Paprikagulasch mat Kalefsfleesch

Heinsdo rëcht et an der Këchen su intensiv, datt een baal verjiësst datt een doheem ass, an net irgendwu rondrëm eent Feier iwert deem eent Dëppen hängt, datt no Paprika, Fleesch an Gedold rëcht. Genau do fänkt meng Geschicht van hokt aan, Paprikagulasch. Äwer net irgendeen, ech han hokt Kalefsfleesch gehollt fir dësem Klassiker mi Zart an modern Nuancen ze jiän.

Wu hat alles aagefongen

Gulasch, oder wie et an Ungarn heescht, gulyás, wor ursprünglich keent Schmoorässen fir deen festlich gedeckten Dësch. Et wor datt einfascht Ässen van den Hirten. Am 17ten an 18ten Joerhonnert, sen Hirten mam Véih durich Puszta gezujien. Sie brauschten jiät zässen, datt een dobaussen zoubereeden konnt, mat Zutaten déi lang haltbar woren. Also ass gedrëchent Fleesch an den Ansatz kommen, mat Ënnen, Schmalz, Waasser an spéiter Paprika an Dëppen kommen. Den Doft wor deemools wahrscheinlich manner fein, ischter erdig, kräftig mat Reecheraroma.

Paprika, hokt d’Härz van dësem Ässen, wor lang gar net dobäi. Rischt während dem 18ten Joerhonnert, noodeems d’Planz an Europa aankommen ass, ass sie zum ungarischen Gold jiän. Aafangs als Zierplanz, hat sie sech siier zu engem van deen wichtigsten Gewürzer aus Ungarn entweckelt, bëllig, wiärmend, aromatisch, charakterstarik.

An su hat sech deen einfaschen Hirteneintopf gemellig an jiät entweckelt, datt hokt an baal all europäischem Haushalt an irgendenger Form bekannt ass. Paprikagulasch, Randsgulasch, Pörkölt, Tokány. D’Grenzen verschwannen, äwer d’Séil bleift selwischt, eent Schmoorässen, datt Zekt brausch, fir d’Léift ze entfaalen.

Deen feinen Ënnerscheed, Kalef am platz Rand

Wann een hokt van Gulasch schwätzt, denkt een automatisch aan Rand oder Schweng. D’Kaleffleesch brengt äwer fazinéiernd Facetten an d’Spill.

Kalefsfleesch ass mi mëll, mi fein an der Faser, an hat eng mi hell Faaref, ausserdeem hat et die mëll, botterig Zaartheet, déi sech wonnerbar mam Goût vam Paprika verbënnt. Während Rand am Gulach jiären mat enger donkler, erdiger Inensitéit glänzt, lisst d’Kalefsfleesch dësen Menü mi liit, baal elegant wiriken.

Historisch, wor Kalefsfleesch lang eent Luxusprodukt. An deen ländlichen Këchen ass et seelen verschafft jiän, well een Kälwer léiwer zu kräftigen Ranner gezillt hat. Rischt mat der entweckelung van den Këchen an der Stadt am 19ten Joerhonnert, wie d’Ässen an den Taverne mi raffinéiert jiän sen, hat Kalefsfleesch seng Platz an den Këchen fond. Deen „feine Gulasch“ wor een Statement, net nëmmen Nahrung, mee Genosskultur.

D’Geheimnis am Dëppen

Lo jiët et spannend: Firwatt ass Gulasch, egal op Rand, Schweng oder Kalef, su goud? Hei kënnt Wëssenschaft an d’Spill

1. Maillard-Reaktioun, den Zauber vam Aanbrooden.

Wann d’Fleesch firtischt kräftig aangebrooden jiët, entsteht dësen nossig-würzigen Doft, deen een einfasch jiären hat. Chemisch gesehen handelt sech dobäi em d’Maillard-Reaktioun, benannt no deem fransiischen Chemiker Louis-Camille Maillard. Dobäi reagéiren Aminosäiren (aus dem Eiwäiss an Fleesch) mat Zockerbstanddeeler (aus den Zellen) an bilden honnerte nei Aromakomponente. D’Ergebnis ass een komplexen Goût, deen während dem Schmooren na mi intensiv jiët.

2. Kollagen jiët zu Gelatine

Kalefsfleesch enthält, je no Deelsteck, na eng ordentlich Portioun Bindegewebe. Während deem gemelligen Garen bei ronn 90-95 °C zerfällt de Kollagen an Gelatine. Dësen Gelatine suarigt fir eent wonnerbart Mondgeféihl an eng liit sämig Konsistenz van der Zooss. Oder mi einfasch gesoot, d’Fleesch jiët Botterzaart an d’Zooss krëtt Körper.

