De Geroosch van Knuawelek, Botter an frëschen Kooschelen an der Naas an een Teller mat engem zaarten Schnitzel an enger cremiger Kooschelzooss. An dësem Artikel well ech dech mat op eng kleng Réis hualen. Durich d’Geschicht van dësem italienischen Klassiker, durich seng Entwécklung iwert d’Joerzéinten bis hin zu senger Zukunft.
D’Wuurzelen vam Scaloppine
D’Geschicht vam Scaloppine ass su aal wie die italianisch Léift zur einfascher Këchen, an datt ass net iwerdriwen. De Begrëff Scaloppine leet sech wahrscheinlich vam fransiischen Wuort Escalope aaf, watt suvill bedeit wie „eng dënn Scheif Fleesch“. Well am 18ten Joerhonnert sen ähnlich Zoubereedungen an fransiischen an italienischen Haushalten opgetaucht. D’Iddi wor einfasch an goud, dënn geklapptent Fleesch, siier gebrooden an zervéiert an enger aromatischer Zooss.
An Italien ass Scaloppine viraan allem mat Kaleffleesch zoubereet jiän, net well Kalef eent festlicht, zaart Fleesch ass, mee o, well et am nördlichen Italien, an er Lombardei an am Piemont, historisch gesehen besonnig geschätzt jiän ass. Deemools sen et na keng Frigoen an Truhen jiän, Ässen mat winige Zutaten, déi siier om Dësch stungen, woren eng alternativ d’Fleesch siier ze verschaffen, befir et schlecht juff.
D’Variant „ai funghi“ ass wahrscheinlich rischt mi spéit dobäi kommen, wie d’Rezept sech vriaan entweckelt hat an regional aangepasst jiän ass. An Regiounen mat vill Bësch an deenen Steinpilze an Pfifferlingen gewaass sen, sen d’Kooschelen mam Fleesch kombinéiert jiän.

D’Entweckeleung van engem Klassiker
Während Italien sech verännert, van der Agrargesellschaft zur Industrienatioun, van der Nookréichszekt zum Dolce Vita, ass Scaloppine ai funghi een Liebling van der italienischer Familjenkëchen bliwen. En ass vam heemischen Dësch op d’Menükaarten am Restaurant gewandert, firtischt an Italien an mat den Auswanderer an die ganz Welt.
An de 60er an 70er Joeren, wie datt italienischt Ässen am Ausland hauptächlich durich Pasta an Pizza bekannt jiän ass, hat sech de Scaloppine bëssen am Schiätt viraan entweckelt. Datt haat deen Virdeel, et konnt een sech ongestiiert den Aromen widmen, ouni deem modernen Trend hannendraan loofen ze mussen.
Hokt begeent een dësem Ässen an deen verschiddensten Variatiounen, mat Poulet am Platz Kalef, mat Champignons am Platz Steinpilze, mat wäissem Wéng oder Marsala, mat Schmand oder ouni. An genau datt ass de Punkt. Scaloppine ai funghi ass keent stuurt Rezept, mee een flexibelen Baukasten, mat kloeren Regelen, äwer vill Spillraum.
Een klengen Bléck hannert Kulissen
Firwatt fonktionéiert dëst Rezept? Datt de Scaloppine ai funghi su harmonisch schmëcht ass keen Zoufall.
D’Maillard-Reaktioun
Wann dënn Stecker Fleesch an der Pann gebrooden jiän, passéiert den Zauber, die sugenannten Maillard-Reaktioun. Datt ass eng komplex chemisch Reaktioun zwëschen Aminosäier a reduzéiertem Zocker, déi bei 140°C bis 165°C stattfënnt. D’Ergebnis sen Aromastoffer, déi mir als Röstaromen beschreiwen. Dës Aromen sen déif, herzhaft an verféierisch.

Umami
D’Fleesch an Kooschelen sen eng natiirlich Quell van Glutamat, deem brühmten Umami-Goût. Wann d’Fleesch mat den Kooschelen kombinéiert jiän, passéiert jiät Besonniges. Den Umami-Effekt jiët verstiärikt, ähnlich wie een Booster fir de Goût. Datt ass de Grond firwatt dëst Ässen su satt an zefridden schmëscht.

