Speck mat séiss-sauren Ënnen

Hogt deelen ech eent Rezept mat dir fir Speck mat séiss-sauren Ënnen. Eent herzhaft Ässen datt goud schmëscht an einfasch zouzebreeden ass.

Speck oder Schwéngsbausch hat eng lang Geschicht an villen Kulturen. Van asiatischem Stir-Fry bis hin zum europäischen Broot. Schwéngsbausch ass eent villségtigt Stéck Fleesch, datt ségt Joerhonnerten geschätzt jëtt. An villen Kulturen jëtt den Speck gemellig gegart, fir seng zart Textur an sein reichen Geschmaasch ze entfalen.

Iwert dësen Deel vam Schwéng jëtt gesoot, datt en zimlich fett ass. Doweenst jëtt en meestens als Bacon oder als durichwaasene an marinéierten Speck fir ze grillen verschafft. Du kanns en allerdings o selwer marinéiren an brooden, ob als Broot mat enger knusperiger Schwart oder als Scheiwen.

Hei ass eent Rezept mat Scheiwen an séis sauren Ënnen.

Dofir brausch ech:

  • eng Pann
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • een Holzeläffel
  • eng Schossel

Zoubereedung

Vam Speck kanns du Schwart raaf schnégden, du kanns se äwer o draan loossen, Speckscheiwen han ech halbéiert an enger Schossel mat bëssen Olivenualeg, Knuawléck, Salz an Peffer vermëscht. Su han ech se ongeféier 1 Stonn durich zéien geloss, am besten ass ëmmer iwert Nait.

D’Ënnen an den Knuawléck han ech geschiält, d’Ënnen an dënn Halefscheiwen geschnidden an den Knuawkléck gehackt.

An enger klenger Schossel mëschen ech Rugdewéngessig mat bëssen Hunnig, bis den Hunnig sech opgeliiest hat.

An enger waarmer Pann han ech bëssen Olivenualeg erhëtzt an Speckscheiwen do dran rondrëm op mëttel Hëtzt aangebrooden, déi han ech dann raus geholt an op Ségt gestallt.

An der selwischter Pann han ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen gebrooden bis se afänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat aan.

Subal d’Ënnen eng sching goldbrong Faaref han schëdden ech d’Essig-Hunnig-Mëschung drop. Op niddriger Hëtzt vermëschen ech alles mateneen. Dann leen ech den Speck an dës Zooss an mat Deckel lossen ech Scheiwen, op niddriger Hëtzt ongeféier 10 Min. zéien.

Mat frësch gehackten Krégder bestreien an zervéiren.

Zutaten

  • Speckscheiwen
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Olivenualeg
  • Rugdewéngessig
  • Hunnig
  • Salz & peffer
  • Frësch Krégder fir Garnitur

Tipps

  1. Pass do drop op, Scheiwen net ze kräftig an ze lang ze brooden, en jëtt soss siier drëchen.
  2. Du kanns mat verschidden Gewürzer experimentéien, wie z.B. Paprikapolwer, Cumin, oder Rosmarin.

Varianten

Am Platz vam Rugdewéngessig kanns du o Sojazooss hualen, fir deem Ganzen mi een asiatischen Kick ze jänn.

Speck mat séiss-sauren Ënnen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 800 g Speckscheiwen

  • 4 EL Olivenualeg

  • 3 gruuss Ënnen, an dënn Halefronselen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawkléck gehackt

  • 3 EL Rugdewéngessig

  • 1 EL Hunnig

  • Salz & Peffer

  • frësch Krégder fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Speck halbéiren an eng Schossel leen, mat 2 EL Olivenualeg, der halschent vam Knauwléck, Salz an Peffer vermëschen an op mannst 1 Stonn durich zéien loossen.
  • Den Hunnig am Rugdewéngessig opliesen.
  • An enger waarmer Pann de Speck all rondrëm op mëttel Hëtzt aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann op mëttel Hëtzt d’Ënnen brooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Deen rest Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Rugdewéngessig-Hunnig-Mëschung drop schëdden an alles goud vermëschen.
  • Den Speck rëm dran leen an op niddriger Hëtzt mat Deckel ongeféier 10 Min. zéien loossen.
  • Mat frësch gehackten Krégder bestreit zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*