Pfannkuchen, Honig, Teller, Löffel

Crêpes, Pankisch an Pancakes

De Pankisch, o bekannt als Pancake, sën platt, locker Deegflaaden, déi aus Eier, Miähl, Mëlich, bësen Salz an wann et Pancakes sen na Baaschpolwer bestinn. Sie jiänn an der Pann mat bëssen Botterschmalz gebaasch an kannen séiss oder Herzhaft sen. Bei den Amerikaner gehiiren Pancakes zum Frühstück an jiänn do mat Ahornsirup, Botter, Friischten oder Schokla zervéiert. Well mir hei fransiisch angehaucht sen jiänn et bei eis ischter Crêpes, ganz dënn ausgebaaschen Deegflaaden, déi äwer genausu variabel sen wie Pancakes an je no Iddi séiss oder herzhaft beleit oder gefëllt jiänn.

  1. Geschicht: Pankisch sën an villen Kulturen weltwegt beléift an han eng lang Geschicht. Et fënnt een se dachs an verschidden Formen an Variatiounen, je no Regioun an Traditioun.
  2. Varianten: Et jiän vill Varianten vam Pankisch op der ganzer Welt. Crêpes kommen z.B. aus Frankreich. An den USA sen et Bottermëlich-Pankischer. De Blini kënnt aus Russland, Injera aus Äthiopien an Okonomiyaki aus Japan, fir just paar Beispiller ze nennen.
  3. Toppings an Fëllungen: Niäwent dem klassichen Topping bei eis Nutella, Hunneg oder einfasch Puderzocker, jiänn et natiirlich o déi Zorten mat Friischten, deen bekannst bei eis wahrscheinlich den Moolbiärpankisch. Mi eng herzhaft salzig Versioun jët bei eis meestens plaakisch bei enger Zopp. Trotzdeem kann een den Pankisch o mat Speck Eier a Kiis beleen.

Firwatt den Deeg ruhen loossen?

Die meest Rezepter empfehlen den Deeg fir 30 Min. ruhen ze loossen. Datt jëtt sämtlichen Zutaten Zéckt fir sech optimal ze vermëschen. Kuck ëmmer watt am Rezept steht, net all Deeg brausch eng Ruhphase.

  • Hydratioun vam Miähl: Wann den Deeg ruht han die drëchen Zutaten Zéckt, sich vollstännige mat der Flëssigkeet voll ze suckelen. Datt féiert zu engem gläichmässig hydratiséierten Deeg, deen Konsistenz vam Pankisch verbesstert.
  • Entwecklung vam Gluten: Durich Ruhen loossen hat den Gluten am Miähl Zéckt fir sech ze entspannen. Gluten as een Protein deen fir Elastizitéit zoustännig as. Ruhen verhënnert Spannungen am Deeg an mëcht Pankischer zart am platz gummiartig.
  • Et bilden sech Loftbloosen: Während dem Ruhprozess kannen sech Loftbloosen am Deeg bilden. Dodurich jëtt den Deeg locker an e geht beim baaschen besser op.
  • Aromen: Den Deeg kann während dem Ruhen Aromen aus den Zutaten ophualen, zemools wann Gewürzer oder Vanill mat angeschafft jiänn as. Et verbessert den Geschmaasch vam Pankisch.
  • Konsistenz: Durich den Ruhprozess lisst sech Konsistenz vam Deeg besser kontroléiren. Wann den Deeg ze dënn as, kann en während der Ruhphase mi deckflëssig jiänn. Dodurich lisst en sech besser verschaffen.
Suppe, Pfannkuchen, Löffel
Geméisszopp mat Wëll-Pankisch

Et jiän tatsächlich wëssenschaftlich Studien déi sech mat der perfekten Zoubereedung vam Pankisch befaasen, wie Konsitenz vam Deeg as, an wat fir eng Broottechnik die Best as.

Pankisch as eent einfascht Ässen mat enger faszinéirend variabeler an kulturell reicher Geschicht, die ganz vill interessant Facetten aanbéid,

Crêpes, Pankisch an Pancakes

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

10

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten
Ruhzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 3 Eier

  • 500 ml Mëlich (oder 250 ml Mëlich an 250 ml Sprudelwaasser)

  • 350 g Weesemiähl (Type 45 oder 55) oder Wëllkuarenmiähl “Sëlwer” (Buchweizenmehl)

  • 5 g Salz

  • Botter oder Botterschmalz fir ze brooden

  • ( 2 EL Zocker fir séiss Pankischer)

Zoubereedung

  • Eier mat der Mëlich goud verréieren. Hei kanns du o d’Halschent Sprudelwaasser hualen.
  • Miähl durich eng Passett dobäi jiänn an mam Salz zu engem glatten Deeg verréieren. Datt geht am besten mam Handmixer. 
  • Mat engem Dousch zougedeckt 30 Min. ruhen lossen.
  • Botter oder Botterschmalz an eng waarem beschicht Pann jiänn, an 1 Lousch Deeg an Pann jiänn. En soll van all Sékt goldigbrong gebrooden sen.
  • Mëchs du lo Zocker mat dran, dann virtischt Eier mam Zocker schaumig schloen, an dann de Rest wie Uawen beschriwen dobäi jiänn.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*