Spanier han Gromper ëm 1560 mat an Europa breit. An wann een bedenkt datt bis zum 19ten Joerhonnert Gromper fir aarem Léckt an Déiren woren, die Räich vam 19ten Joerhonnert han sech net dozou raaf geloss eng Gromper zässen.
Gromper as fir mech perséinlich eent Liäwnsmëttel datt ech vill kooschen an ech sen o ëmmer op der Séich no verschiddene Rezepter. Gromper as reich aan Balaststoffer an Kohlenhydrate, an et kann een se op “Dausend an Eng” Art baaschen oder kooschen.
Batata Harra as eent libanesischt Rezept fir scharef würzig Gromperen. Dës Gromperen jiänn am Schiäffchen bei hiier Temperarur knusperig gebaasch, an dann kënnt eng scharef Zooss aus Olivenualeg, Zitrounensaaft, Knuawléck, Chili an Koriander driwer. Sie kanne kaal oder waarem gäss jiänn, just als Snack, oder als Beilaag.
Fir Batata Harra brausch ech?
- Gromperen, du kanns déi Gromper hualen déis du am léifsten has, egal op se miählig kooschend oder festkooschend as.
- Knuawléck, beim Knuawléck jëtt et keent zevill 😉 en gehiiert zu dësem Rezept, ouni fehlt eppes.
- Gewürzer, et as eent oriantalischt Rezept also duarfen do o die verschidden Typisch Gewürzer net fehlen. Fir Gromperen scharef ze kreien, kommen Chiliflocken an Cayennepeffer dran. Dann kennt äwer na Salz, Peffer, Cumin an Korianderpolwer mat dran. Wanns du et net su scharef wëlls kanns du den Chili an de Cayenne durich Paprikapolwer ersetzen.
- Krégder, an dëst Rezept kënnt o na zousätzlich frëschen Koriander mat dran. Gromperen kreien do durich een erfrëschenden Aroma. Beim Koriander scheeden sech Geester, die eng han en jiären, an fir anner as et wie wann se an eent Steck Seef beissen. Alternativ kanns du frëschen Péitersilich hualen. Ech han eng Mëschung aus Koriander an Péitersilich gehollt.
- Zitrounensaaft, zum Schluss Zitrounensaaft iwert Gromperen an sämtlich Gewürzer jiänn durich Saier ausbalancéiert, fir dëst Rezept een muss.
- Optional Tomatenpürée, ech han verschidden Rezepter fond déi maan o na Tomatenpürée mat dran, ech han des Gromperen ouni gemaat.
Wie jiänn Batata Harra gemaat?
Des Gromper as einfasch an siier ze maan. Gromperen schiälen, würfelen.
Dann kann een Gromperen frittéieren. Sie jiänn zwar dann knuseprig schmaaschen äwer o no deem Fett an deem se frittéiert jiänn sen.
Natiirlech kann een se o am “Air fry” maan.
Oder bei hiier Temperatur ma bëssen Olivenualeg, Salz an Peffer am Schiäffchen baaschen. Bei 250 °C Grad 20 Min. baaschen, dann eng kéier driien an dann na fir 10-15 Min. baaschen an su jiänn sie o am Schiäffchen knusperig. Su han ech se gemaat.
Iwerdeems Gromperen am Schiäffchen stinn kann een Zooss maan déi hanneno driwer kënnt. An enger waarmer Pann Olivenualeg op mëttel Hëtzt erwiärmen, dann den gehackten Knuawléck aanbrooden. Hëtzt duraref net ze hii sen soss verbrennt de Knuawléck an e jëtt batter. Dann jiänn Gewürzer ënnergemëscht an kuurz mat erwiäremt, su datt se hir Aromen entfaalen kanne.



Optional: Tomatenpürée ënnermëschen.
Vam Feier hualen an Halschent vam gehackten Koriander ënnermëschen.
Zooss an eng Schossel ëmfëllen an op Ségt stellen bis Gromperen färdeg sen.
Subal Gromperen färdeg sen, an eng Schossel fëllen an Zooss driwer schëdden an goud mëschen. Den Rest vam Koriander an den Zitrounensaaft mat ënnermëschen.
Batata Harra
Schwierigkeit: einfasch6
15
Minuten40
MinutenZutaten
1 kg geschiällt an gewürfelt Gromperen
80 ml Olivenualeg
1 TL Salz
0,5 TL Peffer
2 TL Korianderpolwer
1 TL Chiliflocken
0,5 TL Cayennepeffer
wanns du keen Chili oder/an Cayenne hëlls dann 1,5 TL Paprikapolwer
0,5 TL Kreuzkümmel (Cumin)
4 Ziiwen gehackten Knuawléck
optional: 2 EL Tomatenpürée
0,5 Botte frëschen gehackten Koriander
0,5 Botte frëschen gehackten Péitersilich
Saaft van 0,5 Zitroun
Zoubereedung
- De Schiäffchen op 250°C Grad virwiärmen.
- Gromperen goud aafwäschen an aafdrëpsen loossen. An eng Schossel maan, an mat 2-3 EL Olivenualeg, Salz an Peffer mëschen.
- Gromperen op enger Baaschplaque mat Baaschpapeier verdeelen su datt se net iwereneen leien.
- Am waarmen Schiäffchen ongeféier 30-35 Min. baaschen. No 20 Min. Gromperen mëschen an driien.
- Iwerdeems Gromperen am Schiäffchen stinn. An enger waarmer Pann Olivenualeg op mëttel Hëtzt erhëtzten.
- De Knuawléck do dran brooden, oppassen datt Hëtzt net ze hii as soss verbrennt den Knuawléck an jëtt batter.
- Gewürzer ënnermëschen an die kuurz mat erwiärmen su datt se hir Aromen entfaalen kanne.
- optional Tomatenpürée ënnermëschen.
- Ongeféier Halschent vam Koriander-Péitersilich-Mëschung ënnermëschen.
- An eng Schossel fëllen an op Ségt stellen bis Gromperen färdeg sen.
- Gromperen an eng Schossel fëllen, Zooss driwer schëdden alles goud vermëschen. Deen Rest Koriander-Péitersilich an Zitrounensaaft ënnermëschen.