Januar 2022

Deen 1te Moont vam Joer ham mer gepackt, watt as alles passéiert? Watt han ech gekooscht? wie geht et firan? Eng kéier de Moont aan die sching Momenter erënneren, an o villäicht Deeg déi net su sching woren. An natiirlech een klenge Bleck op de nächsten Mount. 


De Januar an Rezepter

De Januar wor nawell zimlech vill an menger Këschen looss, vill gekooscht. Spënschijen as gefëllt, mat angekooschter Tomatenzooss, Gebeets, brong Zooss…

Tomatenzooss
Gebeets
Brong Zooss

Äwer net nëmmen datt, Poulet an Schnuddelhouhn stungen o om Programm, mat Richtung Italien. An natiirlech duraef eeng goud Entrecôte net om Plang fehlen. 

mat Péitersillischgromperen
Dinde mat Geméiss
Entrecôte

Firan gung et mat Pesto, Nudelen, Essig, an deene 4 Elemter fir goud ze kooschen. Vill han ech ausprobéiert, nei iwerschafft, an geschmaascht. Ech sen keen Fëschfan, dofir wärten net wirklich vill Fëschrezepter op mengem Blog landen. 


Watt han ech erliäft?

Wann ech su durich meng Fotoen kucken, déi ech all am Januar gemaat han, han ech nëmmen gekooscht. Leider hat Corona eis ëmmer na am Graff, su datt een irgendwie ëmmer na bëssen angespaart as. An et sen mëttlerweil o Mënschen betroof déi engem mi noostin.


Wie geht et viran?

Na bleiwen ech bëssen an Italien, Pizza steht na om Programm. An dann mol kucken. Messtens lossen ech mech inspiréiren wann ech om Maart ënnerwee sen. Well na eng Partie Zoppen ankooschen, also vill Geméiss. An watt schmescht besser bei naassem an kaalen Wiäder wie eng goud Zopp di van bannen wiäremt, mat villäicht bëssen Pankisch dobäi. 

Een kuurzen knackigen Reckbléck vam Januar. Wënschen eech all een gouden Februar.

Josiane

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*