Portiounsgriiessten

Et as nie su einfasch raus ze fannen, wivill ech fir watt brausch, ech well jo han, datt jidfereen satt jëtt, ech well äwer o net zevill fortschmäissen. Do jiänn et paar Froen déi een sech stellen muss.

Wivill honger han meng Lékt?

Während ëmmer dovaan ausgejangen jëtt, datt äler Lékt manner ässen, han ech well dachs déi Erfahrung gemaat datt, datt net wirklich stëmmt. Wu een Ënnerscheed as, bei Lékt déi de ganzen Daag hart dobaussen schaffen an déi die den ganzen Daag om Büro setzen. Wu na een Ënnerscheed as, bei Jugendlicher, viraan allem wann se na am waassen sen, wann déi graad een Schuub maan, sen se net wirklich satt ze kreien.

Wie gruuss as den Hauptplat?

Beim Hauptplat ouni Entrée an ouni Dessert kann een su ëm die 600 g bis 700 g rechnen. (200 g bis 250 g Fleesch, 50 ml Zooss, 200 g bis 250 g Sättigungsbeilaag an 150 g bis 200 g Zaloot oder Geméiss) Datt kann bëssen änneren deemnoo watts du kooschs, bei engem Gartin mat vill Kiiss as een mi siier satt wie bei engem gruussen Zalootteller. An du kenns am normalen deng Lékt déi’s du agelaaden has, sen et gruuss Ässer oder ässen äwer ischter winiger.

Watt brausch fir een ganzen Menü?

Je noodeem wivill Gäng dein Menü hat sollten o Portiounen aan die eenzel Gäng aangepasst jiänn. Deen ganzen Ässensmenü légt bei ongeféier 800 g. Doraus kann een dann die eenzel Gäng berechnen.

Zopp & Eintopf

Hauptplat

  • Zopp ongeféier 400 ml
  • beim Eintopf 500 ml

Menü

  • als Entrée fir Zopp 150 ml bis 200 ml

Fleesch (Rand, Kalef, Schwéng, Lamm…)

Hauptplat

  • Fleesch ouni Schank 150 g bis 200 g
  • Fleesch mat Schank 250 g bis 300 g
  • Fleesch an enger Zooss ( Geschnezeltes, Goulasch, Bolognese…) 100 g
  • Gefligel ouni Schank 180 g bis 200 g
  • Gefligel mat Schank 200 g bis 250 g
  • Broot 250 g
  • Hamburger 250 g

Menü

  • Fleesch ouni Schank 150 g
  • Fleesch mat Schank 200 g
  • Fleesch an enger Zooss (geschnetzeltes, Goulasch, Bolognese…) 70 g
  • Gefligel ouni Schank 180 g
  • Gefligel mat Schank 200 g
  • Broot 200 g

INFO: et as ëmmer just Fleesch am riien Zoustand gerechent watt dran kënnt ouni Zooss.

Fësch

Hauptplat

  • Filet 200 g bis 220 g
  • Ganze Fësch 300 g bis 350 g
  • Miäresfriischten 150 g bis 180 g

Menü

  • Filet 130 g bis 150 g
  • deen ganzen Fësch hat datt Gewiit watt en hat.

INFO: et as ëmmer just den Fësch am riien Zoustand gerechent deen dran kënnt ouni Zooss.

Gromperen

Hauptplat

  • Salzgromper 200 g
  • Gromperenpürée 200 g
  • Fritten 150 g
  • Gnocchi 160 g
  • Gratin 200 g

Menü

  • Salzgromper 120 g
  • Gromperenpürée 120 g
  • Fritten 150 g
  • Gnocchi 100 g
  • Gratin 120 g

INFO: et as ëmmer just Gromper net gekooscht gerechent déi dran kënnt ouni Zooss.

Nudelen

Hauptplat

  • drëchen Nuddelen an enger Bolognese oder annerer Zooss 125 g bis 150 g
  • drëchen Nuddelen als Beilaag 60 g bis 80 g
  • frësch Nuddelen an enger Bolognese oder annerer Zoss 150 g bis 180 g
  • frësch Nuddelen als Beilaag 80 g bis 100 g
  • frësch Spätzle an enger Zooss 180 g
  • frësch Spätzle als Beilaag 100 g

Menü

  • drëchen Nuddelen an enger Bolognese oder annerer Zooss 125 g bis 150 g
  • drëchen Nuddelen als Beilaag 50 g
  • frësch Nuddelen an enger Bolognese oder annerer Zooss 150 g bis 180 g
  • frësch Nuddelen als Beilaag 80 g
  • frësch Spätzle an enger Zooss 180 g
  • frësch Spätzle als Beilaag 80 g

INFO: et as ëmmer just Nuddel net gekooscht gerechent déi dran kënnt ouni Zooss.

