Pilafräis mat Geméiss an Poulet

Verschidden Ässen féihlen sech su selbstverständlich aan, datt een bal verjiësst, wievill Joerhonnerten, Geschichten an Zoufäll sie an sech droen. Meng Räispann mat Geméiss an Poulet gehiiert genau an dës Kategorie. Op deen ischten Bleck eent simpelt an einfascht Ässen. Goud fir den Alldaag, well et siier zoubereed, an alles an engem Dëppen gekooscht jiët.

D’Wuurzelen vam Räis

Räis ass net nëmmen eng Beilaag, mee well segt Joerdausenden een zentralen Bestandeel van der mënschlicher Ernährung. An Südostasien ass de Räis well viraan 10000 Joer kultivéiert jiän. Van do aus hat heen sein Weeg iwert d’Handelsstroossen bis an Indien, Persien an spéider an den Mëttelmiärraum fond. All Kultur hat en annëcht behandelt, mol als séissen Mëlichräis, mol als deftigt Ässen.

Mein Menü orientéiert sech aan der Pilaf-Methoud, déi hirren Ursprong an Persien an Zentralasien haat. Well am 10ten Joerhonnert hat een Beschreiwungen fond, bei deene Räis zesaammen mat Geméiss an Fleesch gegart juff. Dësen Prinzip wor Revolutionär. Am Platz de Räis einfasch nëmmen am Waasser ze garen, hat een him direkt Goût jiän, andeems en an enger Bréit gekooscht juff. D’Kären se locker bliwen an d’Aromen van der Bréit sen ogehollt jiän. Wann een et su kuckt ass de Pilaf-Räis deen eleganten Brouder vam einfaschen wäissen Räis.

D’Entwéckelung vam Pilaf iwert d’Joerhonnerten

Mat deen arabischen Händler, déi am Mëttelalter hir Gewürzer an Handelsnetzer van Indien bis Spanien gesponnen han, ass o d’Iddi vam Pilaf an de Westen kommen. An der Türkei hat sech doraus den „Pilav“ entweckelt, an Griechenland fënnt een ähnlich Varianten, an am Kaukasus gehiiert en suwiesu zum Alldaag.

Am 18ten, 19ten Joerhonnert sen dann o d’Europäer op de Goût kommen. An Frankräich hat een mat Bréit, Botter an Kregder experimentéiert, während an Russlan de „Plov“ entstannen ass an bal zum Nationalässen juff. All Regioun hat hir eegen Aromen ënnergemëscht, wie z.B. Nëss, gedrëchent Friischten, Lamm, Fësch oder saisonalt Geméiss.

Datt ech hokt eng Räispann mat Courgetten, Muurten an Poulet kooschen, ass näist Modernes, mee een Deel van enger langer Entwecklung. Ech hualen een uraalen Prinzip an passen et aan eis aktuell Bedürfnisser aan, siier, gesond, liit an trotzdeem voll Goût.

An Hokt? Modernen Anfloss an praktisch Ëmsetzung

Die modern Këchen ass pragmatisch jiän. Vill han einfasch net déi Zekt oder deen Iddi, sech stonnelang bei d’Kooschdëppen ze stellen. Mir han Pannen, Induktiouns- oder Ceranfelder an vill goud Zutaten aus der ganzer Welt.

Meng Versioun:

  • Räis: klassich an enger Bréit gegart, fir datt en sein Aroma entfaalen kann.
  • Geméiss: Courgetten an Muurten, liit, frësch an faarwig.
  • Poulet: mooert Fleescht, datt sech perfekt aanpasst, ouni dominant ze sen.
  • Gewürzer: Ënnen an Knuawelek, Salz an Päffer sen Basis, dobäi Kurkuma fir Faaref an Wiäremt, Neelcheskäpp an Lorbeer, fir een dezenten nostalgischen Aroma.

Datt interessants aan dësem Ässen, ech notzen eng aal Technik, äwer mat Zutaten déi een hei am Buttik ze koofen krëtt an ëmmer verfübar sen. Mir mussen net op eent Festässen waarden, datt kann Owes gekooscht jiän, wann den Daag lang wor an een einfasch jiät Besonniges ässen wëll.

D’Roll vam Gewürz

Villäicht stelles du dir d’Froosch, firwatt graad dës Gewürzer sou goud harmonéiren. En bëssen Këchenchemie stëcht ëmmer dran.

  • Kurkuma: enthält de Faarefstoff Curcumin, deen net nëmmen intensiv jiäll fiäreft, mee o antioxidativ wirikt. En ënnerstëtzt d’Fettverdauung an brengt eng erdig Wiäremt an d’Ässen.
  • Neelcheskäpp: sie sen räich aan Eugenol, engem ätherischen Ualig mat antiseptischer an wiärmender Wirikung. Kleng Mengen brengen eng liit, baal séisslich Schiäreft.
  • Lorbeerbläder: jiän gemeelig hiren ätherischen Ualig aaf, ënner annerem Cineol an Linalool, déi fir den typisch herben, liit balsamischen Doft suarigen. Sie wiriken wie een Fadem, deen sämtlich Aromen zesaammenhällt.
  • Salz an Päffer: d’Klassiker, d’Salz verstiärikt durich d’Osmose den Eegengoût, während de Päffer mat sengem Stoff, dem Piperin eng dezent Schiäreft brengt, déi sech wonnerbar mat der Wiäremt vam Krukuma verbënnt.

