Wie d‘Mac and Cheese-Zooss mäin Gromperengratin gerett hat! Et jiän ëmmer mol rëm Deeg, et kooscht een jiät an et hat een vill ze vill. Su jieet et mir wann Mac and Cheese kooschen, wann ech bis aagefongen han Kiiss ze reiwen ensteht ganz siier eng Lawine. An dann sëtzt een do, ass puppsatt, an et ass äwer na een Éimer-voll Zooss iwerig. Entsuarigen kënnt net an Froosch. Also watt maan?
Om Weeg van der Aarbischt bis Heem haat ech du mol eng Iddi an zwar, datt best aus 2 Welten mateneen vereenen. Su ass aus menger iwerig gebliwener Mac and Cheesezooss een herrlich gouden Grompergratin mat Gehacktes jiän. Befir ech äwer zum Rezept kommen, hualen ech dech na bëssen mat op eng Réis. Dëst Ässen erzällt bëssen mi wie nëmmen eng spontan Iddi Rester ze verwiärten.

D’Wuurzelen vam Kiiss, Gromperen an Gehacktes
De Gromperngratin, wie mir en hokt kennen, kënnt ursprünglich aus Frankräich. Deen klassischen Gratin Dauphinois, dënn geschnidden Gromperen, Schmand, Knuawelek, gemellig gebaasch, eent Paradebeispill fir die bäierlich Këchen. Einfasch, et mëcht satt, aus Zutaten déi ëmmer an der Spënnchen woren. Kiiss ass ursprünglich gar net mat verschafft jiän, deen ass rischt mi spéit dobäi kommen, durich regional Varianten.
Gehacktes wor lang Zékt een Luxus. Fréier sen Déier nëmmen zu ganz besonnig Fester geschläit jiän, an et wor wichtig alles ze verschaffen. Gehacktes wor die perfekt Art van der Restverwiärtung, kleng Fleeschrester, fein gehackt, gewürzt an viraan verschafft. Een Prinzip deen hokt rëm ganz aktuell ass.
Mac and Cheese ? Deen ass tatsächlich importéiert aus der der neier Welt. Ursprünglich eent einfascht Ässen van italienischen Anwanderer, datt an den USA eng Transformatioun zum deem perfekten Comfort-Food erliäft hat, mat bëlligem Kiiss, Pasta an Botter. Net graad haute Cuisine, äwer eent éierlicht Ässen datt wiäremt. An genau datt wëllen mir jo, Wiäremt an Goût.
Aus aal jiët nei!
Zereck an mäin Këchenchaos. Eng deftig Kiisszooss, déi ech mat bëssen Mëlich mi flëssig gemaat han. D’Gromperen han ech an der Schaal gekooscht, geschiällt an, an déck Schweien geschnidden.

An d’Gehacktes han ech mat enger Ënn, Knuawelek, Gewürer an Tomatenpürée gebrooden. An wie et den Zoufall wollt, han ech an menger Truh o na eng aagefongen Tuut Iärbëssen fond.

Datt han ech alles an enger feierfestr Form geschicht, eng Mëschung aus geriwenem Parmesan an Panéiermiähl driwer gestreit, paar Botterflocken drop verdeelt an datt Ganzt am Schiäffchen gebaasch. An watt soll ech soen, datt wor keent Restässen, et wor eent Fest!

Een Gratin deen sech net aan eent spezifischt Rezept hällt, mais einfasch datt verschaffen watt de Frigo an Spênnchen am Anbot hat.

