Tomatenzooss

Eng van de 5 Grondzoossen aus der fransiischer Këschen.

Virbereedungszéckt: 60 Min.

Kooschzéckt: 120 Min.

Fir 5 L Tomatenzooss, noom fransiischen Rezept.

  • 6 kg frësch Tomaten, oder Tomaten aus der Bëchs (4,5 L bis 5 L)
  • 100 g Botter
  • 150 g gewürfelten gereecherten Speck
  • 200 g gewürfelt Muurten
  • 150 g gehackten Ënnen
  • 150 g Miähl
  • 1 Lorbeerblaad
  • 1 Thymianast
  • 3 geschiällten Ziiwen Knuawléck
  • 2 L helle Fond
  • 20 g Salz & bëssen Peffer
  • 30 g Zocker

Wie jëtt gekooscht?

Tomaten schiälen, a Stécker schnegden an aafdrëpsen loossen.

Wanns du net well direkt gewürfelten Speck kooft has, kanns de Speck o am Stéck mat dran maan, et geht just fir den Goût.

Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Has du gewürfelten Speck deen aanbrodden. Ënnen an Murrten dobäi jiänn an bei mëttler Hëtzt brooden bis alles gar as. Dann Miähl driwer verdeelen an alles goud mëschen an liit aanbrooden. Tomaten, den helle Fond, de Knuawléck, Krégder an d’Gewürzer an den Zocker dobäi jiänn, alles goud mëschen an opkooschen loossen. (Dann de Speck am Steck dran leen an mat kooschen)

Mat Deckel op der Plaque oder am waarmen Schiäffchen bei 200 Grad eng goud Stonn sudderen loossen. Zooss passéieren an se na engkéier fir paar Min. opkooschen loossen.


Tomaten, salz, holzteller
Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*