Umami fir all Këchen, Steinpilz-Gewürzmëschung

Hokt deelen ech eent Rezept mat dir van enger ganz besonniger Gewürzmëschung, déi mengt Ässen op deen nächsten Level hiäft. Eng aromatisch Steinpilz-Würzmëschung mat schwarzem Päffer, Thymian, bëssen Muskot an Salz. Perfekt fir Fleesch, Zoossen, Geméiss oder einfasch fir Pasta an Risotto ze verfeineren.

Firwatt ass dës Mëschung su genial?

Et jiän eng Partie Liäwensmëttel déi se van Natur aus „Umami“. Umami ass niäwent, séiss, salzig, sauer an batter deen 5 Geschmaaschsënn an bedeit köstlich. Umami ass net su einfasch ze beschreiwen, et ass een Goût, deen eent Ässen van „ganz goud“, an „jiëf mir d’Rezept“ verwandelt.

Kooschelen sen rischtig Umami-Bommen, genausu wie Tomaten an Parmesan, fir der nëmmen paar ze nënnen. Hokt kombinéiren ech gedrëchent Steinpilze, déi ech zu Polwer mahlen, mat würzigem schwarze Päffer, feinem Thymian, ganz bëssen Muskot an Salz. Su entsteht eng perfekt ausbalancéiert Mëschung aus herzhaft, würzig, mat engem Hauch van Krégder.

Zutaten an Zoubereedung

Fir dës Mëschung hualen ech gedrëchent Steinpilze, du kanns do äwer Kooschelen hualen déi’s du wëlls, ganz goud ass bestëmmt o eng gedrëchent Mëschung van verschiddene Bëschkooschelen. Déi mahlen ech an, ech han dofir eng Kaffismillen, zu feinem Polwer. Well dovaan äwer paar mir graff Stécker bleiwen han ech d‘Polwer durich eng Passette gerëselt.

Als nächst mahlen ech schwarz Päfferkären, an o deen han ech durich Passette an d’Schossel bei Kooschelen gerëselt.

Dann mëschen ech gemahlenen Thymian an frësch griwene Muskot drënner.

D’Mëschung woojien ech dann an ech mëschen ongeféier 20% Salz drënner.

D’Salz hat an su enger Mëschung verschidden Funktiounen. Salz ass een Verstiäriker vam Goût, en hiäft d’Aromen van deen anneren Zutaten an suarigt datt de Goût van dëser Mëschung na mi intensiv riwer kënnt.

Wanns du dës Mëschung op Fleesch oder Geméiss verdeels, lisst et sech besser streien an hëleft d’Gewürz mi gläichmässig ze verdeelen.

Salz wirikt liit konservéirend, well et Fiitegkeet bënnt an verhënnert datt Mikroorganismen waassen kannen. Dodurich bleift d’Gewürzmëschung mi lang frësch.

Wann dann sämtlich Zutaten vermëscht sen fëllen ech d’Gewürzmëschung an eent Glas, datt ech Loftdicht verschléissen kann, su bleiwen d’Aromen mi lang erhaalen.

Su kanns du dës Mëschung verwenden:

  • Fir Fleesch an Fësch, einfasch viraam Brooden oder Grillen iwert d’Fleesch oder de Fësch streien.
  • An Zoossen an Zoppen, een bis annerhalwen Téiläffel op 0,5 L jiët normalerweis dar fir een wonnerbaren Goût ze kreien.
  • Om Geméiss an op den Gromperen, ganz besonnig goud ass dës Mëschung op gebaaschene Gromperen an gebrooden Kooschelen.
  • Fir Risotto an Pasta, einfasch bëssen iwert deen frëschen Risotto oder eng crèmig Pasta streien.

Eng Mëschung déi mëttlerweil Grëffbereet an menger Këchen steht, sie mëcht aus all Ässen jiät ganz Besonniges.

Steinpilz-Gewürzmëschung

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Umami fir all Këchen!

Zutaten

  • 40 g Steinpilze

  • 15 g schwarz Päfferkären

  • 5 g gedrëchenten Thymian

  • 2 g Muskoot, frësch geriwen

  • 12 g – 13 g rengt Salz

Zoubereedung

  • Steinpilze mahlen ech an zu feinem Polwer. Well dovaan äwer paar mir graff Stécker bleiwen han ech d‘Polwer durich eng Passette gerëselt.
  • D’Päfferkären an den Thymian mahlen ech o zu feinem Polwer
  • Dann reiwen ech na Muskoot dran.
  • Woojien meng Mëschung an mëschen 20% rengt Salz drënner.
  • Alles goud mateneen vermëschen an, an loftdicht verschléissbar Gläser oder Dëppercher fëllen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*