Brootwuuscht-Gromperen-Gulasch

Wann et mol eng kéier mi siier muss goen as dëst eent einfascht Rezept. Eng siier Alternativ zu engem klassischen Gulasch deen lang kooschen muss.

Watt brausch ech?

  • Gromperen, am besten festkooschend oder vorwiegend festkooschend.
  • Ënnen
  • Brootwuuscht, oder all anner Wuuscht, sie passen all.
  • Bëssen Ualeg oder Botterschmalz fir ze brooden
  • Bréit
  • Gewürzer, brauchst du net unbedingt, wanns du eng herzhaft Bréit has, an Wuuschten sen o gewürzt brauchs du baal näis van Gewürz.
  • Rahm

Zouberreedung

Gromperen schiälen an véirelen oder an gruus Würfel schnégden.

Ënnen fein hacken.

Wuuscht an mi deck Scheiwen schnégden.

An engem waarmen Deppen Ualeg erhëtzen an d’Ënnen aanbrooden. Wann déi glasig sen, Gromperen ënnermëschen an mat aanbrooden.

Bréit drop schëdden an opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien.

An enger Pann Wuuscht kräftig aanbrooden.

Subal Gromperen mëll sen Wuuscht ënnermëschen. Schmaaschen an evtl. mat Salz an Peffer nowürzen.

Bëssen Rahm drop schëdden.

Durich Stärke an de Gromperen misst eng sämig Zooss entstannen sen, soss bëssen am kaalen Waasser opgeliessten Maizena ënnermëschen.

Ausserdem passt an dësen Gulasch na:

  • kleng gewürfelt Zoppengeméiss, mat den Gromperen an der Bréit kooschen.
  • an Würfel oder Scheiwen geschnidden Muurten.
  • Kleng geschniddene Paprika.
  • Ween et jiären scharef hat kann o bëssen Chili mat ënnermëschen.
  • An der Zooss kann o na gehackten Knuawléck an Lorbeerblaad mat gekooscht jiänn.

Hei as Basis Rezept ouni eent annert Geméiss. Du kanns o nëmmen Geméiss an Gromperen hualen an mëchs een vegetarischen Gulasch draus.

Am Platz van der Brootwuuscht, kanns du Wiischtercher oder Mettwuuscht hualen, déi brauschen dann äwer net aangeboorden ze jiänn, déi jiänn einfasch zum Schluss mat gewiäremt.

Brootwuuscht-Gromperen-Gulasch

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1,5 KG geschiält an véirel oder Würfel geschnidden Gromperen

  • 1 gehackten Ënn

  • Ualeg oder Botterschmalz fir ze brooden

  • 750 ml Fleeschbréit

  • 4 an deck Scheiwen geschnidden Brootwuuschten

  • evtl. Peffer & Salz

  • 100 ml Rahm

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen Ualeg oder Botterschmalz erhëtzen. D’Ënn aanbrooden bis se glasig as.
  • Gromperen ënnermëschen an mat aanbrooden.
  • Bréit drop schëdden, opkooschen loossen, dann Hëtzt raaf driien an Gromperen gar kooschen.
  • An enger Pann Brootwuuscht aanbrooden.
  • Subal Gromperen mëll sen, Wuuscht ënnermëschen. Schmaascen evtl. mat Salz an Peffer würzen.
  • Rahm drop schëdden.
  • Durich Stärke an de Gromperen misst eng sämig Zooss entstannen sen, wann net, einfasch 1-2 EL Maizeena an kaalem Waasser opliesen an ënnerréiren.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*