Fett
D’Botter déi jiären gehollt jiët fir ze brooden, suraigt net nëmmen fir eent goud Mondgeféihl, mee sie transportéiert d’Aromen direkt op eis Geschmaaschsknospen. De Botter verbënnt sech wonnerbar mat deem erdigen Goût van de Kooschelen, eent klengt kulinaischt Bündnis, datt fonktionéiert, well d’Fett d’Aromen besser liiest wie d’Waasser.
D’Säier fir Balance
Op een Schlupp wäissen Wéng, eeng Sprutz Zitroun oder bëssen Schmand. Säier ass wichtig, fir dëst Ässen auszegläichen an ze balancéiren. Ouni dësen klengen Frëschenkick jiff d’Zooss siier schwéier wiriken.

Die modern Këchen
Hokt hat die italienisch Këchen vill nei Iddien opgehollt, durich global Zutaten an international Foodtrends, datt kann een Virdeel äwer o een Noodeel sen. Vill italienisch Menüer han durich d‘Austauschen van den Zutaten hir Séil van der einfascher, herzhafter Këchen verluaren. Watt een hokt heindso als Pizza oder Pasta zervéiert krëtt hat absolut näist mi mat der wirklich italienischer Këchen ze doen.
Natiirlich kanns du d’Fleesch durich Auberginenscheiwen oder Seitan ersetzen, et fonktionéiert o erstaunlich goud, mee et ass net mi d‘Séil van dësem Ässen.
Scaloppine ai funghi, eent Ässen datt op Steinpilze oder Champignons beschränkt wor, hokt fënns du Shiitake, Enoki, Kräuterseitlinge oder sugar schwarz Trompetenkooschelen am Buttik. Dës brengen nei Texturen an een anneren Goût an d’Spill. Bei mir sen z.B. mi Ënnen mat dran.

An modernen Këchen experimentéiert een mat asiatischen oder südamerikanischen Aromen. Bëssen Sojazooss am Platz Salz, bëssen Zitrounengars oder gereechert Paprikapolwer. Datt ass een Deel van liäwiger Ässkultur, déi sech viraan entweckelt.
Eent Ässen, wie een gouden Frënd
Scaloppine ai funghi ass wie een aalen Frënd, deen ëmmer mol rëm laanst kucken kënnt. Heinsdo mol mat anneren Kléider äwer ëmmer mt deem vertrauten Gesiit. Et ass eent Ässen, datt sech aanpasst, äwer ouni sech ze verbéijen. Éierlich, aromatisch an befriddigend, eng perfekt Mëschung.
Scaloppine ai funghi
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten30
MinutenZutaten
4 Schnitzelen, vam Kalef oder Poulet, dënn geklappt
500 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden
2 Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden
bëssen Miähl
100 ml wäissen Wéng
200 ml Kalefs- oder Geméissbréit
100 ml Schmand
Botter
Olivenualig
Salz
Päffer
Thymian
Zoubereedung
- Datt ischt watt ech maan, well et bei mir gebrooden Gromperen dobäi se jiän, ech schiälen meng Gromperen, schnegden se an graff Würfelen an brooden se rii op mëttel bis hii Hëtzt am waarmen Olivenualig aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann driien ech d’Hëtzt raaf an loossen se su lang brooden bis se durich mëll sen. Heinsdo mol dran réiren, an kuurz viraan Schluss van der Brootzekt een gouden Schnatt Botter ënnermëschen, datt mëcht die brong Krust besonnig knusperig. Mat Salz würzen.
- D’Schnitzelen klappen ech mam Fleeschhamer dënn. Hëlls du Pouletschnitzelen, déi längs durich schnégden. D’Fleesch am besten zwëschen oder ënnert Folie leen an dann klappen, datt jiët manner Schwengerei.
- D’Fleesch würzen ech mat Salz an Päffer an loossen et eng halef Stonn durich zéien. Dann driien ech et am Miähl.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech eng Mëschung aus Botter an Olivenualig, do dran brooden ech d’Schnitzelen all rondrëm godbrong aan. Hualen se raus an stellen se op Segt bis ech se brausch.
- Op Mëttel Hëtzt brooden ech an der selwischter Pann d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
- Dann mëschen ech d’Kooschelen drënner an brooden déi brong aan. Würzen mat Salz, Päffer an bëssen Thymian.
- Datt läschen ech mam wäissen Wéng aaf, an loossen deen ankooschen. Dann schëdden ech d’Bréit drop, loosen meng Zooss eng kéier opkooschen, schmaaschen an würzen evtl na bëssen no.
- Als nächst schëdden ech de Schmand dobäi, vermëschen alles an leen d’Schnitzelen an d’Zooss, déi lossen ech durichzéien an d’Zooss bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren. Schmaaschen an evtl. na nowürzen.
- Zesaammen mat de Gromperen zervéiren an mat bëssen gehacktem Péitersilich garnéiren.