Baconaise

Wann die waarem Deeg kommen, as et aan der Zéckt fir ze grillen, mat der Familjen, mat Frënn, fir gesellig Momenter am Freien ze verbrengen. Natirlech duarefen do Zoossen net fehlen. Et jëtt na bëssen mi wie nëmmen Mayonnaise, Ketchup, Andalouse oder Mostert.

Viraan allem sen die selwer gemaaten die Best. Wat bei mir om Grilldësch net fehlen duaref as meng Ranchzooss– eng würzig Zooss mat frëschen Krégder, Knuawléck, Schalotten, Joghurt, Sauerrahm, Mayonnaise an Mostert.

Hei as eent Rezept van enger Baconaise.

Dofir brausch ech:

  • Eijäll
  • Mostert á l’ancienne (mat Kären)
  • Rugdewéngessig
  • Ualeg
  • Knuawléck
  • Speckscheiwen (Bacon)
  • gehackten Péitersilich
  • Salz & Peffer

Zoubereedung

Du kanns den Speck well direkt kleng schnégden, du kanns en äwer o an ganzen Scheiwen knusperig brooden. Om Këchenpapeier loossen ech deen daan aafdrëpsen. Wanns du lo Speck has, deen vill Fett zéiht, kanns du datt bëssen aafkéilen loossen an mat an der Mayonnaise verschaffen. Filter Fett just virdraan.

Eijäll, de Mostert, halschent vam Essig, Salz an Peffer maan ech eng Schossel an vermëschen alles goud mateneen. Dann schëdden ech, ënner stännigem réiren den Ualeg drop, bis et eng Mayonnaise as. Hei dann o Fett vam Speck mat anschaffen. Pass dann just Mooss vam Ualeg aan. Wann et ze fest jëtt schëdden ech na deen rest Essig dobäi. Den Ualeg soll ganz angeschafft jiänn, fir eng stabil Emilsioun ze erhalen. Fir datt Mayonnaise mi lang haltbar jëtt, mëschen ech zum Schluss 2-3 EL kooschend Waasser drënner.

Deen aafgekéilten Speck, den Knuawléck an de Péitersilich hacken ech fein, deen jëtt zum Schluss drënner gemëscht. Fir bëssen mi Feier han ech na eng Messerspëtz Chilipurée drënner gemëscht.

Summer – Grillen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 100 g Speckscheiwen

  • 2 Eijäll

  • 1 TL Mostert á l’ancienne (mat Kären)

  • 30 ml Rugdewéngessig

  • Peffer & Salz

  • 350 ml Ualeg

  • 2 gehackten Ziif Knuawléck

  • 3 EL gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • De Speck an dënn Streifen schnégden an enger waarmer Pann knusperig brooden. Op Këchenpapeier aafdrëpsen loossen. Sollt den Speck vill Fett zéien deen filteren an mat ant Mayonnaise anschaffen. Dann äwer winiger Ualeg hualen.
  • Eijäll, de Mostert, Peffer, Salz an halschent vam Essig an eng Schossel maa an goud mateneen vermëschen.
  • Ënner stännigem réiren den Ualeg anschaffen bis et eng Mayonnaise as. Hei dann o Fett vam Speck mat anschaffen. Jëtt Mayonnaise ze fest deen rest Essig dobäi schëdden. De Ualeg soll ganz angeschafft jiänn fir eng stabil Emoulsioun ze erhalen.
  • Fir datt Mayonnaise mi lang haltbar bleift kann een 2-3 EL kooschend Waasser ënnermëschen.
  • Zum Schluss, de Speck fein hacken an mam Knuawléck an Péitersilich ënnermëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*