3. Paprika, Aromastoffer an d’Chemie van den Faarwen

Paprikapolwer ass net nëmmen Goût, mee o Chemie pur. Die rugs Faaref kënnt vam Carotinoiden. Dës Pigementer sen fettlieslich, datt ass de Grond firwatt een Paprika ëmmer mat bëssen Fett aanréisteren soll, bevir d’Flëssigkeet dobäi kënnt. Nëmmen su entfaalt sech d’Faaref an de Goût richtig. Dibäi duaref d’Fett äwer net ze waarem sen (max. 120 °C) soss jiët Paprikapolwer batter, een klengen äwer entscheedenden Ënnerscheed zwëchen enge, gelongen an engem mësslongenen Gulasch.

4. Ënnen als Emulgator

Ënnen sen die ënnerschätzt Helden vam Gulasch. Sie bilden net nëmmen Goût, mee stabiliséiren o d’Zooss. Während deem langen Schmooren zerfällen d’Zellstrukturen an setzen Pektin an Zocker fräi, déi d’Fett an d’Flëssigkeet bannen. Datt ass de Grond firwatt een rischtigen Gulasch nie getrennt oder fettig ausgesegt, et ass eng parfekt natiirlich Emulsioun.

Zwëschen Traditioun an Moderne, d’Entweckelung iwert Zekt

Kuckt een ech d’Entweckelung vam Paprikagulasch aan, gesegt een do dran eent Steck europäisch Ässkultur. Am 19ten Joerhonnert, hat de Gulasch sech iwert ganz Europa verbreet. En ass van Ungarn aus an d’Këchen van Mëtteleuropa gewandert, en ass aangepasst, verfeinert an regionaliséiert jiän.

Zu Wien ass doraus z.B. de „Wiener Saftgulasch“ jiän, mi donkel, mat mi Ënnen an ouni Schmand. An Bayern ass Kümmel dobäi kommen, an anner Regiounen Majoran. De Gulasch hat sech zu engem Sonndes-Schmoorässen entweckelt, mat rugdem Weng an Lorbeer. Rand an Schweng han zu där Zekt d’Hauptroll gespillt. Rischt die modern Këchen hat Kalefsfleesch verschafft an eent klassischt Rezept nei interpretéiert.

De Koosch van hokt

Hokt kooschen ech de Paprikagulasch mat Kalefsfleesch, et ass bëssen wie wann een sech an 2 Welten bewegt: Randsgulasch, deen stonnenlang gemütlich schmoort, an die modern Këchen déi jiären experimentéiert, spillt an Texturen kombinéiert.

Ech fänken aan mam Flesch, datt han ech well owes vridraan gesalzen, datt brooden ech kräftig am Botterschmalz aan, su datt et all rondrëm brong jiët, an setzen et dann op Segt bis ech et brausch. An deem selwischten Fett, ech well jo näist van den Röstaromen verschwenden, brooden ech op mëttel Hëtzt Ënnen, vill Ënnen aan, bis se mëll an brong sen. Do drënner mëschen ech dann gewürfelten oder an Sträifen geschniddenen Paprika, ech hualen dachs eng Mëschung aus rugd an jiäll, heisndo o gréin. Deen rugden an jiällen Paprika ass mi séiss, deen gréine brengt mi herb Nuancen an de Gulasch.

Wann de Paprika bis mëll ass, würzen ech mat Salz an Päffer an Paprikapolwer, an o hei hualen ech jiären eng Mëschung, edelséiss, rosenscharf an villäicht bëssen gereechter Paprikapolwer. Hei äwer oppassen, krëtt d’Paprikapolwer zevill Hëtzt jiët et batter, subal datt rëscht läschen ech datt Ganzt mat bëssen wäissem Weng aaf, jo wäissen, deen brengt Frëscheet an eng liit Säier, déi Kalefsfleesch wonnerbar ergänzen.

Ass de Weng angekooscht, mëschen ech Tomatenpürée an de Knuawelek drënner, datt réisteren ech kuurz mat aan, an schëdden dann Bréit drop. Lo leen ech d’Fleesch rëm dran an mat Deckel loossen ech de Gulasch op niddirger Hëtzt lang, ganz lang kooschen, an su verwandelt sech die einfasch Këchen an pur Emotionen.

Deen modernen Anfloss

Hokt ass Gulasch net nëmmen eent Ässen fir Sonndes oder Famljenfeieren. Et fënnt een op den Kaarten van moderne Restauranten, an Streetfood-Versiounen oder als „Gulasch-Interprtatioun“ op Fine-Dining-Telleren.

En jiët mat Polenta oder Knödel zervéiert, annerer reechen Pasta dobaï. Vegan Varianten ersetzen d’Fleesch durich Jackfruit oder Kooschelen, an sugar datt fonktionéiert erstaunlich goud, well d’Grondiddi van dësem Menï, datt gemelligt Schmooren mat Paprika an Ënnen universell bleift.

