Virbereedungszéckt: 20 Min.
Kooschzéckt: 40 Min.
Fir ongeféier 3 L Zopp brauchst du?
- 750 g an Scheiwen an blanchéierten Sellerie
- 30 g Botter
- 2,5 L Geméiss- oder Fleeschbréit
- 350 g an graff Würfel geschnidden Gromperen
- Salz & Peffer
zousätzlich brauchst du een Püréierstaaf an eng Passette.
Wie jëtt gekooscht?
Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen, an deen blanchéierten Sellerie do dran aandënsten. Just op mëttler Hëtzt den Sellerie soll keng Faaref aanhualen.
1,5 L Bréit drop schëdden, Hëtzt rop driien an opkooschen loossen.
Gromperen drënner mëschen an alles an ongeféier 30 Min. mëll kooschen. Mam Püréierstaaf püréiren an Zopp durich Passette sträichen.
De Rest Bréit drop schëdden, opkooschen loossen. Schmaaschen evtl. noowürzen.
Als Garnitur kann een am Botter geschwenkten Brugdcroûtons dran maan.
INFO: Zopp durich Passette sträichen, déint dozou, fir Faseren am Geméiss déi net vam Püréierstaaf zerklengert jiän raus ze kreien.
Wëlls du mi Goût an d’Zopp kreien kanns du am Platz van der Geméissbréit, Fleeschbréit hualen.
Sellerie-Velouté-Zopp
Fir ongeféier 3 L Zopp brauchst du?
Fir den Velouté:
- 1,5 L kooschend Geméissbréit oder Fleeschbréit
- 50 g Botter
- 60 g Miähl
- Peffer & Salz
Fir Zopp:
- 500 g Sellerie
- 1,5 L Velouté
- 600 ml Geméiss- oder Fleeschbréit
- 200 ml Rahm
- 4 Eijäll
- Salz & Peffer
zousätzlich brauschst du een Püréierstaaf an eng Passette.
Wie jëtt gekooscht?
Fir de Velouté:
Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Miähl ënnerréiren an su en helle Roux kooschen. Hëtzt net ze hii driien, soss kann et passéiren datt Zopp net richtisch bënnt. Ongeféier 5 Min. ausschweessen subal den Goût vam riien Miähl fort as, as den Roux färdeg. Aafkéilen loossen.
Die kooschend Bréit op deen kaalen Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an de Velouté 25-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen. Durich Passette schëdden.
Du kanns den Velouté natiirlech o mam Kooschwaasser vam Sellerie maan.
Fir Zopp:
Den Sellerie am kaalen goud gesalzenem Waasser mëll kooschen. Aafschëdden an bëssen vam Kooschwaasser halen. Sellerie püréiren an bëssen vam Kooschwaasser drop schëdden. De Pürée kann bëssen mi flëssig sen wie normalen Pürée. De Pürée durich Passette sträichen.
Velouté mat 500 ml Selleripürée an der Bréit mëschen an opkooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen evtl. noowürzen.
Rahm mam Eijäll mëschen an ënner stännigem réiren an Zopp schëdden, subal Zopp anfänkt mat bannen vam Feier zéien an na bëssen vrian réiren. Zopp durich Passette schëdden, falls d’Ei gestockt as.
Als Garnitur kann een Röstzwibbelen driwer streien.
INFO: De Pürée durich Passette sträichen, déint dozou, fir Faseren am Geméiss déi net vam Püréierstaaf zerklengert jiän raus ze kreien.
Sellerie-Rahm-Zopp
Fir ongeféier 3 L Zopp brauchst du?
Fir Béchamel:
- 50 g Botter
- 60 g Miähl
- 1,5 L kooschend Mëlich
- Peffer & Salz
Fir Zopp:
- 1,5 L Béchamel
- 500 ml Selleriepürée
- 600 ml Geméiss- oder Fleeschbréit
- 200 ml Rahm
- Salz & Peffer
zousätzlich brauchst du een Püréierstaaf an eng Passette.
Wie jëtt gekooscht?
Fir Béchamel:
Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Miähl ënnerréiren an su en helle Roux kooschen. Hëtzt net ze hii driien, soss kann et passéiren datt Zopp net richtisch bënnt. Ongeféier 5 Min. ausschweessen subal den Goût vam riien Miähl fort as, as den Roux färdeg. Aafkéilen loossen.
Die kooschend Mëlich op deen kaalen Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an d’Béchamel 25-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen. Durich Passette schëdden.
Fir Zopp:
Den Selleriepürée su virbereeden wie bei der Veloutézopp beschriwen.
Selleriepürée an d’Bréit ënnert Béchamel mëschen, opkooschen loossen. Schmaaschen evtl. noowürzen.
Rahm ënnerréiren, Hëtzt raaf driien fir se waarem ze haalen.
Als Garnitur kann een bëssen gehackten Kiärwel drënner mëschen.