Randsgulasch an enger Kooschel-Ënnen-Zooss

Ursprünglich stammt den Gulasch aus Ungarn iwert Joerhonnerten hat all Regioun hiren eegenen Twist entweckelt, an et as ëmmer eent Ässen bliwen, datt herzhaft, aromatisch an einfasch nëmmen köstlich ass, bliwen. Hokt kooschen ech meng Variant van dësem Klassiker, su wie ech en am léifsten han.

Zutaten fir mein Randsgulasch an enger Kooschel-Ënnen-Zooss

1. Randfleesch

  • Ass den Star op dëser Bühn. Zart, saaftig an voller Aroma – genau datt, watt nigdig ass fir een richtig herzhaften Gulasch ze kooschen.

2. Ënnen

  • Die kleng Allrounder, sie brengen net nëmmen een séissen, würzigen Goût, mais suarigen o dofir datt Zooss sämig jëtt.

3. Kooschelen

  • D’Kooschelen brengen een erdigen Aroma an sen mat hirem feinen Goût die perfekt Ergänzung zum kräftigen Randfleesch.

4. Knuawléck

  • Deen klengen äwer mächtigen Aroma-Booster, jänn dem Gulasch sein würzigen Goût.

5. Tomatenpürée

  • Den Tomatenpürée ass een Turbo fir den Goût, een klengen Läffel an Zooss krëtt een intensiven Aroma – genau datt watt den Gulasch brausch.

6. Wäissen Wéng

  • Een frëschen, fruuchtigen Begleeder, deen denger Zooss eng mëll Säier jëtt. Passt goud zu den Kooschelen an brengt een bëssen anneren Charakter mat wie rugde Wéng.

7. Bréit

  • Natiirlech eng kräftig Randsbréit, den Grondsteen van dëser Zooss. Voller Aroma an Goût brengt sie all Zutaten zesaammen an suarigt dofir, datt den Gulasch zart an saaftig bleift.

8. Majoran

  • Datt klengt gréint Wonnerkrogt, brengt een feinen, liit séissen Aroma deen perfekt zum kräftigen Randfleesch passt.

9. Lorbeerbläder

  • Sie kooschen gemellig mat an jänn dem Gulasch een feinen herben, liit batteren Goût, deen den Gulasch perfekt aafronnt.

10. Salz & Peffer

  • Grondausstattung an all Këchen. Sie brengen den Aroma op den Punkt an suarigen dofir datt näist Fad schmëscht.

11. Miähl

  • Bëssen dovan geht dar fir eng Zooss sämig ze maan an hir su die perfekt Konsitenz ze jänn.

12. Botterschmalz

  • Ass den Garant fir een gouden Goût, en jëtt dem Gulasch een feine botterigen Arome an suarigt dofir datt Fleesch beim aanbrooden eng sching brong Krust krëtt.

13. Optional: Zitrounensaaft

  • Zitrounensaaft ass deen Frëschenkick zum Schluss. Paar Drëpsen an den Gluasch krëtt een sprëtzigen frëschen Goût, deen die anner Aromen ergänzt.

Zoubereedung

Ech fänken domatt aan, alles virzebreeden.

  • Den Gulasch schnégden ech an mondgerecht Stécker, leen et an eng Schossel an salzen et . Zougedeckt loossen ech d’Fleesch su op mannst 30 Min. durichzéien. Am besten ëmmer iwert Nait am Frigo.
  • Kooschelen botzen ech mat enger mëller Biischt an schnégden se an Scheiwen oder Véirel, et hängt ëmmer van der Griist aaf.
  • D’Ënnen schiälen ech an schnégden sen an dënn Streifen.
  • De Knuawkléck schiälen ech an ech hacken en ganz fein.
  • Dann setzen ech mir Gewürzer, Krégder, deen wäissen Wéng an den Tomatenpürée parat.

D’Fleesch driien ech am Miähl. An enger waarmer Gossenpann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch all rondrëm brong aan. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.

An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen aan an loossen se op mëttel Hëtzt goldbrong brooden.

Als nächst mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi mat bis se brong sen.

