Angeleiten Ënnen oder Schalotten

Hokt hualen ech dech mat ant d’Welt van deen angeleiten Ënnen oder Schalotten – engem kulinarischen Wonner, datt net nëmmen goud schmëscht mais o jätt fir d’Au ass! Angeleiten Ënnen oder Schalotten sen net nëmmen eng grussartig Miilischkeet, frësch Ënnen haltbar ze maan, mais sie jänn all Ässen een erfrëschend säierlichen Goût, ausserdeem brengen sie eng gewëss Knusperigkeet mat déi dengem Ässen na eng zousätzlich Textur jänn kann.

Dës köstlich Ënnen han eng lang Geschicht an sen een festen Bestanddeel an villen Kulturen. Van deen sauren Ënnen, déi die mexikanisch Këchen begleet bis zu deen séissen, an Essig angleiten Ënnen an britischen Pubs, féilen sech dës Ënnen iwerall doheem. Ursprünglich sen angleiten Ënnen gemaat jänn fir se iwert den Wanter ze konservéiren, hokt sen sie een beléiften Topping op Burgeren, Zalooten, Tacos an na vill mi.

Angeleiten Ënnen ass eng van deen älsten Konservéirungsarten, déi bis an die antik Welt zeréckreecht. Well d’Réimer an d’Griechen han angeleiten Liäwensmëttel geschätzt an domatt hir Menüer opgewiärt. An Europa sen angeleiten Ënnen am Mëttelalter populär jänn, zu där Zéckt wie den Essig als Konservéirungsmëttel verfügbar jänn ass.

Ségt där Zéckt hat sech vill verännert an d’Rezepter han sech vriaan entwéckelt.

Mat mengem Rezept has du ganz siier angeleiten Ënnen oder Schalotten zoubereet, an si wiärten net nëmmen dengt Ässen op! An eent schingt Glas angefëllt sen sie durichaus eent Geschenk, datt sech bei Familjen an Frënn weisen lossen kann.

Watt fir eng Ënnen hualen ech?

Du kanns all Ënn hualen déi dir schmëscht, hei fënns du eng kuurz Erklärung iwert deen feinen Ënnerscheed zwëschen deen verschidden Zorten.

Rugd Ënnen

  • Die rud Ënnen han een mi mëllen séissen Goût an loossen sech goud rii Ässen. Sie passen mat hirer schinger moofer Faaref an Zalooten, Zoppen an na vill mi.

Wäiss Ënnen

  • Wäiss Ënnen jänn am meesten am süden van Europa verschafft. Sie han eng fein, dënn Schaal an eegnen sech mat hirem séissen Aroma fir Zalooten, Marinaden an hell Zoossen,

Jiäll Ënnnen

  • Die normal jiäll Ënn, wie mir se kennen, hat een scharefen kräftigen Geschmaasch. Sie jëtt dachs als déi gewéinlich Haushaltsënn bezeechent. Sie passen goud an eent geschmoorten Ässen oder an deftig Zoppen. Et ass déi Ënn, die bei eis am meesten verschafft jëtt.

D’Geméissënn

  • D’Geméissënn ass eng besonnisch déck Ënn, déi een Durchmässer van bis zu 15 cm an eent Gewiit bis 1,5 kg erreechen kann. Sie sen mëll am Goût an eegnen sech besonnisch goud fir gefëllten Ënnen oder “Onionrings” ze maan.

D’Schalotten

  • D’Schalotten sen mi kleng wie die gewéinlich Ënn, han eng länglich Form an eng zaart rosa Faaref. D’Schalotten zällen zu deen “Edelen” ënnert den Ënnen an han een feinen séissen Aroma. Sie sen bëssen mi deier wie die normal Ënnen. Ech verschaffen d’Schalotten meestens an Zalooten. Sie passen äwer o goud an een Risotto oder eng siier gekooschten Zooss. All ze kräftig soll een d’Schalotten äwer net aanbrooden, well se dann jären een batteren Goût entwéckelen.

D’Frühlingszwibbelen

  • Bei enger Frühlingszwibbel jänn Knoll, déi bëssen mi scharef ass, an d’Stängele verschafft. Sie han een mëllen Goût an et kann een se goud rii Ässen. Sie sen am Geméissfasch am Frigo ongeféier 1 Woosch haltbar, wanns du se an eent fiit Handdousch anwéckels verlängert sech Haltbarkeet. D’Knollen verschaffen ech meestens an mengen Ässen an die gréin Stängel als Topping oder fir Garnitur.

Zutaten fir meng angeleiten Ënnen

Variant 1

Mat nëmmen 3 Zutaten has du ganz siier eent Glas voll köstlich angeleiten Ënnen an denger Spënchen oder Frigo stoen. D’Hauptroll spillen hei natiilrlech die rugd Ënnen, fir datt alles na besser schmëscht duaref Knuawléck net fehlen. An fir alles haltbar ze maan hualen ech Wäissenwéngessig.

