Bouletten, Kartoffeln, Zwiebeln, Petersilie

Bouletten

An mengem Artikel van Hogt beschreiwen ech dir, wie ech die klassisch Boulette zoubereeden. Een Klassiker deen seng Wuurzelen déif an der europäischer Këchen hat. An wie su dachs wor et eent einfascht, net ze deiert, Aarbichterässen, datt sëch am Loof van der Zéckt zu engem beléiften Ässen entwéckelt hat.

Fir dëst Abenteuer:

Brengen ech mir aus dem Buttik ongewürztent Gehacktes mat. Ech koofen ongewürztent, well ech jären selwer entscheeden watt ech an meng Bouletten mëschen.

Dann brausch ech na eent Brigdchen vam Daag virdraan oder Panéiermiähl, Ënnen, Knuawléck, Eier, Péitersilich, Salz, Peffer an Muskot. Ausserdeem na bëssen Miähl an Botterschmalz oder Olivenualeg fir ze brooden.

Natiirlech duaref d’Handwiäriksgeschiier net fehlen, do brausch ech, eng Schossel, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett an eng Gossenpann.

Form an Textur

Form

Hackfleeschmëschung jëtt zu enger ronner Bullen geformt, déi kann oval oder platt gedreckt jiänn. Bouletten sen dachs an enger Handlicher Griisst geformt, well se sech su goud an der Hand halen an liit ze portionéiren sen. Datt mëcht si zu enger beliéifter Wiäll fir Snacks, als Beilaag oder op der Bottisch.

Textur an Groosch

Bouletten han bannen Textur vam Fleesch an van baussen sollen se knusperig sen, besonnech wann se na zousätzlich panéiert sen. Während dem Brooden verbreeden Bouletten een köstliche Geroosch, deen vill Mënschen aan hausgemaatent Ässen erënnert an den Appetit aanreegt.

Traditionell Zoubereedung

An villen Familjen an Regiounen jiänn Bouletten no traditionellem Rezept an Methoud zoubereed. Mat Rezepter déi van Generatioun zu Generatioun viraan veriäreft jiänn. Datt drigt zur kulturellen Bedeitung bei.

Beilaagen an kulinarisch Villfalt

Beillagen sen dachs Gromperzaloot, Salzgromperen, Geméiss, gebrooden Gromperen, Gromperenpürée an eng Villzahl aan Zooss je no regionaler Virléift. Opgrond hirer Aapassungsfähigkeet sen Bouletten an de Këchen weltwégt ze fannen. All Regioun an Familjen hat hir eegen Virléiften an spezielle Zoubereedungen, déi op lokalen Traditiounen baséiren.

Bouletten, Kartoffeln, Zwiebeln, Petersilie

Zoubereedung

D’Brigdchen weechen ech an bëssen Mëlich goud an.

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen an de Knuawléck an hacken se ganz fein, wirklich ganz fein, well sech su den Geschmaasch am besten an der ganzer Boulette verdeelt.

  • Fir déi, die d’Ënnen net su goud verdroen, probéier mol se aanzebrooden, ganz auskéilen ze loossen an dann ënnert Gehacktes ze mëschen. Oder du reifs d’Ënnen op enger Këchenreif ganz fein, drécks se dann an engem properen Dousch fest aus an mëchs se su ënnert Gehacktes.

De Péitersilich wäschen ech grëndlich an hacken en ganz fein, an vermëschen en mat den Ënnen an dem Knuawléck.

D’Brigchen drécken ech aus, an mëschen die gehackten Ënnen mam Knuawléck an Péitersilich drënner. Dann mëschen ech Gewürzer mat drënner.

  • Wanns ech Panéiermiähl hualen mëschen ech mir datt ëmmer mat bëssen Olivenualeg an mëschen dann meng Gewürzer, Ënnen, Knuawléck an Péitersilisch drënner. De Ualeg hat déi funktioun d’Boulette saaftig ze haalen. Beim Brigdchen iwerhëllt Mëlich datt.

