Broccoli-Crème-Zopp…

… mat Spinat an Iärbëssen

Heinsdo hat een su Deeg, do hat een einfasch Lost op jiät Gréines. Net unbedingt eng Zaloot, ischter jiät Waarmes, villäicht jiät Crèmiges, su jiät datt no „Ech han mir jiät goudes gekooscht“ schmëcht. Genau fir su eng Deeg ass des Zopp perfekt. Sie gesegt aus wie d’Frèihjoer am Dëppen, rëscht fantastisch an ass iwerraschend onkomplizéiert.

Virbereedung

Bevir alles an Dëppen wanndert, lungt et sech ëmmer alles virzebreeden. Datt mëcht datt eigentlicht Kooschen spéider wesentlich mi spannend.

De Broccoli zerdeelen ech an kleng Ruusen, de Stronk schiälen ech an würfelen deen kleng, deen jiët net entsuarigt deen hat graad suvill Goût wie d’Ruusen. Wann datt kleng geschnidden ass, wäschen ech et grëndlich, an loossen en goud aafdrëpsen.

D’Ënnen schiälen ech an schnegden se an graff Würfelen. De Knuawelek jiët geschiält an einfasch mam flaaschen Messer zerdreckt.

D’Gromperen schiälen ech an schnegden déi o an graff Würfelen.

De Spinat wäschen ech an wann et net graad Babyspinat ass hacken ech en graff.

Den Dill wäschen ech, rëselen drëchen an hacken deen o graff.

D’Iärbëssen hualen ech aus der Truh.

Dann fängt den Spass aan

Datt ischt wat ech maan, ech setzen eent gruust Dëppen op Plaque an erhëtzen datt mol firtischt. Wann datt bis waarem ass erhëtzen ech op mëttel Hëtzt Olivenulalig an dënsten do dran d’Ënnen, bis se mëll sen an goud rauschen, sie sollen keng Faaref aanhualen. Durich datt gemelligt brooden entweckelen sie een angenehm séissen Aroma, deen spéider die ganz Zopp drigt. Hei soll een sech wirklich bëssen Zekt hualen, d’Ënnen jiän mëll, séisslich, baal wie Gebeets.

Wann dann den Geroosch van gebroodenen Ënnen durich deng Këchen zéiht, mëschen ech de Knuawelek drënner an dënsten deen mat. Hei natiirlich bëssen oppassen, den Knuawelek verbrennt mi siier, wann datt äwer alles op niddriger Hëtzt gemaat jiët entweckelt heen o een richtig gouden Aroma. D’Ënnen an de Knuawelek salzen ech.

Datt Salz watts du am Afank ënnert deng Ässen mëchs, spart dir hanneno vill nowürzen.

D’Hëtzt driien ech bëssen rop an mëschen dann d’Gromperen drënner, durich datt liit aanréisteren fänken sie well aan Stärke fräi ze setzen, sie suarigen dofir datt Zopp crèmig jiët ouni zevill Schmand dran ze schëdden. Genausu maan ech et o mam Broccoli, liit anréisteren loossen datt mëcht die ganz Zopp mi ronn am Goût. Natiirlich passen ech op datt näist Faaref aanhëllt. Vill Zoppen jiän einfasch nëmmen gekooscht, dëst kuurzt aandënsten, nëmmen paar Min, bis een dësen waarmen, liit nossigen Geméisdoft rëcht, brengt suvil mi Goût an deng Zopp.

Gromper ass iwerigens een aalen Këchentrick, deen een an villen bäierlichen Këchen fënnt. Sie bannen Zopp ganz natiirlich. Schmand wor fréiher Luxus, also hat een mat Gromperen geschafft, vam Goût hiär ass datt sugar besser.

Lo entsteht Zopp

Do schëdden ech dann d’Waasser drop, driien Hëtzt rop an loossen Zopp opkooschen. Dann driien ech d’Hëtzt raaf an loossen Zopp su lang kooschen bis d’Gromperen an de Broccoli mëll ass. Schmaaschen an würzen meng Zopp.

Die gréin Verstiärikung

Lo kommen die frësch Zutaten dobäi, d’Iärbëssen, de Spinat an den Dill. Datt brausch alles net lang, 3-4 Min. jin dar. Su behällt d’Zopp hir sching gréin Faaref an hiren frëschen Goût. Die zaart Zutaten sollen net dugd gekooscht jiän, sie sollen frësch an liäwig bleiwen.

Dill ass eent ruhigt Krogt, an der fransiischer Këchen taucht en ischter seelen op, am Norden oder om Balkan ass en iwerall ze fannen. En passt wonnerbar bei d’Iärbëssen. Datt ass eng van deen Kombinatiounen die ganz selbstverständlich schmaaschen, obwohl een sie seelen plangt.