Dës Kombinatioun suarigt net nëmmen fir Goût, mee o fir Balance, erdig, frësch, würzig, mëll an äwer komplex.

Firwatt fonktionéiert dëst Ässen?

Pilaf-Methoud: Durich datt kuurzt aanréisteren vam Räis mat bëssen Fett jiët d’Stärke liit versigelt. Dodurich pëscht de Räis spéider net su zesaammen. Ausserdeem hualen d’Kären su den Arome vam Fett an van den Gewürzer op.

D’Geméiss an der Bréit: Courgetten an Muurten jiän mam Räis gekooscht. Sie jiän während dem Garen Aromastoffer aaf. Dodruich jiët d’Bréit séisslich.herzhaft, watt zousätzlich de Räis aromatiséiert.

Protein: Poulet liwert mooert Eiwäiss, datt während dem Garen an d’Bréit iwerjieet. Déie Flëssigkeet, déi de Räis ophëllt, een Kreesloof deen alles mateneen verbënnt.

Faarwenspill: Kurkuma fiäreft net nëmmen sching, mee wirikt o als natiirlichen pH-Indikator. Je no Säiergehalt verännert sech d’Faaref liit. An Kombinatioun mat de Muurten ensteht su een Orange-Goldtoun, deen Appetit aanreegend ass.

Aromabindungen: Vill Gewürzer enthaalen ätherisch Ualiger, déi fettlieslich sen. Dofir ass datt kuurz aanréisteren su wichtig, just su kannen sech die komplex Doftstoffer voll entfaalen an spéider am Räis verdeelen.

De Bléck no vir

Die modern Këchen ass Fusioun an Experiment. Ween weess, villäicht land an menger nächster Räispann, Kokosmëlich, Ingwer an Kürbis. Datt ech Poulet geent Tofu tauschen wärt bei mir wahrscheinlich net passéieren, mee villäicht lossen ech de Poulet ganz fort an maan dofir mi Geméiss dran. Genausu kann de Räis durich Quinoa oder Dinkel ersatt jiän, wann een Iddi op Aafwiässelung hat.

Goud Këchen mëcht net nëmmen satt, mee sie erzällt Geschichten. Sie verbënnt Generatiounen, Kulturen an die verschidden Liäwensarten. Dësen Pilawräis mat Geméiss an Poulet ass fir mech su eent Ässen: einfasch, wandelbar an éierlich.

An der Zukunft setzen mir eis villäicht na mi domatt auserneen watt op eisen Telleren land. Mir wärten mi kooschen an verschaffen watt bei eis wiist. An mir wärten mi dachs zesaammen aam Uawen stoen, net nëmmen fir den Goût, mee o fir d’Gemeinschaft.

Fazit:

Egal wievill mir experimentéieren, d’Grondiddi van dësem Ässen bleift ëmmer die selwischt: Een Kär, gegart an enger Bréit, zesaammen mat deem watt Joereszekt ze béiden hat. Datt ass een Konzept, dee o na an honnert Joer Sënn erjiët.

Pilafräis mat Geméiss an Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

15

Minuten
Kooschen

25

Minuten

Zutaten

  • 2 Pouletfielt, an dënn Sträifen geschnidden

  • Botterschmalz oder Olivenualig fir ze brooden

  • Salz

  • Päffer

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 250 g Langkärenräis

  • 500 ml Bréit

  • 3 Muurten, an dënn Stäbercher geschnidden

  • 2 kleng Courgetten, an Halefronselen geschnidden

  • 0,5 TL Kukumapolwer

  • 2 Neelcheskäpp

  • 1 Lobeerblaad

  • Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Räis grëndlich wäschen, bis d’Waasser kloer ass, goud aafdrëpsen loossen.
  • An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Botterschmalz oder Olivenualig, do dran brooden ech de Poulet all rondrëm goldbrong aan, würzen mat Salz an Päffer. Deen hualen ech raus an stellen en op Segt bis ech en brausch
  • An der selwischter Pann erhëtzen ech wann nigdig na bëssen Botterschmalz an booden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen, bis se mëll se, äwer ouni datt se Faaref kreien.
  • Dann kënnt de Knuawelek dobäi an subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech de Räis drop an réisteren deen kuurz mat aan.
  • Als nächst läschen ech datt Ganzt mat der Bréit aaf. Do drënner mëschen ech dann d’Muurten an loossen alles opkooschen.
  • Noodems et gekooscht hat, mëschen ech d’Courgetten drënner an ech leen die ganz Gewürzer an Kregder dran.
  • Op niddrger Hëtzt an mat Deckel loossen ech datt Ganzt kooschen bis de Räis die ganz Flëssigkeet absorbéiert hat. (Ongeféier 18 Min.)
  • No der Halschent van der Kooschzekt mëschen ech de Poulet drënner, schmaaschen eng kéier an würzen lo villäicht well bëssen no.
  • Kuurz viraam zervéiren na eng kéier schmaaschen, an mat Péitersilich garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*