Reis, Polenta, Couscous oder annert Getreide

Hauptplat

  • mat Geméiss wie gebroodene Reis 100 g
  • als Beillaag 60 g
  • Risotto 80 g
  • Mëlichreis 80 g

Menü

  • mat Geméiss wie gebroodene Reis 100 g
  • als Beilaag 40 g
  • Risotto 40 g
  • Dessert 30 g

INFO: et as ëmmer just den Reis net gekooscht gerechent deen dran kënnt ouni Zooss.

Geméiss

Hauptplat

  • Geméiss am Botter 180 g
  • Geméiss mat Rahm 150 g
  • an enger Geméisspann mat Nuddelen, Reis oder Gromperen 250 g

Menü

  • Geméiss am Botter 100 g
  • Geméiss mat Rahm 80 g

INFO: et as ëmmer just Geméiss net gekooscht gerechent datt dran kënnt ouni Zooss.

Iärbessen, Lënsen, Bungen, Saubungen…

Hauptplat

  • gedrëchent 70 g
  • aus der Bëchs 130 g
  • fir een Eintopf z.B eng Iärbessenzopp kann datt duabelt gerechent jiänn.

Menü

  • gedrëchent 40 g
  • aus der Bëchs 70 g

Zaloot

Hauptplat

  • Tomaten/ Cornichon… als Beilaag 180 g bis 200 g
  • Bläderzaloot 250 g
  • Bläderzaloot als Deel van enger gruuss gemëschter Zaloot 60 g bis 80 g
  • Gromperenzaloot als Beilaag 190 g bis 210 g

Menü

  • Tomaten/ Cornichon… als Beilaag 150 g
  • Bläderzaloot als Beilaag 120 g

Ëmmrechner

Durich Internet ha mir Hogt vill mat amerikanischen Moossen ze doen, et as net ëmmer su einfasch fir genau ze woossen wievill datt gebrauscht jëtt. Ech rooden dir wanns du vill su Rezepter has, koof dir Cup’s.

Grondsätzlich entsprëcht 1 Cup ganz genau 236,59 ml, bei Cup’s jëtt an Volumen gemooss, su datt sech Grammzahlen van Volumenreichen Liäwensmëttel wie z.B.: Miähl, Puderzocker zu dichteren, schwéiren Liäwensmëttel wie z.B.: Botter, Ualeg an Zocker ënnerscheed.

Hei han ech opgeronnt bzw. aafgeronnt et ännert äwer näist am Ergebnis vam Rezept.

Fir drëchen Liäwensmëttel

CupÄssläffelGramm
fir fest/dicht Liäwensmëttel
z.B. Fett, Zocker
Gramm
fir Volumenreich Liäwensmëttel
z.B: Miähl, Puderzocker
1/16 Cup1 EL15 g8 g
1/8 Cup2 EL30 g15 g
1/4 Cup4 EL55 g30 g
1/3 Cup6 EL75 g40 g
1/2 Cup8 EL115 g60 g
2/3 Cup10,5 EL150g80 g
3/4 Cup12 EL170 g90 g
1 Cup16 EL225 g120 g
1 1/2 Cup24 EL335 g180 g
2 Cup32 EL450 g360 g

Fir flëssig Liäwensmëttel

CupMilliliter
1/16 Cup15 ml
1/8 Cup30 ml
1/4 Cup60 ml
1/3 Cup80 ml
1/2 Cup120 ml
2/3 Cup160 ml
3/4 Cup180 ml
1 Cup240 ml
1 1/2 Cup355 ml
2 Cup475 ml

Temperatur

An den USA as Moossenheet fir Temperatur “Fahrenheit”.

Bedenk ëmmer eent, de Schäffchen as mat die ongenausten Hëtzequell déi’s du an denger Këchen has. Et jëtt an der Këchen just eng genau Hëtzquell an datt as kooschend Waasser, datt hat 100°C.

Am Schiäffchen as een Thermostat, deen wanns du Temperatur op 180°C anstells wahrscheinlich bis op 200 °C erhëtzt bis en aussschalt. Dann geht Temperatur raaf so mer bis op 160° dann schalt en rem an, an Temperatur geht rëm rop. Ech deelen mir datt an 3 op, van 0°C bis 120°C/135° gehiiert fir mech zu niddreg bis mëttel Temperatur, van 120°C bis 160°C/180°C gehiiert fir mech zu mëttel bis hii Temperatur an alles iwert 180°C gehiiert zu hiier Temperatur.

Temperatur an
Grad Celsius
Temperatur an
Grad Fahrenheit
245 °C475 °F
230 °C450 °F
220 °C425 °F
205 °C400 °F
190 °C375 °F
175 °C350 °F
160 °C325 °F
150 °C300 °F
135 °C275 °F
120 °C250 °F
110 °C225 °F
95 °C200 °F

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*