Mengt Joer 21

Joer 21 jeet op Enn zou, wann een dann su een Joeresrèckblèck21 schreift, fënnt een an den Archiven paar Saaschen aan déi een jiären zereckdenkt, an leider o paar Saaschen aan déi een net su jiären denkt, oder déi am besten gar net passéiert wiren. Mais Liäwen jeet firan, an et liiert een mat Verlost ëmzegoen.

Desen Rèckblèck as net nëmmen datt watt am letzten Joer alles passéiert as, mais et sen o Erënnerungen, déi eng gruuss Roll an mengem Liäwen spillen. Erënnerungen aan déi ech jiären zereck denken, Mënschen mat deene ech een gruussen Deel van mengem Liäwen verbreit han. 

Leider hat Corona irgendwie een Schiätt op datt ganz Joer geworf. Irgendwann wärte mir datt o hoffentlich ouni Verlost loos jiän. 

An datt ëch lo ënnert Blogger jiangen sën hätt ech am Aafank vam Joer o net gedäit.


Wie hat mengt Joer aagefongen?

Mengt Joer hat zimlech ruhig an leider ouni Knall aagefongen, o wann vill Lekt geent Sylvesterknaller se, ech fannen eent Feierwiärik ëmmer rem sching. Een Virsatz fir datt neit Joer haat ech net. Ausser datt mengen Lekt näist geschéit an datt se gesond bleiwen. 

Fir mein Gebuurtsdaag, han die wichtischtst Lekt an mëch gedeit, an o vill annerer, goud datt Facebook erënnert 😉


Erënnerungen

Äddi Norbert

Norbert, vill ze fréi bas du einfasch su jangen, du wolls na suvill ënnerhualen. 

Vill gemütlich Stonnen han mir mateneen verbreid, ech han mëch ëmmer goud geféilt an denger Gesellschaft. Mateneen ant Vakanz sen mir gefahren, datt eent Joer Provence, datt annert Südfrankreich. Deen fransiischen Liäwenstil wor denges, Chanson lausteren, op enger Terasse gemütlich een Pastis oder rugde Wéng dranken.

Ëm 16h00 Äismaschin aanmaan, fir ëm 17h00 een klengen Apéro ze dranken, vill geschuatt iwert kooschen, Welt verbessert. Videoen déis du dir am Netz aangekuckt has, an hart dobäi gelaascht has. 

Äddi Norbert
  • Den “Metti” has du gebaut, fir Fleesch an Fësch ze reecheren. Has sugar domat op verschidden Veranstalltungen gekooscht, ant Lékt mat dengem Ässen begeestert.
  • Mengem Papp an mir geholef een Pizzauawen ze bauen…
  • Ech kënnt na ganz vill anner Saaschen opzällen. Ech hoffen du wanks eis heinsdo van där annerer Sekt vam Reenbuajen.

Papp

Du has eis viran 5 Joer vir ëmmer verloss, an deen 5 Joer as vill geschéit. Du jiffs dech wahrcheinlich am Graaf driien wanns du wësst wie verschidden Lékt sech behualen. 

  • Eng Ära as op en Enn jangen. De Café Rinnen hat endgültig seng Diren zou gemaat. 
  • Mir sëtzen an enger Pandemie, die irgendwie alles verännert hat. 
  • Lena an Yaara sen 2 rischtisch sching jung Frauen jiänn. 
  • An o Jungen, Mil, Sven an Chris, wärten sech zu goude Mënschen entwecklen. 

15 Joer

Joëlle, 15 Joer as et lo, datt ech dir fir ëmmer äddi gesoot han. Deen Daag as eng Welt zesaamengebroosch. Suvill han mir mateneen gedeelt. Zwillingskutsch han mir eis gedeelt. Ech han mir soen geloss, du has kreesch gedoen wie am Spiess, an ech han geschloof. Eng eegen Sprooch han mir entwéckelt.

Dëst Joer, wie mir bei eech Doheem agelaaden woren, han mir na dodriwer geschuatt wie mir am aalen Ualeg gespillt han. Ech kann mech zwar net mi do dran erënneren, mais et wor bestëmmt sching.

Die letzt Foto op där mir zesaamen drop sën
  • Eis Vakanz an Italien, déi den ischten Owend zu Stroosburg baal zu Enn wor. An der Toskana keen Sand fond, an du bis op Riccione gerannt se. Frau op der Raststädt: Quinchi, quinchi, gracias…
  • Die Zékt déis du zu Chicago woers, regelméisseg han mir mateneen telefonéiert.
  • Den Weekend zu Barcelona, mir hätten Corrida äwer sollten kucken goen 😉
  • Huuschzekt van eisem Josy, déis du zum griistendeel mat organiséiert has.
  • An su vill anner Saaschen iwert déi mir gelaascht han.

