Pouletfilet Bordelaise

Et jänn Rezepter, déi sen einfasch perfekt fir eent gemütlicht Ässen. Onkomplizéiert, einfasch an absolut Familjentauglich oder fir Frënn an Kollegen ze beandrocken. Mein Pouletfilet Bordelaise am Schiäffchen gebaasch gehiiert eindeutig an des Kategorie – zarten Pouletfilet mat enger knusperiger Kuuscht op engem Bett aus Gromperen, Paprika, Tomaten an Ënnen.

Zutaten fir Pouletfilet Bordelaise

Fir d’Fleesch brengen ech mir Poulefilet, Panéiermiähl, Péitersilich, Zitroun, Knuawkléck, Schalotten, Botter, frësch gerriwene Parmesan, Salz an Peffer mat. An fir d’Geméiss brausch ech Gromperen, Ënnen, Paprika, Kiischtentomaten, Salz, Peffer an bëssen Olivenualeg.

Ausserdeem brausch ech eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eng Pann, eng feierfest Form, eng Kiisraspel, eng Casserole an de Schiäffchen.

Bordelaise

D’Bordelaisekrust ass eng aromatisch an knusperig Krust, bei eis bekannt ass déi om Fësch van enger bekannter Mark. Déi Krust hat allerdings net vill gemeinsam mat enger selwergemaater.

D’Basis van menger Bprdelaisekrust ass Botter, fir datt, datt Ganzt knusperig jëtt brausch ech Panéiermiähl. Wann ëmmer ech kann propéiren ech mengt Panéiermiähl selwer ze maan, ech han äwer o net ëmmer suvill aalt Brugd oder Baguette doheem, su datt ech dann op die gekooften Alternativ zeréckgreifen. An die typisch Bordelaise-Mëschung kënnt gehackten Péitersilich, du kanns äwer o anner frësch Krégder wie z.B. Thymian oder Rosmarin hualen. De Knuawkéck suarigt fir extra Goût an Aroma an d’Zitrounenzesten ënnerstreichen all d’Aromen. Optional sen d’Schalotten an dëser Mëschung oder sugar 1EL bis 2 EL wäissen Wéng. Datt Ganzt jëtt dann na mat Peffer an Salz gewürzt an op dengem Fleesch, Fësch oder als Topping op engem Gratin verdeelt.

Een raffinéierten Pouletfilet

D’Zoubereedungs van mengem Pouletfilet Bordelaise hat eng kleng Rafinesse. Am Platz datt en klassisch mat Ei an Miähl panéiert jëtt, kënnt Krust just huawen drop leien an fir datt se pëschen bleift pinselen ech den Pouletfilet mat enger Mëschung aus Botter, Knuawkléck, Schalotten an Zirounenzesten an.

Mein Poulefilet han ech owes well gewürzt, dës kéier mat menger Gewürzmëschung fir Fleesch, dofir han ech en quadratisch angeschnidden an dann gewürzt. Du kanns äwer o Salz an Peffer hualen, domatt krëss du o eent goud gewürztent Steck Fleesch.

Virbereedung fir d’Geméiss

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft vir.

D’Ënnen schiälen ech, dann halbéieren ech se an schnégden se an dënn Streifen. An enger waarmer Pann, brooden ech d’Ënnen an bëssen Olivenualeg bis aafänken brong ze jänn, déi läschen ech dann mam Saaft van enger halwer Zitroun aaf an loossen deen ganz ankooschen, salzen se liit.

Gromperen schiälen ech an schnégden se an ongeféier gläichgruuss Stécker. De Paprika wäschen ech, entkären en an schnégden en dann an graff Stécker. Kiischtentomaten wäschen ech an ech halbéiren se. Datt vermëschen ech an enger Schossel mat 2 EL Olivenualeg bëssen Salz an Peffer. Well ech na rest Péitersilich haat, han ech deen o na mat drënner gemëscht.

Datt verdeelen ech, mat deen gebroodenen Ënnen an enger feierfester Form an setzen et fir ongeféier 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Ech wollt datt einfasch mol probéiren d’Ënnen firtischt ze karameliséiren, an sen dann mam Geméiss ze mëschen, fir mëch schmëscht datt besser, et jëtt deem ganzen deen typisch séiss-zwibelischen Goût. Du muss datt äwer net maan, du kanns d’Ënnen ganz einfasch su mat ënnert Geméiss mëschen. Den Zitrounensaaft dann einfasch mam Olivenualeg ënnermëschen.

Virbereedung fir d’Bordelaise an den Pouletfilet

De Knuawléck an d’Schalotten schiälen ech an hacken alles fein.