Als nächst leen ech Gehacktes dobäi, dann schloen ech d’Eier mat dran an mëschen bis alles goud vermëscht ass.

Bouletten portionéiren ech mir mat Hëlef van engem Glaceläffel, déi formen ech dann zu Boulen an driien se am Miähl.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden Bouletten van deen 2 Ségten goldbrong, déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.

Dann bereeden ech eng Zooss zou an kuurz viraan Schluss van der Kooschzéckt leen ech Bouletten rëm dran an loossen se an der Zooss durich zéihen.

Watt kann ech alles mat Gehacktes maan?

Miilechkeeten sen endlos, an du kanns kreativ jiänn, fir Bouletten dengem ganz perséinlichen Geschmaasch aanzepassen. Du brauchs nëmmen op Konsitenz opzepassen, sie sollen net ze drëchen an net ze fiit jiänn.

  1. Gewürzer an Krégder: Experimentéier mat verschiddene Gewürzer an Krégder, fir den Geschmaasch aanzepassen. Du kanns z.B. Knuawléck, Paprikapolwer, Cumin, Oregano oder Péitersilich mat ënnermëschen.
  2. Kiiss: Mësch frësch geriwene Kiiss wie Parmesan, Cheddar oder Feta mat ënner Gehacktes fir een extra Geschmaaschkick.
  3. Geméiss: Du kanns o fein gehacktent Geméiss wie Paprika, Muurten, Courgetten oder Spinat mat ënnermëschen, su jiänn Bouletten richtig saaftig an mi gesond. En goud Kombinatioun ass Geméiss an Kiss.
  4. Marinaden: Würz deng Bouletten mat enger Marinade. Eng Iddi wie’s du Bouletten würzen kanns fënns du an mengem Chimichurrybouletten-Rezept, oder mat enger Mediterraner Marinade.
  5. Anner Fleeschzorten: Statt Rands- oder Schwéngsgehacktes, kanns du o anner Zorten wie Lamm, Schnuddelhouhn oder Houhn verwenden.
  6. Vegan oder Vegetarisch: Wanns du op Fleesch verzichten wëlls, kanns du vegan oder vegetarisch Bouletten zoubereeden, andeems du Tofu, Geméiss, Hülsenfriischten oder Seitan hëlls.
  7. Scharef oder mëll: Pass Schiäreft dengem Geschmaasch no aan, entweeder mat mëllen Gewürzer oder andeems du Chili, Jalapeños oder eng scharef Zooss dobäi mëschs.
  8. International Variatiounen: Experimentéier mat verschidden international Aflëss. zum Beispill kanns du mat engem Currygewürz indisch Bouletten maan, oder mat Koriander an Cumin fir mexikanisch Bouletten.

Bouletten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 500 g Gehacktes

  • 100 ml Mëlich

  • 1 Brigdchen vam Daag vridraan

  • 1 gehackten Ënn, ganz fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, ganz fein gehackt

  • 0,5 Botte Péitersilich, ganz fein gehackt

  • 1 Ei

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL schwarze Peffer

  • bëssen Muskot

  • 2-3 EL Miähl

  • bëssen Botterschmalz oder Olivenualeg fir ze brooden

Zoubereedung

  • D’Brigdchen an der Mëlich anweechen.
  • Die fein gehackten Ënnen, Knuwléck an Péitersilich mateneen vermëschen.
  • Brigdchen fest ausdrécken an mat den Ënnen, Knuawléck an Péitersilich vermëschen. Sämtlich Gewürzer mat ënnermëschen.
  • Gehacktes an d’Ei mat ant Schossel leen an alles su lang durich kniädden bis et goud mateneen vermëscht ass.
  • Mat hëlef van engem Glaceläffel Gehacktes portionéiren an zu Bouletten formen. Am Miähl driien.
  • An enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz oder Olivenualeg erhëtzen an Bouletten all rondrëm goldbrong aanbrooden.
  • Wanns du na eng Zooss dobäi mëchs Bouletten raus hualen op Ségt stellen an kuurz viraan Schluss Bouletten an der Zooss durich zéien loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*