Pouletfilet op Auberginen

Pouletfilet, Suprême de volaille, Houhnerbrost… et jiänn vill verschidden Bezeechnungen fir datt Steck Fleesch. Dëst Steck Fleesch krëtt een Hogt an 2 Formen ze koofen, Houhnerbrost as deen, wie Hogt dachs gesoot jëtt deen duabelen Filet. an den Brostfilet as eent Steck van der Houhnerbrost. Suprême de volaille as deen eenzelen Filet mat der Hogt an dem Flinik draan.

Fir dëst Rezept brausch ech:

  • Pouletfilet
  • Auberginen
  • Kiischtentomaten
  • Ënnen
  • Botterschmalz
  • Peffer & Salz
  • bëssen Miähl

Wie jëtt gekooscht?

De Pouletfilet aus dem Frigo hualen, würzen an su, ongeféier 30 Min. durich zéien loossen. Fleesch soll Raumtemperatur aanhualen befir et gebrooden jëtt.

Aubergine an Scheiwen van ongeféier 0,5 cm Déckt schnegden. Auberginen brooden as ganz einfasch, hei sen just paar Tipps wie een et maan kann:

  • Aubergine muss nëtt geschiällt jiänn, just goud ënner kaalem Waasser wäschen.
  • Iwert Auberginenscheiwen bëssen Salz streien, an se 15 Min. zéien loossen, dann ënnert kaalem Waasser Salz aafwäschen. Datt zéiht Waasser aus der Aubergine, sie loossen sech dann besser brooden an et hëllt Batterstoffer.
  • Fir Scheiwen ze brooden hual net zevill Ualeg. Am besten jiänn Auberginen wanns du se mat bëssen Zitrounensaaft an mat Olivenualeg anpinsels, würzen oder marinéiren an dann ouni Fett an enger beschischt Pann brooden. Den Zitrounensaaft déint dozou datt Auberginen net brong jiänn.
  • Bei enger Déckt van 0,5 cm brauschen Auberginen ongeféier 5-6 Min. van all Séckt.

Als nächst han ech Ënnen an halef Ronselen geschnidden. Kiischtentomaten han ech grëndlich gewäsch.

De Pouletfilet am Miähl driien an am waarmen Botterschmalz brooden. Deemno wie déck Stéck as brausch deen ongeféier 7-8 Min. van all Séckt. Drii Hëtzt nët ze hii, deen mi dënnen Deel jëtt soss siier drëchen.

Während de Poulet britt, an enger beschischter Pann Auberginenscheiwen brooden, ech han eng Grillpann gehollt dann krëtt een sching Streifen dran.

An enger 3ter Pann han ech bëssen Botterschmalz erhëtzt an Ënnen mat den Kiischtentomaten gebrooden.

Du kanns natiirlech o Röstzwibbelen maan: die geschnidden Ënnen an enger Mëschung aus Miähl, Salz an Paprikapolwer driien, an sen dann an vill Fett oder an der Frittös frittéiren. Op Këschenpapeier aafdrëpsen loossen.

Dobäi han ech Grompernpürée gewürzt mat Majoran gemaat.

Pouletfilet op Auberginen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

10

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • 1 an Scheiwen geschnidden Aubergine

  • 200 g Kiischtentomaten

  • 2 an halef Ronselen geschnidden Ënnen

  • Peffer & Salz

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • bëssen Miähl

Zoubereedung

  • De Pouletfilet aus dem Frigo hualen, mat Salz an Peffer würzen. Ongeféier 30 Min. durichzéien loossen su datt Fleesch Raumtemperatur aanhualen kann.
  • Auberginenscheiwe salzen fir se ze entwässeren, an 15 Min. zéien loossen, dono grëndlich ënner kaalem Waasser aafwäschen.
  • Auberginen mat bëssen Zitrouensaaft an Olivenuale an pinselen, würzen. Ech han nëmmen Salz an Peffer gehollt, du kanns äwer o na anner Krégder dobäi hualen.
  • De Poulet am Miähl driien. An enger waarmer Pann, Botterschmalz erhëtzen an den Poulet do dran brooden bis en gar as. Et hängt ëmmer bëssen van der Déckt aaf mais en wärt su em 7-8 Min. van all Séckt brauschen. An drii Hëtzt net ze hii, deen mi dënnen Deel jëtt sooss siier drëchen.
  • Eng beschischt Pann erhëtzen an do dran Auberginenscheiwen brooden. Déi brauschen ongeféier 5-6 Min. van all Séckt.
  • An enger 3ter waarmer Pann, bëssen Botterschmalz erhëtzen an do dran Ënnen an Kiischtentomaten brooden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*