Saltimboocca, Kartoffeln, Holzteller

Saltimbocca

Saltimbocca as eent klassischt traditionellt italienischt Ässen, datt seine Ursprong an der réimischer Këchen hat. Den Naam “Saltimbocca” bedeit iwersatt “sprang an de Mond”, watt wahrscheinlich op deen köstlichen Geschmaasch hinweisst. Traditionelle besteht dëst Ässen aus dënn geschniddenem Kaleffleesch, datt mat Salbeibläder an dënn geschniddener Parmahamm beleit jëtt. Fleeschscheiwen jiänn dann zougeklappt an mat engem Zahnstocher fixéiert. Kann een se äwer o oprullen an Involtini draus maan. Fleesch jëtt dann am wäisse Wéng oder an enger Bréit geschmort.

D’Kombinatioun aus zartem Fleesch, aromatischem Salbei an herzhafter Hamm jëtt dem Saltimbocca sein eenzigaartigen Geschmaasch. Dachs jëtt dësen Menü mat enger Botter-Wäiswéng-Zosss zervéiert an kann mat Beilaagen wie Gromperen oder Geméiss begleet jiänn. Saltimbocca as net nëmmen an Italien beléift o an anneren Länner jëtt dëst Ässen geschätzt, well et einfasch zouzebreeden as an een wonnerbaren Geschmaasch mat brengt.

Op watt muss ech na oppassen?

  1. Fleeschauswahl, obwohl traditionellen Saltimbocca mat Kaleffleesch zoubereed jëtt, kann et o mat Poulet- oder Schwéngefleesch gekooscht jiänn.
  2. Salbeibläder, wie et üblich as an der itlaienischer Këchen, stinn ausschliesslich frësch Liäwnesmëttel om Programm. Hual frëschen Salbei, datt jëtt dësem Ässen sein charkteristischen Geschmaasch. Salbeiblaad jëtt zwëschent Fleesch an Hamm geleit befir et zougeklappt an mat engem Zahnstocher fixéiert jëtt.
  3. Parmahamm, Dës loftgedrëchent Hamm as am besten fir den Saltimbocca geegent, natiirlech kanns du o Prosciutto hualen.
  4. Panéiren, verschidden Rezepter schreiwen et soll een Fleesch viraam brooden am Miähl driien. Datt jëtt dem Fleesch eng liit Krust han hëleft Zoss ze dëchsen.
  5. Wéng oder Bréit, datt hängt ganz van dengem perséinlichen Geschmaasch aaf. Die 2 Varianten se köstlich. De Wéng jëtt der Zoss een liit säierlichen Goüt, während Bréit eng mi mëll Optioun as.
  6. Beilaagen, Saltimbocca passt goud zu verschiddene Beilaagen, wie Nuddelen, Gromperen oder gedënstem Geméiss. Traditionell sen dachs sautéiert Spinatbläder dobäi.
  7. Zervéiren, hual viraam zervéiren den Zahnstocher aus dem Fleesch, Zoss kann aus der Pann iwert Fleesch geschott jiänn.

Saltimbocca as eent elegant Ässen, datt sech goud fir besonnëch Aaläss oder eent romatischt Owesässen aanbéid. Et as wichtig d’Hëtzt beim Brooden vam Fleesch ze kontrolléiren, fir sëcherzestellen datt et zart an saaftig bleift.

Den Salbei.

Salbei spillt eng ganz wichtig Roll am Saltimbocca an datt hat mi Grënn:

  • Salbei jëtt dëm Saltimbocca sein charkteristischen Geschmaasch. Deen liit eerdig an würzigen Aroma vam Salbei ergänzt deen mëllen Geschmaasch vam Kaleffleesch an van der Parmahamm.
  • Salbei jët zum Aromträger an dësem Ässen, Salbeiblaad jëtt zwëschen Fleesch ant Hamm geleit, datt suarigt dofir, datt Fleesch während dem brooden den Aroma vam Salbei aanhualen kann, watt dësem Ässen sein onverwiässelbaren Geschmaasch jëtt.
  • An der italiensicher Këchen as den Salbei wegt verbreet an as historisch gesehen an villen Fleeschzoubereedungen verschafft jiänn. Sein Nam “Salvia” as vam Wuort “salvus” aus dem Lateng aafgeleet an datt bedeit suvil wie *gesond*, well den Salbei o als Heelplanz angesehen jëtt.