Net nëmmen goud fir d’Ëmwelt, mais o goud am Goût!
Den Schlëssel legt an den Zutaten. Meng Gromperen kommen vam Frëschmaart, festkooschend an Regional. De Kiiss ass keent Industrieprodukt, mais kräftig geräift Kiiszorten aus der Regioun. D’Gehackes kënnt aus enger klenger Metzlerei deen selwer schlait an wees wie Déier rischtig verschafft jiët. Su schmëscht Noohaltig, einfasch an éierlich.
Ënnert Gehacktes loossen sech ausser Iärbëssen, na Muurten oder Poretten wonnerbar verschaffen, datt streckt gatt Ganzt an liwert Närstoffer. Ween et vegetarisch wëll kann d’Gehacktes durich gekooschten Lënsen oder gehackten Kooschelen ersetzen. D’Kiisszooss ass datt Element watt alles verbënnt.
Wann et äwer na zevill ass?
Et hat een net ëmmer deen perfekten Rest fir eent perfekt annert Ässen ze kooschen. Et kann een äwer virsuarigen. D’Kiiszoos kann een wonnerbar an Portiounen anfréiren. Vam ankooschen rooden ech hei aaf, well Miähl mat an der Zooss verschafft ass, datt drigt dozou bai, datt sie sech am Glas angekooscht net su lang hält.
Këchen als Spillplatz
Watt mir dëst Rezept gewissen hat, d’Këchen ass keen Museum. Sie ass eng liäwig Platz. An die best Rezepter entstinn dachs aus engem Mëssverständnis, engem „ech han zvill gekooscht“, oder engem „ech han näist annëcht do“. D’Restverwiärtung van Mac and Cheese ass keen Zoufall, mee een Beweis dofir, wie kreativ noohhaltigt Kooschen sen kann.
Ech denken, datt vill Zukunft an su Ässen légt. Net als kulinarischen Statement, mais als geliäften Praxis. Wann mir aafänken, eis Rester mat Respekt ze behandelen, entstinn Ässen, déi Geschichten erzällen. Geschichten van Doheem, van Verännerung, an van Goût.
Zum Schluss
Et ass villäicht net datt elegansten Ässen. Äwer et ass éierlich. Et ass noohaltig. An et ass köstlich. An wanns du die nächst kéier viraan engem Dëppen-voll iwerig gebliwener Zooss stehs, denk draan: An denger Këchen stëcht mi Potenzial, wie’s du denks!
Van Rester an Revolutioun
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen35
Minuten25
MinutenZutaten
ca. 300 g Gromperen, festkooschender
300 g Gehacktes
1 Ënn, fein gehackt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
2 EL Tomatenpürée
50 ml rugden Wéng
Salz & Päffer
1 TL gedr. Oregano
ca. 50 g Iärbessen, TK
ca. 300 ml iwerig gebliwen Mac and Cheese-Zooss
bëssen Mëlich oder Waasser fir Zooss ze längen
eng Mëschung aus 2 EL Panéiermiähl an 2 EL Parmesan
30 g Botter
Zoubereedung
- D’Gromperen kooschen ech mat der Schaal, subal déi mëll se schiälen ech se an schnégden se an deck Schweien.
- Die iwerig gebliwen Mac and Cheese-Zooss setzen ech op an erhëtzen se gemellig, su datt se net verbrennt, déi längen ech mat bëssen Mëlich oder Waasser, bis eng deckflëssig Zooss enstannen ass an würzen se evtl. na bëssen no.
- De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
- Fir d’Gehacktes brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënn aan bis se mëll ass, goud rëscht an bëssen Faaref aangeholt hat, do mëschen ech dann d’Fleesch drënner an brooden datt bis et durich gar ass. Würzen mat Salz, Päffer an Oregano
- Als nächst mëschen ech de Knuawelek an den Tomatenpürée drënner an brooden datt kuurz mat aan. Datt läschen ech dann mam rugde Wéng aaf, an loossen deen ganz ankooschen. Zum Schluss mëschen ech na d’Iärbëssen drënner an erhëtzen déi kuurz mat.
- An enger gebotterter feierfester Form verdeelen ech d’Halschent van de Gromperen om Buadem, do drop han ech d’Gehacktes verdeelt an om Gehacktes de Rest Gromperen. Iwert datt Ganzt han ech d’Kiisszooss geschott, an do drop han ech meng Mëschung aus Panéiermiähé an Parmesan gestreit.
- Om Gratin han ech dann paar Botterflocken verdeelt an su fir ongeféier 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen gestallt.