Verfeinern kanns du dës Variant mat Lorbeerbläder, Neelcheskäpp an/oder Thymian.

Variant 2

Fir dës Variant hualen ech rugd Ënnen, Knuawléck, Wäissenwéngessig, Waasser, Hunnig oder Zocker, Salz an Pefferkären, Lorbeerbläder an wanns du et jären mi scharef has Chiliflocken.

Ausserdeem brausch ech na eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, d’Mandoline an een propert Glas.

Zoubereedung

Variant 1

Datt ischt watt ech maan, am kooschendem Waasser steriliséiren ech meng Glas. Hëlls du eent Glas mat Gummirank deen o am kooschenden Waasser steriliséiren.

D’Ënnen an den Knuawkléck schiälen ech an schnégden alles op der Mandoline an dënn Scheiwen.

Datt fëllen ech alles an datt propert Glas, an schëdden Wäissenwéngessig drop bis alles bedeckt as. D’Glas verschléissen ech an setzen et op eng donkle kéil Platz wu ech et 7 bis 14 Deeg durich zéien loossen.

Variant 2

Firtischt wie bei der 1 Variant Glas steriliséiren.

D’Ënnen an den Knuawkléck schiälen ech an schnégden alles op der Mandolin an dënn Scheiwen.

An engem Dëppen setze ech den Essig mam Waasser an dem Salz, (hëlls du Zocker deen o direkt mat dran aan), op an erhëtzen et op niddriger Hëtzt bis sech d’Salz (an evtl. den Zocker) ganz opgeliesst hat. Dëppen zéien ech van der Plaque an mëschen dann den Hunnig drënner réiren alles goud bis deen sech ganz opgeliesst hat.

D’Ënnen an den Knuawléck fëllen ech mat den Lorbeerbläder, den Pefferkären an evtl. den Chiliflocken an datt propert Glas.

Die waarem Flëssigkeet schëdden ech dann ant Glas, verschléissen et fest an loossen et komplett aafkéilen. Wann alles aafgekéilt ass, Glas an den Frigo stellen an op mannst 24 Stonnen durich zéihen loossen.

Tipps:

  • Gedold: Watt d’Ënnen mi lang am Essig zéien watt den Goût mi intensiv jëtt. O wann die 2. Variant no 24 Stonnen well goud schmëscht. jänn se besser wann se mi lang zéien.
  • Experimentéier: bei denn 2 Varianten kanns du mat Gewürzer an Krégder experimentéiren, fir su deng perfekt Mëschung ze fannen.
  • O wann et villäicht goud klengt, hual keen Balsamico-Essig, d’Ënnen fiärwen sech donkel an den Goût verännert sech extrem.

Varianten

Die mexikanisch Variant: Hual eng Mëschung aus Limettensaaft an Waasser am Platz vam Essig an mësch Jalapeñosscheiwen mat drënner.

Die britisch Variant: Kleng Perlënnen jänn dachs an een Malzessig mat Mostertkären angeleit an sen een beléiften Snack.

Südasiatisch Variant: Mësch Mosterkären, Fenschelsoom an Kurkuma drënner, fir dengen Ënnen een indischen Flair ze jänn.

Angeleiten Ënnen oder Schalotten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

10

Minuten

Zutaten

  • Variant 1
  • 300 g rugd Ënnen, an dënn Ronselen geschnidden

  • 3 Ziiwen Knuawléck, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 0,5 L Wäissewéngessig

  • Variant 2
  • 300 g rugd Ënnen, an dënn Ronselen geschnidden

  • 3 Ziiwen Knuawléck, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 250 ml Wäissenwéngessig

  • 250 ml Waasser

  • 15 g Salz (ca. 1 EL)

  • 1-2 EL Hunnig

  • 2 Lorbeerbläder

  • 1 Tl schwarz Pefferkären

  • 1 TL Chiliflocken

Zoubereedung

  • Variant 1
  • D’Ënnen an den Knuawléck an eent sterilt Glas fëllen.
  • Mam Essig opfëllen, fest verschléissen an op enger donkler kéiler Platz 1-2 Wooschen durich zéien loossen.
  • Du kanns dësen Essig na opwiärten wanns du 1 Thymianast, 1 Lorbeerblaad an 1 Neechleskapp mat dran mëchs.
  • Variant 2
  • D’Ënnen, den Knuawkléck, Lorbeerbläder, Pefferkären an Chiliflocken an eent sterilt Glas fëllen.
  • Den Essig mam Waaser an dem Salz opsetzen an op niddriger Hëtzt su lang erhëtzen bis Salz sech opgeliesst hat.
  • Dëppen van der Plaque zéien an den Hunnig ënnermëschen, su lang réiren bis deen sech komplett opgeliesst hat.
  • Die waarem Flëssigkeet op d’Ënnen schëdden, Glas fest verschléiessen an komplett aafkéilen loossen.
  • D’Glas am Frigo op mannst 24 Stonnen durich zéien loossen, wat mi lang watt d’Ënnen besser jänn.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*