Basilikumdip

Beim Basilikum jiän et mi Zorten, deen hei am best bekannten as deen gruussen gréine Basilikum, deen et o an all Boutique frësch am Dëppechen ze koofen jëtt.

Et jëtt äwer o na deen gréine feine Basilikum, deen hat kleng, glatt hellgréin Bläder an een liit würzigen Aroma.

Oder den thailändische Basilikum, deen gréin Bläder an moof Stiller hat, en hat een liiten Aroma deen aan Estragon oder Anis erënnert.

Dann jëtt et na deen moofen Basilikum, Stiller an Bläder sen moof an en hat een liit pefferigen Aroma.

Dann jiänn et na Zorten wie den Marseiller Basilikum oder den Zitrounen Basilikum.

Der Verwendung vam Basilikum sen kaum Grenzen gesatt: Niäwent kaalem Ässen an Dips, Stoffi oder Kiiss, as den Basilikum o goud fir waaremt Ässen ze aromatiséieren. Besonnech goud ënnerstreicht den Basilikum den Eegengeschmaasch van den Tomaten.

An en passt o goud bei verschidden Obstzorten, su schmaaschen Erdbiär mat bëssen Basilikum richtig goud. Oder et mëscht een eng Panna-Cotta mat Basilikum an Erdbiär oder z.B. Mango.

Ech han hei een Dip gemaat fir bei gekooschten oder gebroodene Spargel.

Dofir brausch ech:

  • Basilikum
  • sauer Rahm
  • Rahm
  • Peffer & Salz

Gemëscht jëtt:

De Basilium wäschen, Bläder plécken an kleng hacken.

Dann einfasch alles goud mateneen vemeeschen an am Frigo 20-30 MIn. durich zéihen loossen.

Basilikumdip

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virbereeungszéckt

10

Minuten

Zutaten

  • 200 g Sauerrahm

  • 4 EL Rahm

  • Salz & Peffer

  • 1 Botte frëschen Basilikum

Zoubereedung

  • Basilikum, wäschen an Bläder plécken, kleng hacken.
  • Sauerrahm, Rahm, Peffer & Salz an de gehackten Basilikum goud vermëschen.
  • 20-30 Min. am Frigo durich zéien loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*