Würzigen Randseintopf mat Stangenbungen

Randfleesch mat Stangenbungen an Gromperen an enger würziger Tomatenzooss. Eent Ässen, datt an villen Kulturen doheem ass. Ob an der mediterraner Këchen, am Balkan oder an latengamerikanischen Këchen, dëst herzhaft Kombinatioun vereent die best Aromen van traditioneller Hausmannskost. Gemellig geschmoortent Randfleesch, frësch Stangenbungen an eng aromatisch Tomatenzooss erjiänn eent herzhaft Ässen, datt satt mëcht an d’Séil wiäremt.

Den Geroosch van geschmoorten Tomaten, mat bëssen Cumin an geréistertem Knuawelek zéien durich deng Këchen an lossen dir d’Waasser am Mond zesaammen loofen. Hogt beschreiwen ech dir, wie ech dëst herzhaft Ässen zoubereeden. D’Rezept ass su simple, äwer voller Goût, perfekt fir eent gemütlicht Ässen oder als Virbereedung fir d’Woosch.

Watt ass su goud aan dësem Ässen?

  • Zaart Fleesch, durich d’schmooren jiët d’Randfleesch botterzart.
  • Einfasch Zutaten, alles watt’s du brauchs, fënns du am Buttik oder du has et well doheem.
  • Herzhaft Aromen, D’Kombinatioun aus Tomaten, Gewürzer an Randfleesch ass ëmmer eng goud Mëschung.
  • Et lisst sech goud virbereeden, well et gewiäremt na besser schmëscht.

D’Zutaten & firwatt se wischtig sen.

  • Randfleesch oder Randsgulasch, hual Fleesch datt perfekt ass fir ze schmooren.
  • Stangenbungen, sie brengen eng knackig Frëschheet an dëst Ässen.
  • Gromperen, sie maan dësen Eintopf sämig an suarigen dofir datts du satt jëss.
  • Ënnen & Knuawelek, d’Basis fir eng aromatisch Zooss.
  • Tomatenpürée & Pelati, sie suarigen fir deen fruuchtigen Aroma an der Zooss.
  • Paprikapolwer, Cumin, Oregano, Chilipolwer & Lorbeerbläder, sen die perfekt Würzung fir die herzhaft Nuancen.
  • Randsbréit, sie mëcht dës Zooss na mi herzhaft.

Schratt-fir-Schratt, su jiët dësen Eintopf perfekt!

1. Virbereeden an schnégden!

Firtischt schnégden ech alles, d’Fleesch schnégden ech an Würfel an salzen et, su loossen ech et bei Raumtemperatur durichzéien bis ech all datt annert geschnidden han. D’Ënnen an de Knuawelek schiälen ech an hacken alles kleng. D’Bungen botzen ech, wäschen se, an schnégden se an Stécker van ongeféier 2cm bis 3cm. D’Gromperen schälen ech an schnégden se an Würfel.

D’Bungen blanchéiren ech an kooschendem Salzwaasser fir ongeféier 10 Min. déi schëdden ech dann aaf an schrecken se ënner kaalem Waasser aaf. D’Bungen sen am riien Zoustand liit gëftig, rischt durich d‘kooschen neutraliséiert sech deen enthaalene Phasin.

2. Fleesch kräftig aanbrooden!

An engem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch all rondrëm kräftig aan, datt würzen ech dann mat Päffer. Om Buadem vam Dëppen sollen sech Röstaromen bilden, sie suarigen fir eng herzhaft Zooss. Subal d’Fleesch sching brong ass, hualen ech et raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.

3. Die würzig Basis!

Lo kommen mir zum gouden Deel. Hëtzt driien ech raaf op mëttel Hëtzt an an deem selwischten Dëppen brooden ech d’Ënnen aan, bis se aanfänken Faaref ze kreien an goud rauschen. Als nächst mëschen ech den Knuawelek, den Tomatenpürée, Paprikapolwer, Chilipolwer, Oregano an den Cumin drënner an réisteren alles kuurz aan. Subal datt goud rëscht läschen ech alles mat der Bréit aaf an loossen déi ongeféier bis op d’Halschent reduzéiren. Dann schëdden ech den Pelati drop, zerdrecken Tomaten an loossen Zooss opkooschen. Schmaaschen, an würzen evtl. no.