De Péitersilich wäschen ech, dann rëselen ech en drëchen dann hacken en fein.

An enger waarmer Casserole dënsten ech an bëssen Botter d’Schalotten glasig aan, Casserole zéien ech van der Plaque mëschen deen Rest Botter drënner, su datt deen an der Rest Hëtzt schmëlzen kann, dann mëschen ech den Knuawkléck an d’Zitrounenzesten drënner. Mat dëser Mëschung Pinselen ech de Pouletfilet op der angeschniddener Ségt an.

Ënnert deen Rest Botter deen na iwerig ass mëschen ech deen gehackten Péitersilich an d’Panéiermiähl, würzen mat Salz an Peffer an lossen datt bëssen aafkéilen.

Fir deem ganzen na bëssen mi Goût ze jänn mëschen ech na Parmesan ënnert Bordelaise-Mëschung. Datt ass keng Typisch Zutat fir Bordelaise et jëtt dem Pouletfilet äwer deen letzte Schlëff.

No deen 25 Min. hualen ech d’Geméiss aus dem Schiäffchen an leen d’Fleesch huawen drop, om Fleesch verdeelen ech meng Bordelaise-Mëschung an drecken se bëssen fest, sollt na Mëschung iwerig sen kanns du déi einfasch iwert dem Geméiss verdeelen.

Datt setzen ech dann na eng kéier fir 25 Min bis 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Noom baaschen lossen ech d’Fleesch paar Min. ruhen an verdeelen alles op Telleren.

Pouletfilet Bordelaise

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

35

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • Fir d’Fleesch
  • 4 Pouletfilet, quadratisch angeschnidden

  • Salz an Peffer oder meng Gewürzmëschung fir Fleesch

  • Fir d’Geméiss
  • 500 g Gromperen, geschiält an gewürfelt

  • 4 Paprika (rugd, jiäll oder gréin) an graff Stécker geschnidden

  • 250 g Kiischtentomaten, halbéiert

  • 2 deck Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 2-3 EL Olivenualeg

  • Salz an Peffer

  • Bordelaise
  • 100 g Botter

  • 1-2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 1 EL Zitrounenzesten

  • optional: 1-2 Schalotten, fein gehackt

  • 100 g Panéiermiähl

  • 2 EL frëschen Péitersilich, gehackt

  • optional: 2 EL wäissen Wéng

  • Salz an Peffer

  • 100 g Parmesan, frësch geriwen

Zoubereedung

  • Fir d’Fleesch
  • D’Fleesch würzen ech an setzen et iwert Nait an den Frigo. Op mannst 2 Stonnen am Frigo durich zéien loossen.
  • Fir d’Geméiss
  • De Schiäffchen op 180°C Ëmolft virwiärmen
  • Optional: D’Ënnen han ech an bëssen Olivenualeg op mëttel Hëtzt karameliséiren geloss, dann han ech se mam Zitrounensaaft aafgeläscht an deen ankooschen geloss. Liit salzen
  • An enger Schossel mëschen ech Gromperen, Tomaten an den Paprika an mëschen déi mam Olivenualeg, Salz an Peffer.
  • Datt schëdden ech alles an eng feierfest Form an mëschen d’Ënnen mat drënner. Su setzen ech datt fir ongeféier 25 Min. bis 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • Bordelaise
  • An enger Casserole erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botter an dënsten do dran d’Schalotten glasig aan. Casserole zéien ech van der Plaque an mëschen deen rest Botter drënner su datt deen an der rest Hëtzt schmëlzen kann.
  • Als nächst mëschen ech d’Zitrounenzesten an de Knuawkléck drënner an domatt pinselen ech d’Fleesch op der Ségt (die ageschnidden) wu Panade drop kënnt, ujziuan.
  • Ënnert deen Rest Botter mëschen ech den Péitersilich an Panéiermiähl, datt lossen ech bëssen aafkéilen an mëschen dann de Parmesan drënner. Wanns du Wéng mat drënner mëschen wëlls kanns du deen lo dobäi maan.
  • D’Geméiss hualen ech aus dem schiäffchen, mëschen et eng kéier durich an verdeelen et rem datt net zevill openeen légt. Do drop leen ech mengt Fleesch an om Fleesch verdeelen ech Bordelais-Mëschung an drecken se bëssen fest. Sollt na bëssen van der Mëschung zevill sen, verdeelen ech datt iwert dem Geméiss.
  • Dann setzen ech datt Ganzt na eng kéier fir 25 Min. bis 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • Noom baaschen D’Fleesch paar Min. ruhen loossen an dann zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*