Püréiren

Dann püréiren ech meng Zopp, erhëtzen se schmaaschen an würzen mat Päffer an Salz. Rischt ganz zum Schluss réiren ech bëssen Schmand drënner.

TIPP aus menger Këchen: ech han se mam Püréierstaaf püréiert, sie jiët dann net ganz su fein. wanns du een Blender has, kanns du se o do dran püréiren, dann jiët sie mi crèmig an fein.

Kuurz viraam zervéiren kënnt dann na eng Sprutz Zitrounensaaft an d’Zopp. Sie hiäft d’Aromen. Sie wirikt wie eng Fënster, déi een kuurz opmëcht fir datt frësch Loft ran kënnt.

Zervéiren

Kooscht een dës Zopp kann een sech ruhig deen Moment gönnen. Eent Steck Brugd an bëssen Olivenualig réisteren, villäicht sugar mat enger opgeschniddener Ziif Knuawelek angeriwen. Paar van dësen würzigen Croûtons op der Zopp verdeelen. Datt brengt Textur.

Oder ganz fransiisch, am Botter geréisert Brugdwürfelen.

Fazit

Su Zoppen erënneren mëch ëmmer, wivill Handwiärik an deen einfaschen Saaschen stëcht. Keen gruussen TamTam, keng komplizéiert Zutaten. Nëmmen goud Geméiss, bëssen Gedold an deen richtigen Moment vir all Produkt.

Broccoli-Crème-Zopp… mat Spinat an Iärbëssen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

6

Portiounen
Virbereedung

15

Minuten
Kooschen

35

Minuten

Eng wonnerbar gréin, frësch Zopp. Broccoli, Gromperen suarigen dofir datt Zopp natiirlich bënnt. Iärbëssen an Spinat brengen Séissheet an Faaref an den Dill setz liit aromatisch Nuancen. De Schmand oder eng planzlich Alternativ wie z.B. Kokosmëlich mëcht alles ronn an crèmig.

Zutaten

  • Olivenualig

  • 2 Ënnen

  • 4 Ziiwen Knuawelek

  • 2 Gromperen

  • Salz

  • 300 g Broccoli

  • 300 g Iärbëssen

  • 150 g Spinat

  • 0,5 Botte Dill

  • 1,5 L Waasser

  • schwarze Päffer

  • 200 ml Schmand oder Kokosmëlich

  • bëssen Zitrounensaaft

Zoubereedung

  • Virbereedung
  • D’Ënnen an den Knuawelek schiälen ech. D’Ënnen schnegden ech an graff Würfelen, de KNuawelek drecken ech liit platt mam flaaschen Deel vam Messer.
  • D’Gromperen schiälen ech an schnegden se an graff Würfelen. De Broccoli zerdeelen ech an kleng Ruussen. an o de Stronk notzen ech an deems ech en schiälen, a würfelen.
  • D’Iärbëssen hualen ech aus der Truh.
  • De Spinat an den den Dill wäschen ech. Ass et keen Babyspinat hacken ech en graff, genasu maan ech et mam Dill o den hacken ech graff.
  • Kooschen
  • An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt den Olivenualig, do dran dënsten ech d’Ënnen su lang bis se mëll sen an goud rausch, ech passen äwer op datt se keng Faaref aanhualen.
  • Sen sie mëll mëschen ech de Knuawelek drënner an o deen dënsten ech grëndlich aan. passen äwer op dat en net verbrennt. Salzen datt Ganzt
  • D’Hëtzt driien ech dann bëssen rop an ech mëschen d’Gromperen drënner, déi ech ma dënsten.
  • Als nächst kënnt den Broccoli dobaï an dofir hualen ech mir paar Min. Zekt fir en aanzedënsten.
  • Verbreet sech dann deen liiten nossigen Geméissdoft an menger Këchen, driien ech d’Hëtzt rop an schëdden d’Waasser drop.
  • Zopp loossen ech eng kéier opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen se su lang kooschen bis den Broccoli an d’Gromperen mëll sen. Schmaaschen an würzen mat Salz an Päffer.
  • Lo mëschen ech den Spinat, d’Iärbëssen an den Dill drënner, datt äwer nëmmen fir 3 bis 4 Min. matkooschen.
  • Dann jiët d’Zopp püréiert, kuurz erhëtzt, na eng kéier geschmaascht an evtl. nogewürzt. Zum Schluss dann na mam Schmand oder mat Kokosmëlich verfeineren.
  • Kuurz vriaam zervéiren maan ech dann na eng Sprutz Zitrounensaaft mat dran.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*