Spannend ass o, wie Wëssenschaft an Technik an d’Këchen angezujen ass, d’Sous-vide-Garen, op Niddirgetemperatur an der Vakuumtuut. Et ass eng modern Variant van deem aalen Schmorkonzept. Beim Gulasch kann een su d’Fleesch bei 68 °C Stonnelang perfekt zaart haalen, bevir et an d’Paprikazooss kënnt.

Datt hat zwar net mi deen rustikalen Flair van engem oppene Feier, et weisst äwer, datt Prinzipien zelwischt bliwen se: Gedold, Hëtzt, Goût.

Die kleng Chemie van der Harmonie

All goud Ässen hat eent Gläichgewiit, an bei dësem Gulasch ass et ang baal perfekt kulinarisch Symbiose.

Do ass datt Séisst van den Ënnen, déi sech mat der Erdigkeet vam Paprika verbënnt. Do kënnt den Umami-Goût vam aangebroodene Fleesch dobäi datt aafgronnt jiët van der Säier aus dem Weng an der Tomat.

Chemisch gesehen entsteht dobäi eent Zesaammenspill van Glutaminsäiren (aus dem Fleesch), reduzéiertem Zocker (aus den Ënnen) an Capsaicinoiden (aus dem Paprika), datt eist Gehirren als „ronn“ ophëllt. Dofir schmëscht Glulasch zu befridigend, et stimuléiert vill Geschmaaschsnerven zur gläicher Zekt, séiss, salzig, würzig, waarem, déif.

An dann jiët et na den Noogoût, datt wat als „Mouthfeel“ bezeechent jiët. De Gelatine aus dem Fleesch verdeelt sech am ganzen Mond, an bënnt d’Aromen, datt verlängert de Goût.

Fazit

Gulasch ass keen Menü deen een einfasch nëmmen kooscht, et ass een Prozess, baal eent Ritual. Et liiert een Gedold, et jiët geroosch, et jiët geschmaacht an et jiët gewaart. Genau datt ass den Zauber, su een Gulasch verbënnt Generatiounen, van Hirten aus der Pustza, bis bei eis hokt.

Kalefsfleesch brengt dobäi eng zaart Eleganz an dësen uraalen Menü. An während een die letzt Forschette genéisst, miärikt een, dëst Ässen ass Geschicht, Gegenwart an Zukunft zugläich. Een Maufel erzällt van Fréiher, den Doft erënnert aan Doheem. An een neien Gedanken ensteht, wie eent Dëst Ässen muaren villäichtna bëssen annëcht, na bëssen bësser kann maan.

Genau datt ass Këchen: nie Stëllstand. Nëmmen Goût, Geféihl an bëssen Wëssenschaft am Dëppen.

Gulasch

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

2

Stunden 

Zutaten

  • 800 g Kalefsfleesch, gewürfelt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 3 Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden

  • 2-3 Paprika, (Faarwig) graff gewürfelt oder an Sträifen geschnidden

  • Salz

  • Päffer

  • 150 ml wäissen Wéng

  • 1 EL Tomatenpürée

  • 4 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 1 EL Paprikapolwer, edelsüss

  • 1 TL Paprikapolwer, rosenscharf oder gereechert Paprikapolwer

  • 400 ml Randsbréit

  • 1 Lorbeerblaad

  • Optional: bëssen Sauerrahm fir aafzeronnen

Zoubereedung

  • Fleesch, han ech well deen Owend vridraan gesalzen an am Frigo durich zéihen geloss. Has du die Zekt net, Salz dengt Fleesch an lossen et ongeféier 30 Min, durich zéihen.
  • An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch do dran all rondrëm goldbong aan, würzen mat Päffer an datt hualen ech raus dann stellen et op Segt bis ech et brausch.
  • D’Hëtzt driien ech raaf an, an deem selwischten Fett brooden ech d’Ënnen, bis se mëll an brong sen.
  • Do drënner mëschen dann de Paprika an brooden den mat, datt würzen ech dann mat Salz, Päffer an dem Paprikapolwer, datt réisteren ech kuurz mat aan.
  • Subal de Paprikapolwer aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mam Weng aaf, deen loossen ech ganz ankooschen.
  • TIPP aus menger Këchen: Du kanns dir de Wéng opdeelen an datt Ganzt 2 mol reduzéiren loossen, su entstinn na mi Röstaromen an na mi Goût.
  • Als nächst mëschen ech den Tomatenpürée an de Knuawelek drënner an brooden alles kuurz mat aan.
  • Do drop schëdden ech dann d’Bréit, leen Lorbeerblaad an d’Fleesch dran an mat Deckel lossen ech de Gulasch op niddirger Hëtzt ongeféier 1,5 bis 2 Stonnen kooschen.
  • Zum Schluss, schmaaschen, evtl. na nowürzen an mat bëssen Sauerrahm verfeineren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*