Dann mëschen ech den Knuawléck an den Tomatenpürée drënner an réisteren alles kuurz mat aan. Datt läschen ech dann mam wäissen Wéng aaf an loossen deen bis op Halschent ankooschen.

Fir datt et eng Zooss jëtt schëdden ech lo Randsbréit drop, réiren alles goud durich an loossen Zooss eng kéier opkooschen, würzen mat Salz, Peffer, Majoran an leen Lorbeerbläder mat dran. Dann leen ech d’Flesch rëm dran am mat Deckel loss en ech den Gulasch op niddriger Hëtzt ongeféier 1,5 bis 2 Stonnen schmoren.

Wann Fleesch botterzart ass, hualen ech den Deckel raaf, schmaaschen an würzen mein Gulasch op den Punkt, dann réiren ech die sauer Rahm drënner. Du kanns Zooss na bëssen ouni Deckel reduzéiren loossen. Ganz zum Schluss kanns du Zooss dann mat paar Sprutzen Zitrounensaaft aafschmaaschen.

Mein Gulasch han ech ganz klassisch mat Salzgromperen zervéiert, et passt äwer o Gromperenpürée, Nuddelen, Reis – watt’s du wëlls dobäi. Strei na bëssen frësch gehackten Péitersilich driwer an Gouden Appetit!

Tipps

  1. Beim Gulasch ass Gedold dein besten Frënd, een gouden Gulasch brausch Zékt fir datt sech d’Aromen entwéckelen kannen. Drii Hëtzt net rop – gemellig an stännig gewënnt hei d’Course.
  2. Wanns du keen Wéng hualen wëlls fir dein Gulasch ze kooschen, kanns du bëssen mit Bréit an een Schotz Essig fir d’Saier hualen.
  3. Durich aanbrooden vam Fleesch datt am Miähl gedrigt jänn ass krëtt deng Zooss die perfekt konsistenz. Sollt Zoss äwer na ze Flëssig sen, kanns du se mat “Beurre Manié” bannen. Datt ass eng Mëschung zu gleichen Deeler aus Botter an Miähl, dodurich krëtt deng Zooss o na een schingen Glanz.

Randsgulasch an enger Kooschel-Ënnen-Zooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

2

Stunden 

Zutaten

  • 800 g Randfleesch fir Goulasch, an mondgrecht Stécker geschnidden

  • 2 EL Miähl

  • 2 deck Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • 300 g Kooschelen, an Scheiwen oder véirel geschnidden

  • 3 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 1 EL Tomatenpürée

  • 200 ml wäissen Wéng, een deens du o jiären drënks

  • 500 ml Randsbréit

  • 1-2 TL Majoran

  • 2 Lorbeerbläder

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 150 g sauer Rahm

  • Optional: bëssen Zitrounensaaft

Zoubereedung

  • D’Fleesch salzen ech an loossen et zougedeckt ongeféier 30 Min. durich zéien. D’Fleesch am Miähl driien.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch all rondrëm brong aan, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan an loossen se karameliséieren, dann mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi mat brong aan.
  • Als nächst mëschen ech den Knuawléck an den Tomatenpürée drënner an réisteren kuurz alles aan.
  • Datt läschen ech mam wäissen Wéng aaf an loossen deen bis op Halschent ankooschen.
  • Fir datt et eng Zooss jëtt schëdden ech Bréit drop, verréiren alles goud mateneen, würzen mat Salz, Peffer, Majoran an leen Lorbeerbläder mat dran. Zooss loossen ech opkooschen an leen dann Fleesch dran.
  • Mat Deckel an op niddriger Hëtzt lossen ech den Gulasch ongeféier 1,5 bis 2 Stonnen kooschen.
  • Subal d’Fleesch zart ass hualen ech den Deckel raaf, schmaasch an würzen op den Punkt, dann mëschen ech d’Sauer Rahm drënner an loossen Zooss na paar Min. op niddriger Hëtzt kooschen. Optional kanns du den Gulasch mat enger Sprutz Zitrounensaaft aafschmaaschen.
  • Mein Gulasch han ech mat Salzgromperen zervéiert, et passen äwer o Gromperenpürée, Nuddelen, gebrooden Gromperen, Knödel…

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*