Pesto Genovese as eng kulinarisch Kreatioun aus Genua, Ligurien, déi ségt Joerhonnerten sämtlich Sënner van Feinschmecker verzaubert. Dës Zooss vereent die besten Zutaten aus dëser Regioun. Noom Traditiounsrezept besteht den Pesto Genovese aus 7 Zutaten. Frëschen Basilikum, dozou Pinienkären an Knuawléck. Den Charakter van dësem Pesto jëtt durich ënnermëschen van Parmesan oder Pecorino na verfeinert. Kroun krëtt den Pesto Genovese äwer durich ischtklassigen Olivenualig deen him seng ségdig Textur an sein onvergläichlichen Goût jëtt. Gewürzt mat Peffer an Salz jiët den Pesto an der itlalienischer Këchen als Kinik van den Zoossen veréiert, en regéiert iwert Pasta, Sandwiches an Dips, bereet fir all Genéisser op eng kulinarisch Réis ze entféiren.
De Pesto-Prinzip
De Pesto-Prinzip ass am Kär eigentlich ganz simpel. Kregder, Nëss, Kiiss, Ualig, riih zesaammengemëscht. Ech jiän äwer lo mi genau, beim Pesto Genovese jiët aus dësen Zutaten eent Rezept. Basilikum, Knuawelek, Pinienkären, Parmesan oder/an Pecorino, Salz, Päffer an Olivenualig. Datt ass alles, bei nëmmen 7 Zutaten kann een sech net hannert der Masse verstoppen.
Firwatt kann su winige, su komplizéiert sen?
Bei engem Ässen mat 30 Zutaten, kanns du een klengen Fehler ausgläichen, irgendeng Zutat verstoppt well deen klengen Ausrutscher. Beim Pesto Genovese jieet datt net. Ranzigen Ualig, batteren Knuawelek an Basilikum deen wiällisch ass, all Fehler gesegt een direkt. Datt ass den Grond firwatt dëst Rezept den Rouf hat komplizéiert ze sen. Net well Technik komplizéiert ass, mee well d’Qualitéit van den Zutaten keen Spillraum fir Fehler zoulisst.

De Basilikum
Fänken mir aan mam Basilikum, heen ass den Star, an well o deementsprechend behandelt jiän. Genuesischen Basilikum hat mi kleng an zaart Bläder, wie déi Zorten, déi’s du hei am Buttik krëss. En schmëcht o däitlich manner no Mënz an Anis, dofir mi séiss an ronn. Krëss du deen net ass datt äwer keen Drama, dengt Ergebnis jiët dann mi würzig an mi aromtisch wie d’Original.
Mi wichtig wie d’Zort ass den Zoustand vam Basilikum. D’Bläder sollen kaal an drëchen sen, well d’Wiäremt die empfindlich ätherisch Ualiger am Basilikum zerstiiert an en dobäi mi donkel an batter jiët. Genau doweenst jiët den Pesto Genovese am Mörser zoubereet an net am Mixer. Durich datt siiert rotéiren van den Messeren ensteht Hëtzt an et jiët zousätzlich Loft angeschafft an en oxidéiert mi siier. De Mörser dogeent zerdreckt Bläder gemellig, et entsteht keng Hëtzt. Has du keen Mörser an d’Gedold fehlt dir, hual de Mixer, maan äwer ëmmer eem dozwëschent Pausen an setz den Pesto kaal.
De Knuawelek
Knuawelek ass déi Zutat bei deem sech d’Geester scheeden, ech soen dir o firwatt. Riihen Knuawelek ass scharef an kann siier alles iwerdecken, wann’s du et iwerdreifs. 1 maximal 2 Ziiwen jin dar fir eng ordentlich Portioun. Hëlls du na zousätzlich den Keim an der Mëtt raus, ass en sugar manner scharef.
