Leider fannen ech die richtisch Iwersetzung net vläicht “Poulet-Klooss”. Datt as wie mat all deene moderne Wiärder, eng einfasch gemëschten Zaloot heescht jo o net mi su, mais “Salad-Bowl” an richtisch iwersatt heescht datt o nëmmen Zalootenschossel. 😉
Chicken-Nuggets oder Poulet-Klooss??
Schwierigkeit: mëttelPortiounen
6
Virbereeungszéckt
30
MinutenKooschzéckt
15
Minuten30 Min. fir Fleesch ze marinéiren. Zousätzlich brauchst du Botterschmalz fir ze frittéiren an 2 Läfflen fir Nuggets ze formen, an bëssen Këchenpapeier.
Zutaten
600 g kleng gehackten Pouletfilet
2 kleng gewürfelt rugd Spitzpaprika
1 kleng gehackten Chilischot
3 kleng gahckten Schalotten
Peffer, Salz
80 g Miähl
50 g Parmesan
1 gepressten Ziif Knuawléck
Zoubereedung
- Nuggets han ech hogt mol bëssen annecht gemaat. Ech han de Pouletfilet kleng gehackt, gesalz an bëssen durich zéien geloss.
- dann han ech 2 rugde Spitzpaprika an 1 Chilischot kleng geschnidden an ënnert Fleesch gemëscht.
- viraan geht et mat 3 kleng geschnidden Schalotten, dofir han ech äwer eng kleng Wonnermaschin zu helef gehollt. 😉 Déi dann bei Fleesch an den Paprika jiänn an alles goud vermëscht.
- Dann han ech d’Miähl an d’Eier drënner gemëscht an alles goud durichgemëscht, mat Salz an Peffer gewürzt. Dann na de Parmesan an den Knuawléck, an datt Ganzt ongeféier 30 Min. durich zéien loossen.
- Mat Hëlef van 2 Läffelen han ech Nuggets geformt, an déi am Botterschmalz frittéiert. Die Nuggets kanns du o an der Frittös frittéiren, su bei 160 Grad. Ech han Nuggets o su firtischt gemaat an bei 140 Grad garen sie zwar ganz durich jiänn äwer net wirklich brong. 160 wor eng goud Temperatur, ouni datt se ze siier verbrennen. Op Këchenpapeier aafdrëpsen loossen.
- Dobäi han ech mir dann o eng “Salad-Bowl” gemaat mat enger würziger Vinägrette aus Schalottenessig.