4. Schmooren, schmooren, schmooren!

Datt aangebroodent Fleesch leen ech an d’Zooss, leen den Deckel drop an loossen et op niddirger Hëtzt eng goud half Stonn schmooren. Dann mëschen ech d’Gromperen drënner, leen den Deckel rëm drop an loossen datt Ganzt eng goud Stonn op niddriger Hëtzt schmooren.

5. Bungen drënner mëschen!

No der Stonn mëschen ech d’Bungen drënner, erwiärmen alles, schmaaschen an würzen evtl. na no. Wann alles durich waarem ass, verdeelen ech den Eintopf op Telleren an reechen knusperig Baguette dobäi. Goud passt o na 1 EL Joghurt drënner gemëscht.

Tipps aus menger Këchen

  • Während dem brooden vam Fleesch, d’Pann net iwerfëllen, d’Fleesch soll brooden an net am eegen Saaft kooschen.
  • Den Tomatenpürée mat den Gewürzer liit anréisteren, datt verstiarikt d’Aromen.
  • D’Geheimnis van zaart geschmoortem Fleesch ass Gedold.
  • D’Rester: dësen Eintopf schmëscht den Daag drop na besser, su han sech d’Aromen goud verbonnen.

Varianten

Mat bëssen Kanéil, mi Cumin an Muskot krëss du orientalisch Nuancen. Fir mi eng mediterran variant ze kreien kanns du frëschen Baslikum an Parmesan driwer streien. Mat Ajvar jiees du an Rischtung Balkan an fir eng mexikanisch variant kanns du mi Chili an am Platz den Stangenbungen, schwarz Bungen hualen.

Fazit

Dëst Ässen ass genau datt, watt ech aan traditioneller Hausmannskost jiären han, einfasch Zutaten, gemellig geschmoort an een intensiven Goût. Egal ob’s du et an engem kaalen Wanterdaags genéiss oder einfasch nëmmen Iddi op eent herzhaft Ässen has, dësen Eintopf wärt dech begeesteren! Probéier et aus an so mir, wie et dir geschmaascht hat!

Gouden Appetit an vill Spass beim Kooschen!

Würzigen Randseintopf mat Stangenbungen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

20

Minuten
Kooschen

1

Stunde 

40

Minuten

Zutaten

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 500 g Randsgulasch

  • Salz

  • Päffer

  • 300 g Stangenbungen, an Stécker van 2cm bis 3cm geschnidden

  • 500 g Gromperen, gewürfelt

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 1 TL Paprikapolwer

  • 1 TL Cumin (Kreuzkümmel)

  • 1 TL Oregano oder Tymian

  • 1-2 Lorbeerbläder

  • 500 ml Randsbréit

  • 400 g Pelati

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • D’Fleesch salzen ech an loossen et fir datt et Raumtemperatur aanhëllt eng goud halef Stonn durich zéien.
  • Iwerdeems blanchéiren ech d’Bungen fir 10 Min. am kooschenden Salzwaasser, schëdden se aaf an schrecken se ënner kaalem Waasser aaf, su behaalen se hir Faaref besser.
  • An engem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch do dran kräftig all rondrëm aan an päfferen et. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech brausch.
  • Dann driien ech d’Hëtzt raaf an brooden an deem selwischten Dëppen d’Ënnen bis se aanfänken Faaref ze kreien an goud rauschen.
  • Als nächst mëschen ech de Knuwelek, den Tomatenpürée an die ganz Gewürzer an Krégder drënner an réisteren kuurz alles aan.
  • Subal alles aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mat der Randsbréit aaf an loossen déi ongeféier bis op d’Halschent reduzéiren.
  • Dann schëdden ech den Pelati drop, zerdrécken Tomaten, loossen Zooss eng kéier opkooschen, schmaaschen an würzen evtl. na no. Lo leen ech d’Fleesch dran, driien Hëtzt raaf an mat Deckel loossen ech alles eng goud halef Stonn schmooren.
  • No der halwer Stonn mëschen ech d’Gromperen drënner an mat Deckel loossen ech datt Ganzt op niddriger Hëtzt eng goud Stonn schmooren.
  • Zum Schluss mëschen ech d’Stangenbungen drënner, erhëtzen alles, schmaaschen an würzen evtl. na no.
  • Den Eintopf vereelen ech op Telleren, garnéiren en mat gehacktem Péitersilich an zervéiren knusperig Baguette dobäi.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*