D’Nudel, gemaat aus Wasser, Miähl an Ei oder o ouni Ei. Et jëtt kaum eent Ässen bei deem sech su vill Mënschen eenz se, wie Pasta. Ob Spaghetti, Tagliatelle, Tortellini… Et jëtt su eng gruss Auswiähll van verschidden Nudelzorten. Bal na mi gruss as Auswiähll van den Zoossen, Bolognese, Carbonara, Pesto. Fir jidefereen as jétt dobäi.
Mir verbannen Pasta mat där Italienischer Këschen. Den Deeg as äwer mat gruusser wahrscheinlichkeet onaafhängig van den Länner, iwerall irgendwie verschafft jiänn. Nudeldeeg as bëllig an siier gemaat. Viran paar honnert Joer haat bal jidfereen Houhner, iwerall woren Millen fir d’Miähl an Waasser juff et o. Genau su as Pizza an Fladenbrugt wahrscheinlich o erfond jiänn.
De Nuddeldeeg…
… mat EI
Fir een gouden Nuddeldeeg as et ëmmer am besten alles aafzewoojien. Bei 100 g Miähl (00) brausch een 55 g Ei. Well Eier äwer ënnerschidlech schwéier se, datt watt fehlt einfach mat bessen Waasser opfëllen. Sen Eier lo ze schwéier, entweeder bessen Miähl dobäi maan, oder mat der Eierschaal bessen Eiwäiss raus hualen.

Bëssen (Salz) dobäi, an Eier firiischt mat enger Forschett oder mat den Fanger mëschen, an ëmmer no an no bëssen Miähl mat anschaffen. Bis een festen Deeg entsteht, an deen dann kniädden. Et kann een datt nattiirlech o an enger Schossel maan, mam Mixer, mäis d’Hänn brausch een äwer well den Deeg ze fest jëtt fir den Mixer. An mat den Hänn féilt een am besten wann den Deeg goud as. Salz muss net dran gemaat jiänn, datt kann o Kooschwaasser iwerhualen.

- As den Deeg ze pëschisch dann na bëssen Miähl drënner kniädden.
- As en net pëschisch an et as äwer na Miähl iwergeg. Schaffplatz proper maan fir den Deeg op enger properer Fläch ze kniädden.
- Den Deeg op mannst 10 Min. goud kniädden. Den Nuddeldeeg drëchent ganz siier aan der Loft, wann en lo während dem kniädden ze drëchen jëtt, einfach Hänn naass man an dann firan kniädden.
- Den Deeg as goud, wanns du eng Boule forms, mam Fanger andrécks an den Deeg rëm zréck kënnt. Den Deeg soll sech glatt aanféihlen.
- Dann den Deeg an eent propert Dousch anwécklen an op mannst 30 Min. bei Raumtemperatur ruhen loosen. Wanns du eent zevill parfüméiert Wäschmëttel benotz kann et sen datt den Deeg den Goût vam Wäschmëttel aanhëllt, du kanns dann o Folie hualen fir den Deeg anzewécklen.
- Den Deeg kanns du iwert Näit an den Frigo leen, et jëtt dann bëssen mi donkel. Den Deeg, viram verschaffen, rëm op Raumtemperatur brengen.

Den Deeg ausrullen, datt kanns du mat der Nuddelmaschin, oder mat Muskelaarbicht 😉 maan. Deemno watt fir eng Nuddelen du meschs soll en su dënn ausgerullt jiänn datts du dodurich gesëgs. Denk dran alles mat Miähl anzestëppsen befirs du aafänks auszerullen.
Nudeln kann een lo drëchnen loossen oder direkt kooschen. Salzwaasser opsetzen an opkooschen loossen, datt Waasser kann richtisch salzig sen, bal su wie Miärwaasser. Datt meest Salz wandert hanno suwisu an den Aafloss. Ech probéiren Nudel no 5 Min. ëmmer fir ze kucken op së al dente as.
…ouni Ei
Den Nuddeldeeg ouni Ei jëtt meestens mat Griessmiähl gemaat. An o hei alles aafwoojien. Fir all 100 g Griessmiähl brausch een 45-50 ml temperéiert Waasser. Op 1 L Waasser kënnt 1 TL Salz. Salz as net gedeit fir ze würzen, mäis et hëleft fir datt Glutensträng sëch besser verbannen.
Alles mateen vermëschen, daat kann een an enger Schossel oder op der Arbischtsplaque maan. Den Deeg 5 Min. kniädden. Den Deeg soll glatt an net pëschesch sen. En féilt sëch net su aan wie een Nudeldeeg mat Ei, en féilt sech ischter bëssen wie Plastik aan, an en kann direkt verschafft jiänn, en brausch net ze ruhen.
Kniäddelen

Kniäddeln, eent van deen besten Ässen déi et jëtt, an siier gemaat. Mat Speckgréiwen drop, een Kompp Zaloot dobäi, … hmmm lecker.
Fir Kniäddelen hualen ech 4 Eier, déi ech opklappen, dann réieren ech 250 ml Mëlich an 250 ml Sprudelwaasser drënner, Salz an Muskot dran. Miähl réieren ëch Läffelweis drënner bis een dëcken ziihflëssegen Deeg entsteht.
Dann setzen ech eent Dëppen matt Salzwaasser op, loossen datt opkooschen, an maan den Deeg mat hëlef van engem Läffel no an no ant Waasser. Wann Kniäddelen rop kommen an schwammen loossen ech se na 1 Min. am Waasser, hualen se dann raus an stellen se waarem.
Kleng gewürfelten Speck brooden ech mat engem Schnatt Botter an enger Pann krupsisch, iwert Kniäddelen schëdden alles vermëschen. Gouden Appetit!
Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zocker Zooss Zoossenfond Zopp