Pinienkären
O bei de Pinienkären jinn d’Meenungen auserneen. Die klassisch ligurisch Versioun, ass datt sie net aangeréistert jiän, fir datt hiren mëllen, liit harzigen Aroma net van Röstaromen iwerdeckt jiët. Bei deen meesten jiän sie äwer aangeréistert, well datt de Foût intensivéiert an d’Röstaromen beléift sen. Domat well ech dir nëmmen soen, datt’s du den Charakter van dengem Petso änners an datt et keng Niäwensaasch ass, déi‘ du nëmmen aanpass. Wie’s du et mëchs ass ganz alleng deng Saasch, näist ass verbuaden.
De Kiiss
Paremsan oder Pecorino, oder meestens sugar die 2 Zorten gemëscht. Parmesan brengt een mëllen, ischter nossigen Goût. De Pecorino dogeent eng kräftig, salzig Schiäreft, well en aus Schoofsmëlich ass. Die klassisch Mëschung notzt die 2 Zorten, well sie sech gegensegtig ausgläichen. De Parmesan suarigt dofir, datt de Pecorino mi mëll schmëscht, an de Pecorino jiët dem Parmesan mi Kontur.
Olivenualig
De Ualig ass bëssen mi wie nëmmen eent Fett datt geholt jiët fir ze verdënnen. En drigt an hält sämtlich Aromen zesaammen. Een gouden, mëllen bis mëttelfruuchtigen nativen Olivenualig passt hei am besten. Een batteren, grasigen Olivenualig jiff hei mam Kiiss an Knuawelek konkuréiren. De Ualig jiët rischt zum Schluss angeschafft. Rischt noodeems aus Basilikum, Knuawelek, Pinenkären, Kiss an Salz eng Paste entstannen ass. Su kann et glächmässig bannen ouni datt Fett sech rem van deen festen Zutaten trennt.
Salz an Päffer
D’Salz kënnt net rischt ganz zum Schluss dobäi, mee well mam Knuawelek an de Mörser. En wirikt wie eent klengt Schläfmëttel, datt hëleft de Knuawelek an de Basilikum zu enger feiner Paste ze verreiwen.
De Päffer ass die eenzig Zutat, déi nëmmen no Goût doséiert jiët an keng anner technisch Funktioun iwerhëllt ausser dem würzen. Dofir kënnt deen o rischt dran befir den Olivenualig angeschafft jiët.

Watt bleift
7 Zutaten, an sie entscheeden all watt zum Schluss dobäi raus kënnt. Keng verzeiht irgendeng Noolässigkeet, dofir blount sie dech mat purer Kloerheet am Goût, déi een bei villen komplizéierten Rezepter séicht. Has du eng kéier verstannen, watt fir eng Roll all Zutat spillt, brauchs du keent Rezept mi, nëmmen Goud Zutaten, bëssen Gedold an een Mörser oder een Mixer.
An dann ass do na den Vergläich, deen ech mir net verknäifen kann. Kuck mol eng Kéier op d’Zutatenlëst van engem Fiärdigprodukt aus dem Buttik. Do jiët genau aan deen Platzen gespaart, déi beim Original am meesten zällt. Am Platz Basilikum jiët Péitersilich geholt, well deen mi gréin ass, am Platz van Pinienkären jiän Cashewnëss gehollt, well die anner mi deier sen. Den Aroma deen fehlt jiët kënstlich zereckgehollt. D’Ergebnis schmëcht dann villäicht no enger Erënnerung aan Pesto, an net no Pesto selwer.
Mëchs du dein Pesto selwer, wees du genau watt dran ass, an watt eigentlich om Pack stoen misst, keent Streckmëttel, keen kënstlichen Aroma, nëmmen 7 Saaschen, déi dëst Ässen iwerhaupt ausmaan.
Pesto Genovese
Schwierigkeit: einfasch4
Portionen30
Minuten40
MinutenZutaten
3 EL Pinienkären
200 g frëschen Basilikum
2 Ziiwen Knuawleck
125 ml Olivenual1g
2 EL frësch geraspelten Parmesan oder/an Pecorino
Salz an Päffer
Zoubereedung
- De Basilikum am Mörser zerreiwen.
- D’Pinienkären, de Knuawléck, d’Salz an de Kiiss mat anschaffen
- No an no den Olivenualig anschaffen, bis eng crémig Paste entsteht.
- Schmaaschen, an mat Päffer dengem Goût aanpassen.