Bomi

Bomi, o du has eis viran 15 Joer verloss, du bas Deel van mengem Liäwen, an ech Erënnere mëch o jiären an dech. Genau su wie jidfereen aus der Familijen, has du eis op eisem Weeg begleet, an mat dozou bäigedroen watt mit hogt sën. 

Eng Familijen die zesaamenhält.


Familientreffen

Meng baussen Këschen

Kirmes, bedeit ëmmer Lékt am Haus, an all Joer genau wie Chrëstdaag probéiren ech eppes neies.

Ech sen ëmmer rëm begeestert an voller Äifer wann ech eng Iddi han fir ze kooschen an eppes neies auszeprobéiern, viran allem, wann ech mat Feier spillen kann. 

Dofir as dann o meng baussen Këschen opgeriit jiänn. Den Owend fridraan as d’Feier am Pizzauawen aagefongen jiänn, fir datt ech Kuallen han fir die anner Griller waarem ze kreien. Poulet, Spareribs, Geméiss, alles han ech om Grill, om Feier an am Feier gemaat. Die Deeg virdraan well Fleesch ant Geméiss marinéiert fir datt alles goud gewürzt wor. 

An et as wie bei allem “learning by doing” wie spillen ech mat der Hëtzt, wu setzen ech mi Feier an wu manner. An et as mir goud gelongen. Lekt woren all zefridden an se goud satt jiänn.

Spareribs, Ënnen ant Deppen, Spareribs drop, Guinesse an Barbecuesauce driwer, Kualen, drënner, ronderëm an op den Deckel, an dann 3-4 Stonnen an deem Saaft schmoren geloss. Die jiänn su mëll an su saaftig datt Fleesch van der Schank fällt.

Poulet

Den Poulet, paar Deeg firdran goud gewürzt. Während dem Grillen ëmmer rëm mat enger Hunneg-Knuaweléck-Marinade bepinselt. Mi no bei d’Feier, dann rëm mi wegt fort…


Datt wor dëst Joer äwer na net alles, gegrillt juff o bei mengem Pätter Karli, zu Espler op der Millen. Wëldschwéng am Spiess, o wann ech net deen grussen Wëldfan se muss ech soen datt wor richtisch goud. An mir haaten all zesaamen een schingen gemütlichen Nomëttig.


An et hat net lang gedauert, du as die nächst Alaadung kommen, gegrillt juff des Kéier bei Henri. An well sie een Gaart han mat enger Pétanquebaan an vill miileschkeeten vir sech ze verstoppen wor datt natiirlich die rischtisch Spillplatz fir Kanner. 


Pizzaday

Pizza duaref natiirlech net fehlen. Feier brennt, den Deeg as färdeg…

Feier brennt
..den Deeg as färdeg
Gouden Appetit

Pasta,Pasta

Markus, een Arbechstkolleg as op mëch zoukommen an hat gefrooscht op ech fir den Kanddoof van sengem Mädchen kooschen kënnt. Han di Iddi rischtisch goud fond, an mir han eis du beinnee gesaat an geplangt. Fir mol eng kéier eppes annechters ze maan, wie ëmmer Grillen, haat Markus die Iddi fir Pasta ze maan.

An raus kommen as:

Bolognese
Nuddelen an enger Kiiszoos
Lachszooss
Arrabiata

Nudelen, déi ech dobäi gemaat han woren Tagliatelle, Fusilli, Penne an Spaghetti.


Die griist Herausforderung…

Die griist Herausforderung fir mech dëst Joer, wor aanzefänken een Foodblog ze schreiwen. Et as gar net su einfasch wanns de iwerhaupt keng Ahnung has wie su jett fonktionéiert. Ech wor o kuurz virdran fir alles zur Fënster raus ze schmäissen. Ech wees net wivill Videoen datt ech mir angekuckt han fir rauszefannen wie een eng Website baut. An ëmmer rem bei Lékt noogefrooscht die mi dovan kennen wie ech. An gegoogelt watt die ganz Ausdréck bedeiten. Irgendwie hat et äwer geklappt, an ech han et zimlëch ordentlich hinkrii.


2022

Ech han op jidde fall wëlles die Sékt hei na mi auszebauen. Am Moment se Grondrezepter op menger Sékt, am loof vam nächsten Joer wärten o ëmmer mi nei Rezepter dobäi kommen. O fir ze kooschen brausch een bëssen Grondwëssen. Ob jidde fall wärt die Sékt hei net irgendwu verschwannen.

An soos loossen ech mech iwerraschen watt datt nächst Joer brengt. 

Ëch wënschen jidferengem, sching Chrëstdeeg an eent goud Neit Joer

Josiane Rinnen

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*