Den Salbei drigt also zum Geschmaasch an zur Traditioun am Saltimbocc bei an jëtt dësem klassich italienischen Ässen sein eenzigartigen Aroma.

Prosciutto di Parma

Van wu kënnt Prosciutti di Parma?

Parmahamm kënnt aus der Regioun Emilia-Romagna an Norditalien, aus der Stadt Parma. Produktion van dëser Hamm as streng gereegelt an as geschützt mam PDO-Siegel, watt bedeit datt dës Hamm just an dëser Regioun an noom tarditionellen Produktionsverfahren zoubereed duraref jiänn.

Watt fir eent Fleesch jëtt gehollt?

Parmahamm jëtt aus exklusivem Schwéngefleesch, aus speziellen Schwéngsrassen wie dem Duroc, produzéiert. Dës Rass jëtt an der Region Emila-Romagna geziicht an geféiedert.

Drëchnungsverfahren.

De Prozess wie Hamm produzéiert jëtt dauert lang. D’Ham jëtt firtischt gesalzen mat enger spezieller Mëschung an där o heinsdo anner Gewüzer mat dran sen. Anschliessend jëtt d’Hamm fir eng lang Zéckt an goud belëft Zëmmeren opgehongen fir ze drëchenen an ze räifen.

Geschmaasch an Textur.

Parmahamm hat een eenzigartigen Geschmaasch, deen sech durich eng liit salzig, würzig Nout an een séisslichen Aroma auszeechent. Textur as zart, dënn geschnidden an liit marmoréiert, watt der Hamm seng delikat Konsistenz jëtt.

Verwendung.

Parmahamm jëtt dënn geschnidden an als Entrée zervéiert, en kann äwer o op enger Bottisch, an enger Zaloot, an verschidden Pasta-Ässen oder op der Pizza verschafft jiänn. Opgrond van sengem reichen Geschmaasch an senger Qualitéit as de Prosciutto di Parma eng beléift Zutat an der italienischer Këchen.

PDO Siegel

PDO-Kennzeechnung stellt sëcher. datt dës Hamm, an der festgeleiter Regioun an no strengen Virschrëften produzéiert jiänn as an su als Parmahamm verkooft duraref jiänn. Dëst Siegel garantéiert Qualitéit an d’Authenzitéit vam Produkt.

Parmahamm as net nëmmen an Italien, mais weltwégt fir sein ischtklassigen Geschmaasch an seng Qualitéit bekannt an jëtt van all Gourmet an Koosch hii geschätzt.

Saltimbocca

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

zousätzlich brauchst du na Zahnstocher fir Fleesch zesaammen ze haalen, an een Fleeschhaamer fir Schnitzelen ze klappen.

Zutaten

  • 4 Kalefschnitzel (180 g)

  • Salz, Peffer

  • 4 scheiwen gedrëchent rii Hamm

  • 4 Salbeibläder

  • bëssen Olivenualeg fir ze brooden

  • 4 EL wäisse Wéng

  • 1 EL Botter

Zoubereedung

  • Kalefschnitzelen dënn klappen bis se ongeféier 0,5 cm déck sen. Salzen an se eng Stonn bei Raumtemperatur durich zéien lossen.
  • Da kënnt 1 Scheif Ham drop an 1 Blaad Salbei. Datt Ganzt zouklappen an mat engem Zahnstocher feststeechen. Peffer driwer streien.
  • Am waarmen Ualeg op mëttler Hëtzt van all Sekt ongeféier 2 bis 3 Min. brooden.
  • 2 EL wäisse Wéng drop schedden an ankooschen lossen. Den Deckel op Pann leen an se su paar Min. durich zéihen loossen.
  • Fleesch aus der Pann huaelen an et op enger waarmer Platz ruhen loossen.
  • Iwedreems mat 2 EL wäissem Wéng den Brootsatz liisen. 1 EL Botter anréihren bis Zoos afängt liit ze bannen. Déi Zooss dann iwert Fleesch jiänn.

Notiz

  • Et kann een de Saltimbocca o anrullen an Involtini draus maan.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*