Paprika-Rahm-Poulet as eent köstlichen Menü, datt aus saaftig gebroodene Pouletstécker an enger crémiger Paprika-Rahmzooss zoubereed jiänn. Dëst Ässen jëtt mat Beilaagen wie Reis, Nuddelen oder Gromperen zervéiert an dann mat frëschen Krégder wie Péitersilich garnéiert. Et as bekannt fir sein gouden an herzhaften Geschmaasch.

Pouletfilet am Schiäffchen zoubereeden.

Einfasch do draan as, du würz dengt Fleesch mat Peffer an Salz, an ganz ouni brooden jëtt Fleesch an der Zooss am Schiäffchen geschmort.

Jët Fleesch äwer firtischt aangebrooden an dann am Schiäffchen färdeg gegart hast du na zousätzlich Röstaromen déi dësem Menü na mi Aroma jiänn.

Fir die 2 Methouden muss du Fleesch net gruussartig marinéiren, mat Salz an Peffer gewürzt eng goud halef Stonn durich zéien geloss deet et, die aromatisch Zooss mëcht deen Rest.

Ech rooden ëmmer fir Fleesch aanzebrooden, et schmëscht besser.

Poulet wäschen oder net?

Riit Gefligel as dachs mat Bakterien wie Salmonellen oder Campylobacter belast. Jëtt Fleesch gewäsch, verschwannen déi Bakterien net, am Geegendeel, net nëmmen datt se sech om Fleesch verdeelen, durich Waassersprutzen kannen Bakterien sech an der ganzer Këchen verdeelen. Ausserdeem iwerdroen se sech su op Hänn an dann op anner Liäwensmëttel déi net su starik erhëtzt jiänn. Z.B. eng Tomat déi geschnidden jëtt fir an eng Zaloot.

Wie hii muss Temperatur sen fir datt Bakterien wie z.B. Salmonellen aafstiärwen?

Bakterien vermehren sech rasant bei enger Temperatur van 7°C bis 45°C. Rischt ab enger Temperatur van 70°C, déi iwer 2-3 Min. gehaalen jëtt stärwen Bakterien aaf.

As Gefligel ëmmer mat Bakterien behaft?

Gefligel kann van Natur aus Salmonellen an Campylobacter enthaalen. Trotz allen Aastrengungen van der Landwirtschaft as Gefligel bis Hogt net Bakterien frei. Dofir as et wichtig Gefligel ëmmer eenzel angepackt am Frigo ze laageren. An o wann Fleesch paar Wooschen an der Truh légt stiärwen Bakterien net aaf. Just Temperatur van 70°C oder driwer suarigt dofir datt Bakterien aafstiärwen.

Zutaten

  • Pouletfilet oder Schwéngschnitzel
  • Paprika, Faaref as hei egal
  • Kooschelen
  • frësch Tomaten
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Bréit, Fleeschbréit brengt am meesten Goût mat, du kanns äwer o mat enger Geméissbréit kooschen. Am besten eng die selwer gemaat as.
  • Rahm
  • Olivenualeg fir ze brooden
  • Peffer & Salz
  • frësch oder gedrëchent Krégder: Thymian, Rosmarin, Basilikum…
  • Optional kanns du o na Speckwürfelen mat dran maan.

Zoubereedung

Fleesch würzen ech mat Salz a Peffer an loossen et goud halef Stonn durichzéien.

Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn Halefronselen. De Paprika entkären ech an schnégden deen an dënn Streifen. Kooschelen botzen an halbéiren, oder an véirel schnégden, hängt van der Griist aaf. De Knuawléck jëtt fein gehackt an Tomaten schnégden ech an aaschtel.

Wann ech Speck mat dran maan deen an Würfel schnégden.

De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden Fleesch kräftig rondrëm aan, datt leen ech dann an eng feierfest Form.

An der selwischter Pann brooden ech dann Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien, déi verdeelen ech dann om Fleesch.

Als nächst brooden ech den Paprika kräftig aan, an o deen verdeelen ech om Fleesch.

Genausu maan ech et o mat den Kooschelen an mam Speck.

Dann brooden ech Tomaten mam Knuawléck aan, déi läschen ech dann mat der Bréit aaf, loossen alles opkooschen an bis op Halschent ankooschen. Datt Ganzt würzen ech mat Salz, Peffer an Zitrounensaaft, du kanns hei o na verschidden frësch oder gedrëchent Krégder dobäi maan, wie z.B: Thymian, Rosmarin, Basilikum… Ech han mir déi Krégder gemëscht an 1 TL dovan mat ënnergemëscht. Bei frëschen Krégder kanns du natiirlech bëssen mi dran maan.

Subal Zooss reduzéiert as, schëdden ech Rahm drop, lossen alles na eng kéier opkooschen an bis op die gewënschten Konsitenz ankooschen.

Zooss schëden ech dann iwert Fleesch an setzen alles fir ongféier 30-35 Min. an deen waarmern Schiäffchen.

Ech han hei Pilawreis dobäi gekooscht an alles mat gehacktem Péitersilich garnéiert.

Paprika-Rahm-Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

35

Minuten

Zutaten

  • 600 g Pouletfilet oder Schwéngschnitzel

  • 300 g an dënn streifen geschniddene frëschen Paprika (Faaref as egal)

  • 200 g halbéiert oder an véirel geschnidden Kooschelen

  • 4-6 an aaschtel geschnidden Tomaten

  • 2 an dënn Halefronselen geschnidden Ënnen

  • 2 fein gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 250 ml Bréit

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 150 ml Rahm

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • Peffer & Salz

  • Frësch oder gedrëchent Krégder (Thymian, Basilikum, Rosmarin…)

  • optional: 100 g an Würfel geschniddene Speck

Zoubereedung

  • Fleesch salzen an pefferen an eng halef Stonn durich zéien loossen.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • An enger waarmer Pann Olivenualeg erhëtzen an Fleesch rondrëm kräftig aan brooden. An eng feierfest Form leen.
  • An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Déi verdeelen ech dann om Fleesch.
  • Dann brooden ech de Paprika aan, an verdeelen deen o iwert dem Fleesch
  • Genausu maan ech mat den Kooschelen an mam Speck.
  • An der selwischter Pann brooden ech Tomaten mam Knuawléck, déi läschen ech dann mat der Bréit aaf an loossen se bis op Halschent ankooschen. Datt Ganzt würzen ech mat Peffer, Salz an Zitrounensaaft. Evtl. na frëschen oder gedrëchenten Krégder ( Thymian, Rosmarin, Basilikum…) Ech han mir datt gemëscht an 1 TL ënnergemëscht.
  • Subal Zooss reduzéiert as, schëdden ech Rahm dobäi, lossen alles opkooschen an bis op die gewënschte Konsitenz reduzéiren.
  • Zooss schëdden ech dann iwert Fleesch an setzen alles fir ongeféier 30-35 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • Ech han hei Pilawreis dobäi gekooscht an alles mat gehacktem Péitersilich garnéiert.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*