Cornichonzaloot

Een Klassiker mat Biss. Et jiän Ässen déi tauchen ëmmer rëm op, bei Famijenfeieren, bei engem Grillfest oder ganz einfasch als Beilaag zu engem gouden Ässen. D’Cornichonzaloot gehiiert do definitv dozou. En ass su simple an einfasch, datt en dachs ënnerschätzt jiët. Ween äwer mol ënnert die dënn Scheiwen kuckt fënnt raus, datt dës Zaloot net nëmmen Goût hat, mee o eng Geschicht.

Van der Ur-Cornichon zur Beilaag

D’Cronichon wie mir se hokt kennen, kënnt wahrscheinlich, ursprünglich aus Indien. Well viraan 3000 Joer ass sie do kultivéiert jiän. Iwer die aal Handelstroossen ass sie an Europa aankommen. Bei de Griechen an de Réimer wor et eent beléift Geméiss, an ab dem Mëttelalter wor sie o bei eis an Kluustergärt een vertrauten Aanbléck.

D’Cornichonzaloot hat sech am 19ten Joerhonnert zu deem entweckelt wie mir en hokt kennen, fein geschnidden, an enger Vinägrette, heinsdo mat Dill an Ënnen. Deemools wor dës Zaloot keen summerlichen Frëschekick, mee ischter Deel d’Liäwensmëttel haltbar ze maan. Sie sen angeleit jiän, gesäiert oder sugar fermentéiert, net well et modern wor, mee einfasch nigdig. Et juffen keng Frigoen, keng Plastikverpackungen. Watt haltbar gemaat jiän ass, hat d’Ernährung iwert de Wanter gesëchert.

Aales nei gedeit

Jidfereen kennt am Essig angeleiten Cornichon, äwer fermentéiert Cornichonzaloot? Tatsächlich ass et een klengen Widdersprosch. An Osteuropäischen Këchen jiët et Varianten, bei denen d’Cornichon an enger Salzliesung, Knuawelek, Dill an anner Gewürzer paar Deeg an Toundëppen ruhen, ganz ouni Essig. D’Mëlichsäiergärung konservéiert sie an jiët hinnen een déiwen, baal nossigen Aroma. Datt ass net jidferengem sein Goût, o net mäin. Villäicht well mir et gewiännt sen Cornichon am Essig anzeleen.

Die kleng Cornichon

Fir mäin Cornichonzaloot han ech dës kéier die kleng Cornichon gehollt, mir kennen se hei aus dem Glas an am Essig mat Gewürzer angeleit. Iwerall an de Buttiker fënnt een se, fir déi die selwer Pickels maan. Frësch verschafft droen sie den Aroma, knackig, intensiv, liit Batter an engem festen, saaftigen Biss.

Sie brauschen keng Exotik, keng Avocado, keent Kokoswaasser. Sie weisen, datt regional Këchen net langweilig sen muss. Ganz am Geegendeel, sie weisen eis mat deem ze schaffen watt an eisen Regiounen wiist.

Su eng Cornichonzaloot hat vill Gesiiter

Watt Cornichonzaloot su spannend mëcht ass seng Wandelbarkeet:

  • Klassisch an enger Essig-Ualig-Vinägrette mat Dill
  • Mat Schmand
  • Mat bëssen Mostert an der Vinägrette
  • Een Dressing aus Joghurt
  • Verfeinert mat Kübiskärenualig
  • Oder mi modern, mat geréisterten Nëss, Zitrounenzesten oder Äppelessig

Durich deen zimlich neutralen Goût van der Cornichon bleift d’Basis bal ëmmer d’selwischt, an dënn Scheiwen geschnidden Cornichon. Den Dressing mëcht den Charakter.

Ech perséinlich han dës Zaloot am léifsten an enger klassicher Vinägrette op Essig-Ualig-Basis, verfeinert mat Schmand an frëschen Krégder wie Dill an Péitersilich. Heinsdo mëschen ech mol Radiesercher drënner.

Vinägrette

Noohaltigkeet om Teller

  • Regionalitéit: Cornichon waassen de Summer bal iwerall an Mëtteleuropa.
  • Saisonalitéit: Een knackigen Cornichonzaloot schmëcht am besten mat Cronichon déi an der Sonn gewaassen sen, van Juni bis August. Am Wanter léiwer op Lagergeméiss wie Kappes oder Rommelen zeréckgräifen.
  • Keng Verschwendung: O Cornichon déi kromm sen oder mol paar Flecken han kannen verschafft jiän, einfasch schiälen an d’Flecken raus schnégden, su land winiger am Biomüll.
  • Natiirlich ass dës Zaloot vegetarisch, fir all déi Problemer mat Laktose han, de Schmand einfasch fort lossen. Vam Goût hiär steht dës Zaloot ëmmer ganz uawen.

Aal trëfft nei

An enger Zekt an där Foodtrends siier wiässelen, bleift d’Cornichonzaloot erstaunlich stabil, en taucht net op Instagramm-Hipster-Telleren mat Mikorschaum oder Goldstëps drop op. Äwer an modernen Këchen erliäft en een Comeback. An der Stärekëchen jiët en mëttlerweil mat fermentéiertem Knuawelek, gepickelten Mosterkären oder lookisch mat gebroodenem Tofu zervéiert. Annerer interpretéiren dës Zaloot asiatisch mat Räisessig an Sesamualig. Basis bleift, an d‘Kreativitéit wiist.

An ween d’Cornichon wirklich mol fermentéieren well, wärt siier miäriken, datt et net nëmmen eng Art ass Liäwensmëttel haltbar ze maan, mee, et rëcht, et zischt et verännert sech. Et jiët een zu engem Deel van engem joerhonnertaalen Handwiärik, datt net mi brausch wie Salz, Waasser an Zékt.

Cornichonzaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 6-8 frësch kleng Cornichon

  • 2 TL Salz

  • Fir Vinägrette
  • 50 ml Essig

  • 0,5 TL Mostert

  • 100 ml Ualig

  • 50 ml Schmand

  • 2 Schalotten, fein gehackt

  • Peffer & Salz

  • 1 EL frëschen Péitersilich, fein gehackt

  • 1 EL frëschen Dill, fein gehackt

Zoubereedung

  • Du kanns Cornichon schiälen, et as äwer keen muss, ech maan se mol mat an mol ouni Schaal. Cornichon schnégden ech op der Mandoline an dënn Scheiwen, leen se an eng Sei, salzen se an vermëschen se goud. Su loossen ech se 30 Min. durichzéien. Datt zéiht iwerschëssigt Waasser aus den Cronichon an suarigt dofir datt deng Zaloot net su wässerig jiët. .
  • Fir Vinaigrette
  • An enger Schossel vermëschen ech den Essig mam Salz, Peffer an Moster. No an no, an ënner stännigem réiren mëschen ech den Ualig drënner su datt eng Emoulsioun entsteht.
  • Zum Schluss mëschen ech de Schmand drënner, die gehackten Schalotten, an die gehackten Krégder. Dann schmaaschen ech datt Ganzt an würzen evtl, na bëssen no.
  • Cornichon wäschen ech grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf, loossen se goud aafdrëpsen an tuppen evtl. iwerschëssigt Waasser mat Këchenpapaier aaf. Dann mëschen ech se ënnert Vinägrette. Am besten lisst een se na bëssen an der Vinägrette durich zéien.
  • Eng Zaloot déi een goud am viraus zoubereeden kann an am Frigo opbewahren bis se gebrauscht jiët.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*