De Pankisch as mat grusser wahrscheinlechkeet am mëttelaterlechen Europa entstannen. Deemols as vill Ässen zoubereed jiänn, déi enger Omlette ähnlesch woren. Bëssen Miähl drënner gemëscht an et as Pankisch entstannen.
Crêpes sen eng Wegderentwëcklung van der Galette – déi jiänn Hogt o na an der Bretagne aangebuaden- Die sen op engem waarme Steen gebaasch jiänn an ischter mat gerherzte Saaschen wie, Kiis, Fësch oder Spéck beläit jiänn. An si jiänn aus Wëllkuarenmiähl gemaat.
Crêpes, Pankisch an Pancakes
Schwierigkeit: einfasch10
Minuten30
Minuten30
MinutenWatt brausch ech?
3 Eier
500 ml Mëlich (oder 250 ml Mëlich an 250 ml Sprudelwaasser)
350 g Weesemiähl (Type 45 oder 55) oder Wëllkuarenmiähl “Sëlwer” (Buchweizenmehl)
5 g Salz
Botter oder Botterschmalz fir ze brooden
( 2 EL Zocker fir séiss Pankischer)
Wie jëtt gekooscht
- Eier mat der Mëlich goud verréieren. Hei kanns du o d’Halschent Sprudelwaasser hualen.
- Miähl durich eng Passett dobäi jiänn an mam Salz zu engem glatten Deeg verréieren. Datt geht am besten mam Handmixer.
- Mat engem Dousch zougedeckt 30 Min. ruhen lossen.
- Botter oder Botterschmalz an eng waarem beschicht Pann jiänn, an 1 Lousch Deeg an Pann jiänn. En soll van all Sékt goldigbrong gebrooden sen.
- Mëchs du lo Zocker mat dran, dann virtischt Eier mam Zocker schaumig schloen, an dann de Rest wie Uawen beschriwen dobäi jiänn.
Firwatt den Deeg ruhen loossen?
Alles verbënnd sech dann besser mateneen, an Miähl quëllt na bëssen wudurich Pankischer mi lëftig jiänn.

Pankisch “Pfannkuchen”
De Naam seet et well, een Kousch den an der Pann gebaasch jett. Am mëttelaterlëschen Europa as et an de Feldkëschen keen Schiäffchen jiänn. De “Kousch” hat äwer irgendwie gebaasch muss jiänn. Su hat den Bäcker Pann geholt an mat bëssen Fett “Pfannkuchen” gemaat.
Den Ursprong
Pankisch gehiiert zu deen Ässen, déi well segt etlichen Joeren van deen verschiddensten Kulturen zoubereed jiänn. Wirklich nooweisen ween do den Domm drop hällt kann een net.
Bis hogt han sech déi verschiddenst regional Variatiounen entweckelt. Van séissen Pankischer mat Moolbiär, Äppel, Gebeets oder Nutella, bis hin zu mi deftigen mat Salami, Kiis an Speck.
Crêpes, Pankisch an Pancakes
- Spazéiere mir bis riwer an Frankreich, een van deen bekanntesten as Crêpes Suzette. Déi ganz dënn Crêpes jiänn mat Orangenjus an Orangenlikör flambéiert an waarem zervéiert.
- Bei eis as de Pankisch bëssen mi deck an zimlech neutral am Geschmaasch, su kann en mat verschiddenste Saaschen beläit jiänn.
- Fleien mir bis an USA, do sen Pancakes feste Bestanddeel moies beim Kaffii, am léifsten mat vill Ahornsirup an Botter. Äwer o die herzhaft Form mat Wischterscher an Speck as beléift. Pancakes sen o net su gruus wie eis Pankischer.
- Bei eis jiän Pankischer aus enger Mëschung van Eier, Mëlich, Salz an Miähl gemaat an bei eis as den Deeg mi flëssig.
- Pancakes jiänn ähnlich gemaat, sie mëschen äwer na Baaschpolwer drënner, an bei hinnen as net suvill Ei an Mëlich dran. Dodurich bleift den Deeg mi deckflëssig an durich Baaschpolwer jiän Pancakes mi deck am mi fluffig.
Ob herzhaft oder séiss…
… Crêpes, Pankisch oder Pancakes schmaaschen ëmmer goud. Beim Wëllkuaren han ech et sugar léiwer wann en bëssen mi salzig schmescht. Den wäissen Pankisch hualen ech ischter fir Séisses drop ze leen. Datt as ëmmer “affaire du goût”.
Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zocker Zooss Zoossenfond Zopp