Een einfaschen an gouden Menu, mat enger gekooschter Gromper dobäi, an et as een Genoss.
Pouletfilet mat Courgetten
Schwierigkeit: einfasch4
30
Minuten20
Minutenzousätzlich brauchst du, eng mat Botter angefett feierfest Form.
Watt brausch ech?
4 Pouletfilet
2 Ziiwen Knuawléck
1 TL grafft Salz
1 Ënn
2 Courgetten
6 Tomaten
Olivenualeg
1 TL gedrëchente Oregano
1 TL gedrëchente Thymian
Peffer, Salz
125 ml wäisse Wéng
1/2 Bott frëschen, gehackten Oreagon
2 Becher Joghurt
3 Eier
125 g an kleng Stecker geschniddene Provolone oder Mozzarella
1 Bott Bratzelen
Wie jëtt gekooscht
- Pouletfilet salzen an iwer Näit am Frigo durich zéihen loossen. Eng goud Stonn viram brooden aus dem Frigo hualen su datt Fleesch Raumtemperatur aanhualen kann.
Du muss dat net su maan, ech jiff Fleesch äwer eng goud Stonn viram kooschen salzen an et dann o net an de Frigo setzen. Fleesch jëtt am besten wann et Raumtemperatur hat. - Den Knuawléck mam grawen Salz am Mörser zertrippsen.
- Ënn kleng hacken. Gourgetten an Tomaten an dënn Scheiwen schnegden.
- Olivenualeg an enger waarmer Pann erhëtzen, Fleesch mat Peffer, Oregano an Thymian würzen an am waarmen Olivenualg aanbrooden. Fleesch dann an die feierfest Form leen.
- Fett fortschedden, an där selwischter Pann rëm bessen Olivenualeg erhëtzen. Op mëttler Hëtzt d’Ënn an den Knuawléck garen bis se mëll sen. Courgetten ënnermëschen an mat aandënsten. Dann Tomaten ënnermëschen. Datt Ganzt paar Min. aandënsten an mam wäisse Wéng aafläschen an ankooschen loossen. Schmaaschen an mat Peffer an Salz würzen. Deen frëschen Oreagno drënner mëschen an datt Ganzt iwert dem Fleesch verdeelen.
- De Schiäffchen op 200 Grad Uawen- an Ënischthëtz virwiärmen.
- De Joghurt an eng Schossel maan, mat den Eier an mam Kiis goud mëschen. Iwert dem Fleesch an Geméiss verdeelen an 20 Min baaschen.
- Bratzelen kleng schnegden an se viram zerwéiren om Ässen verdeelen.
Notiz
- De Mozarella as bëssen mi mëll am Geschmasch, kann een äwer goud als Alternativ fir den Provolone hualen.
Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp